Onendlech laang am Himmel?

Wa mer an den Himmel kommen, wéi laang si mer dann do? Fir emmer? Wa net fir emmer, wat kennt dono? Wann mer (respektiv d’Chreschten) onendlech laang am Himmel solle verweilen, da bréngt dat e logesche Problem mat sech: Wann den Chrescht A virun 1000 Joer gebuer an virun 900 Joer gestuerwen ass, an de Chrescht B haut gebuer gouf an an 100 jo stierft, a se dono allenzwee onendlech laang am Himmel hocken, dann ass dem Chrescht A säin onendlechen Openthalt 1000 Joer méi laang ewéi dem Chrescht B säin, wat awer net geet, well Onendlechkeet net méi laang daueren kann ewéi d’Onendlechkeet. Leit deen Probleem an der Welt oder an eisem Denken? Huet d’Chreschtentum dofir eng Léisung oder get einfach dem Härgott vertraut, datt deen dat iegendwéi am Greff huet?

Just sou e Kollateralgedanken vu menger Seminaraarbescht…

Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!

via sokrates.lu

Seit jeher verspricht die LSAP ihren Wählern die Trennung von Kirche und Staat. So ist denn auch im aktuellen LSAP-Wahlprogramm zu lesen:

„Der Staat muss die Glaubensfreiheit jedes einzelnen Menschen garantieren und dabei sicherstellen, dass keine Religion gegenüber anderen privilegiert wird. Deshalb fordert die LSAP den laizistischen Staat, der sich in Sachen Religion Neutralität auferlegt.“

In Anbetracht der Wahlniederlage der Sozialisten und Liberalen, der Stagnation der Grünen sowie dem weiteren Zuwachs der CSV könnte voreilig angenommen werden, die Trennung von Kirche und Staat müsste um weitere 5 Jahre vertagt werden. Einiges spricht gegen eine solch resignative Haltung:

- Einer ILRES-Umfrage zufolge, die am Wahlsonntag auf RTL-Radio veröffentlicht wurde, spricht sich eine deutliche Mehrheit der Luxemburger für die Trennung von Kirche und Staat aus!

- Auch sprechen sich immer mehr Katholiken gegen die eigenen Privilegien, für gerechtere weltanschauliche Verhältnisse und damit auch für die Trennung von Kirche und Staat aus, auch fortschrittlichere Kräfte innerhalb der Kirche!

- Neben der LSAP unterstützen auch die DP, die Grünen und die neu im Parlament vertretene Linke die Grundidee einer Trennung von Kirche und Staat, und auch die ADR hat sich mehrfach dafür ausgesprochen. Das ist auch eine Mehrheit im Parlament.

- Die CSV ist sicherlich nicht wegen ihrer konservativen Haltung in gesellschaftspolitischen Fragen gestärkt worden, sondern vielmehr aufgrund der Kompetenzen, die Juncker und seiner CSV in Sachen Krisen-Handling zugeschrieben werden.

- Im Rahmen der kommenden Koalitionsverhandlungen mit der CSV sollte die LSAP in dieser Frage keine falsche Bescheidenheit an den Tag legen. Da die LSAP für die CSV als einzig möglicher Regierungspartner in Frage kommt, verfügt sie trotz leichtem Wahlverlust über eine verhältnismäßig starke Verhandlungsposition.

Selbstverständlich werden wirtschaftliche, soziale und ökologische Themen die politische Agenda während der nächsten Monate und Jahre dominieren, trotzdem sollten die vielen Baustellen im Bereich der Gesellschaftspolitik nicht vernachlässigt werden! Die LSAP hat ihren Wählern versprochen, es anzupacken. Nun ist es an der Zeit, dieses Versprechen einzulösen!

Wahlfazit: Eis Demokratie ass an engem lamentabelen Zoustand

E puer Gedanken no der Wahl. Well ech nach net alles verschafft hunn, schreiwen ech einfach emol ouni Usproch op Vollstännegkeet a wahrscheinlech zimmlech subjektiv drop lass:

Zum Wahlkampf

An enger Dageszeitung konnt ech virun e puer Deeg liesen:

Im Vorfeld der diesjährigen Wahlen wurde eine Delegation eines UNO-Gremiums in Luxemburg vorstellig und informierte sich über das Majorzsystem und die Prozedur. Dies bedeutet allerdings nicht, dass die Beobachter, die zwei Stunden bei Pierre Gehlen waren, der Luxemburger Demokratie nicht trauen. Am Wahltag werden keine ausländischen Beobachter in Luxemburg sein.

Schued! Zwar ginn ech net dovun aus, dass zu Letzebuerg Wahlen gefälscht ginn, dat brauchen se och guer, well de Wahlkampf schon hiräichend genuch verfälscht ass. Ee vun de Standbeen vun enger parlamentarescher Demokratie si fräi  Wahlen an e faire Wahlkampf. Ob d’Wahlen an engem Land, an deem d’Halschend vun der Bevelkerung net wielen dierf, fräi sinn, dat well ech un deser Stell net diskutéieren. Ech well villméi op e puer Aspekter vum Wahlkampf agoen, deen a mengen Aen alles aanescht ewéi fair ofgelaf ass:

méng perséinlech Erfahrungen aus der Materialschluecht:

Fräibéier, Popcorn, Bicer, Loftballonen, Fläscheneffner asw. D’Verhältnis tescht Gadgeten an Informatiounsbrochüren, déi op engem Wahlstand de Besetzer wiesselen, fällt zimmlech extrem zu Ongonschten vum politeschen Inhalt aus. Op der Bradderie hellt dat deels esou fanatesch Zisch un, dass verschidde Leit probéieren vun hannen an de Stand anzedréngen an sech direkt aus de Keschten zervéieren. Anerer kommen a periodeschen Ofstänn, meeschtens da wa Betrieb an Oniwwersiicht herrscht, laanscht a paken alles an, wat a Reeschwäit a net aus Pabeier ass. Déi meescht Leit, déi bei e Stand kommen, sinn awer ganz frendlech a froen, op se ee Bic oder e Gummi mathuelen dierfen, an akzeptéieren och eng Informatiounsbrochüre. Wann een awer probéiert, d’Passanten direkt mat Inhalter an Informatioun unzeschwätzen, dann reagéieren déi meescht net onbedéngt onfrendlech, mee gréisstendeels ofweisend. Net verwonnerlech usech, huet e Bic jo e gewessen Netzelechkeetsgrad, während een d’Brochüren en masse schon an der Bréifboite huet. Et ginn awer och vereenzelt Leit, déi bei de Stand kommen a gezielt no engem Wahlprogramm oder enger Brochüre zu engem bestemmten Thema froen, an déi oft souguer refuséieren en anere Gadget matzehuelen. Wat mer och opgefall ass: déi äler Leit sinn tendenziell am oppensten souwuel fir Gadgeten wéi och fir Flyer.

Et ass e komescht Phänomen dat ganzt. Ech si mer na net ganz secher, wéi ech et bewäerte soll, ma ech mengen awer, dass déi Materialschluecht d’Reaktioun vun der Politik op eng Bevelkerung ass, déi u politescher Informatioun tendenziell wéineg intresséiert ass. Wann d’Leit um Inhalt net intresséiert sinn, dann muss een se mat anere Mettel köderen. Amplaz also, dass mer d’Ursaache vun dir Politikverdrossenheet bekämpfen, passe mir Parteien eis einfach un den Desinteressie un. Dat ass Schued, leider kennt een awer selwer net derlaanscht dat Spillchen matzemaan, domat bestrooft een sech just selwer. Aus deem Grond géif ech dofir plädéieren, d’Gesetz esou ze änneren, dass bei de nächste Wahlen d’Verschenke vu Gadgeten verbueden get, an d’Parteie nach just Infobrochüren verdeelen dierfen, wéi et zB haut schons an der Belsch de Fall ass. Schließlech sollte mer eis jo opgrond vun politeschen Ideen a net wéinst deem flottste Gadget wiele loossen. Anersäits mengen ech awer och, dass d’Gadgeten bei de meeschte Leit awer kaum en Afloss op d’Wahlverhalen hunn.

d’Roll vun den Zeitungen zu Letzebuerg

Doriwer hunn ech mech schon ausgiebesch beklot, ech well et hei awer nach eng Kéier ennersträichen, well et, wat d’Wahl méi no geréckelt ass, emmer méi krass gin ass. Eis 3 grouss Dageszeitungen d’Wort, d’Tageblatt an de Journal (déi franséischsproocheg kann ech net beurdeelen) waren ennerschiedlech staark zu rengen Propaganda-Instrumenter verkomm, wat – an dat ass jo näischt neits – doru leit, dass se parteigebonne sinn. Lo ass et jo sou, dass e Journalist oder e Medium politesch ni komplett neutral ka sinn, well ee nu mol net laanscht eng perséinlech Meenung komme kann. Dat ass net just zu Letzebuerg de Fall, mee och am Ausland. A kengem vun eise Nopeschlänner sinn déi dominant Medien awer därmoossen parteigebonne wéi zu Letzebuerg. Wann een d’Zeitung vun der Partei X opgeschloen huet, sou ass een am nationalen Deel quasi just nach mat Standpunkter, Porträten a Fotoen vun de Kandidaten vun der Partei X konfrontéiert gin. Lo kéint ee soen: journalistesch Fräiheet, fräi Meenungsäusserung etc. Domat maachen déi Zeitungen et sech awer ze einfach. D’Medien hunn d’Verantwortung grat a Wahlkampfzäiten dem Lieser eng fair an objektiv Berichterstattung z’offréieren. Dat ass e liewenswichtegt Instrument vun enger Demokratie, dat zu Letzebuerg konsequent a schamlos mat Féiss getreppelt get. Déi geschriwwe Presse verfälscht de politesche Wettbewerb maßgeblech. Vun engem faire Wahlkampf kann do net méi riets sinn. An deem Kontext géif et mech och emol intresséieren, wéi déi ganz Propaganda an den Zeitungen no de Wahlen am Kader vun der Parteiefinanzéierung a Wahlkampfkäschten behandelt get. Et kléng vläit e bessen dramatesch, mee Letzebuerg kann ennert deene Bedingungen, also wann een e faire Wahlkampf a politesche Wettbewerb als Kritere fir eng Demokratie unerkennt, net als vollwäerteg Demokratie gellen. Natierlech intresséiert dat kaum een, virun allem déi Parteien net, déi vun deenen Defiziter profitéieren.

zum Resultat

Ech sin enttäuscht iwwert den Ausgang vun de Wahlen. Eist Resultat ass ok, mer hu minimal dobäigewonnen, a sinn domat déi eenzeg (bis dohin) am Parlament vertrueden Partei, déi der Iwwermuecht vun der CSV standhale konnt. Eist Ziel, den 3. Setz am Süden, konnte mer net erreeschen, dat ass awer eis eege Schold. Mer hunn eis sozial Fuerderungen am Süde net genuch am Wahlkampf manifestéiert an d’Konzept vum Green New Deal ass an deem Kontext wuel ze theoretesch bliwen. Gläichzäiteg hunn déi Lénk hier Héischbuerg am Süden, sou dass de Setz dun u si gaang ass. Natierlech hätt ech léiwer, mär hätten e kritt, mee dem Hoffmanns Änder gönnen ech en. Hien ass ganz secher och eng Beräicherung fir d’Chamber.

Frou sinn ech natierlech och, dass d’ADR sou eng bei d’Läffele kruut: gutt geschwächt, gutt verschold a mam Kartheiser e gudde Kabarettist an der Chamber. Déi Stemme si natierlech un d’CSV gewandert, an do leit d’Tragik vun deem Wahlresultat. D’CSV hat 2004 scho méi Mandater, wéi se et eigentlech verdéngt hat. Et fehlen elo nach just 4 Mandater bis zur absoluter Majoritéit. An enger pluralistescher (also net 2-Parteie-System) Demokratie ass sou eng Iwwermuecht eng Katastrophe fir de politesche Wettbewerb. Wourun leit dat? Zum enge wuel secher um Juncker. Wéi ech et scho virun der Wahl gesot hun kann een d’Verhältnis tescht Juncker an de Letzebuerger vergläiche mat deem tescht de klenge Riedecher um Velo an engem Kannt dat Velo fuere léiert. Et ass fest dovun iwwerzeegt, dass et ouni d’Riedecher net geet an direkt op d’Panz fällt. Sou mengt de Letzebuerger, grat a Krisenzäiten, dass mer ouni Juncker an en déift schwaarzt Lach falen. De Juncker versprecht de sechere Wee, an d’Leit gleewen dat. Einfach esou. D’Leit. – Mer hu jo eng Wahlpflicht, dat heescht d’Leit gi gezwonge wielen ze goen. Ech fannen mer sollte mol eng Kéier eng Pflichtprüfung iwwert politesch Bildung fir all Wahlverpflichteten maachen; net fir festzeleeen, wien wielen dierf a wien net, mee fir ze kucken, wien verantwortungsbewosst wielen kann, a wien net. Am Wahlkampf kennt ee jo a Kontakt mat ville Leit, an do si Nummeren dobäi, dat gleeft ee net, wann een et net selwer erliewt huet. Ech géif kee Mensch als politesch ongebild verurdeele just well en eng aner politesch Meenung huet wéi ech, mee iwwert d’Halschend vun deene Leit, mat deenen ech op Stänn an aneren Events geschwat hunn, haten wat Politik betrefft keng Ahnung vun Tuten a Blosen. 1 Woch virun der Wahl wosst sou munchen guer net, dass iwwerhapt eng Wahl wier. Ennert deene waren der och e puer dobäi, déi net wosste, wat dat wier… (déi Extreemfäll sin awer glécklecherweis eng ganz kleng Minoritéit) Vläit sollt een dat net soen, mee ech mengen awer, dass e groussen Deel vun eiser Bevelkerung guer net wees, wat en do mecht. Et ass natierlech de Leit hirt gutt Recht, sech net fir Politik ze intresséieren, mee wann se dann wéinst der Wahlpflicht mat Astellungen wéi “mäin Mann mecht dat fir mech” oder “ech hunn déi nach emmer gewielt” wielen ginn, dann brauch ee sech iwwert guer näischt méi ze wonneren. Erstaunlech ass och, dass den Interessi u politeschen Inhalter mam Alter ofhellt. Déijéineg, déi gezielt no Positiounen froen kommen, si gréisstendeels Éischtwieler.

Eng aner Entwécklung sinn dann d’Verloschter vun de Sozialisten, virun allem am Süden, wou se an hiren Héischbuergen deelweis dramatesch verluer hunn, 10% Leschtestemmen a méi. D’Ursaach dofir ass ganz secher net just, d’Tatsach, dass de klenge Koalitiounspartner “traditionell” verléiert zu Letzebuerg, villméi ass d’Sozialdemokratie europawäit an enger schlemmer Kris. D’LSAP huet a kengem Politikfeld d’Nues fir oder eppes ze bidde, wat soss keng Partei huet. Se ass och keng politesch Alternativ méi zur CSV, mee just nach eng vun de klenge Parteien, ee vun de Sateliten, déi ronderem eist Zentralgestirn flatteren. Wisou d’Sozialdemokratie an der Kris ass, hat ech hei schon eng Kéier geschriwwen.

Dat Resultat bedäit awer och, dass déi konservativ gestärkt gi sinn an déi fortschrettlech Parteien, wat d’Gesellschaftspolitik betrefft, geschwächt gi sinn. Dat ass mat Bléck op d’Gesellschaftspolitik awer net bewosst geschitt, mee éischter eng Niewewierkung vum Wahlverhalen a Froen wéi Wirtschaftspolitik, Krisemanagement an Personalien. Laut enger Emfro vun Ilres, déi um Wahlsonndeg vereffentlecht ginn ass, ass anscheinend eng Majoritéit vun de Letzebuerger fir d’Trennung vu Kierch a Stat. Ech konnt dat awer bis elo na néierens noliesen, wees een do vläit méi?

Wat d’Europawahl (europawäit) betrefft, ass d’Resultat natierlech nach vill méi batter wéi zu Letzebuerg. Als eenzeg lénks an europafrendlech Partei konnten déi Gréng zwar hirt Resultat däitlech verbesseren, a verschiddene Länner, wéi zB Frankräich an d’Belsch, mat deels bombastesche Resultater. Insgesamt ass den Trend awer e staarke Rietsruck. Déi Lénk si stagnéiert, d’Sozialdemokratie huet dramatesch verluer, déi Konservativ hu massiv gewonnen an allméiglechen rietsextreemen a nationalisteschen Dreck ass an d’Parlament agezunn. Fir Europa gesäit dat ganz schlecht aus. Dee Rietsruck ass virun allem aus deem Grond problematesch, well d’Leit schäinbar elo deene Politiker als Pompjeen géint d’Kris vertrauen, déi virun e puer Méint nach zu de Brandstefter gezielt hun. Et sinn d’CSVen, déi an Europa (an an der Welt) déi neoliberal Politik ze verantworten hunn, déi d’Kris iwwerhaapt erméiglecht huet.  Grad déi sinn elo nach gestärkt ginn. An d’Lulling ass och nees do…

Fazit: Eis Demokratie ass an engem lamentabelen Zoustand.

E klengen Trouscht bei all deem ass awer déi 2. Plaz vu menger Partei bei de jonke Wieler. Laut Ilres sinn déi Gréng mat ca. 25% bei den 18-24-jähregen déi 2. stäerkst Partei ganz knapp hannert der CSV. Dorun sinn déi jonk Gréng ganz secher net onschelleg.

Souvill emol dozou.

Trennung vu Kierch a Stat (3) – d’Finanzéierung

No enger klenger Paus, dann hei elo endlech den 3. Deel zum Thema „Trennung vu Kierch a Stat“. Am éischten Deel goung et ëm de schwieregen Ëmgang mat deem Thema, am zweeten Deel ëm de Reliounsunterrecht, an elo geet et dann ëm déi eigentlech, finanziell Trennung vu Kierch a Stat.

Finanziell Privilegien

Déi finanziell Privilegien vun der Kathoulescher Kierch kennen jo bekanntlech verschidde Facetten. Eng dovun sinn d’Konventiounen tëscht Stat a Glawensgemeinschaften, duerch déi d’Personal vun der Kierch all Joer mat eppes méi wéi 20 Milliounen € finanzéiert get.

Graff betruecht ass et esou, dass all Bierger oder Steierzueler (virun allem) d’kathoulesch Kierch matfinanzéiere muss, ganz onofhängeg dovun, ob e Member vun dir Kierch ass, gleeweg ass, oder mat hire politeschen Aussoen d’accord ass oder net.

De Probleem besteet elo doran, dass d’Verdeelung vun deene Gelder net representativ zu de realen Iwwerzeegungen an der Bevëlkerung geregelt ass, mee villméi kennt dat Geld bal exklusiv der kathoulescher Kierch zou, déi domat ganz kloer privilegéiert get.

Gutt, elo kéint een un dëser Stell awennen, dass jo awer anscheinend 90% vun de Lëtzebuerger Katholiken sinn, an dee Privileg domat gerechtfäerdegt. Déi 90% kommen menger Meenung no awer mat ganz grousser Wahrscheinlechkeet net dohier, dass déi Leit all därmoossen vun der kathoulescher Léier iwwerzeegt sinn – dat hu spéitstens d’Euthanasie-Debatt an d’Reaktiounen op dem Popst seng rezent Aussoen zu Homosexualitéit an AIDS bewisen – mee et leit wuel dorun, dass deene meeschten vun eis d’kathoulesch Konfessioun als onmündeg Babyen opgedrängt gouf. Ech woen dofir ze behaapten, dass mer a Wierklechkeet vill manner Katholiken zu Lëtzebuerg hunn.

E weideren Problem dobäi ass deen, dass et gutt Grënn ginn, d’kathoulesch Kierch net mat finanzéieren ze wëllen. Net nëmmen huet ee vläit näischt mat der Kierch um Hutt, mee d’Kierch ass an den Aen vu ville Leit eng méi wéi zweiwelhaft Organisatioun, fir et wuelwellend ze ëmschreiwen. D’Kierch ass diskriminéierent, intolerant, fraefeindlech, ondemokratesch, deels wessenschaftsfeindlech asw. Dat si genuch Grënn fir se net wëllen ze finanzéieren.

An eiser Verfaassung steet iwwregens, dass kee Bierger gezwongen dierf ginn, sech u reliéisen Aktivitéiten ze bedeelegen. Duerch d’Konventiounen ass een awer gezwongen, sech finanziell un den Aktivitéiten vun der Kierch ze bedeelegen. Vun dohier misst een emol iwwerpréifen, op d’Konventiounen net géint d’Verfaassung verstoussen.

Sport

Fir de Konventiounssystem ze rechtfäerdegen, vergläichen d’Kierch an d’CSV heiensto d’Finanzéierung mat dir vum Sport. Do heescht et dann, sou wéi de Stat jo och de Sport als Bestanddeel vun eiser Gesellschaft finanzéiert, sou sollt en et dach och mat der Relioun man. Dat klengt op den éischte Bléck och zimlech aliichtent, ass awer trotzdem grondleeënd falsch.

Sport a Relioun hu genau eng eenzeg Gemeinsamkeet, an dat ass déi, dass béides Privatugeleeënheete sinn, vun deenen net jiddereen profitéiert. Ënnerscheeder ginn et genuch:

Am Géigesaz zum Sport get d’Kierch ausschliisslech vum Steierzueler finanzéiert. An de Kierchegebäier get et esouwäit ech wees keng Werbeflächen fir Sponsoren an et muss ee fir eng Mass ze besichen och keen Entréesticket kafen.

Am Géigesaz zur Kierch get beim Sport och net just eng bestëmmten, kathoulesch, Equipe gesponsored, mee de Staat finanzéiert vill méi neutral Infrastrukturen, déi de Sportsbetrieb allgemeng iwwerhaapt emol erméiglechen.

Virun allem awer mecht de Sport am Géigesaz zur Kierch keng politesch Aussoen. Den Trainer vun der Fussballnationalmanschaft hält keng Chreschtdagsusproochen, an deenen hien géint d’Homosexualitéit hetzt, e mëscht sech och net an eis Gesetzgebung an bei gesellschaftspoliteschen Themen, an e rehabilitéiert och keng Holocaust-Leugner.

Et kann ee festhalen, dass de Vergläich tëscht Relioun a Sport net wierklech an der Lag ass, de Konventiounssystem ze rechtfäerdegen. Dat selwecht gelt fir all aner Excusen an „Argumenter“, well de System ass a bleift a sengem Wiesen ongerecht.

Weltanschauungssteier

Lo ass et jo esou, dass dess Debatt iwwert d’Ofschafen vun de Konventiounen säit ganz ville Joeren gefouert get, a bis zum heitegen Dag leider ouni nennenswäert Resultat. Den zentrale Grond dofir besteet menger Meenung no doran, dass d’Kierch einfach net op hir Privilegien an hir Muechtstellung an der Gesellschaft verzichte well. E weidere Grond ass awer och d’Verhalen vun de Streider fir eng Trennung, déi kompromesslos eng strikt Trennung nom franséische Model fuerderen, eng Fuerderung, déi d’Kierch ëmmer geschéckt als ze radikal a net méi zäitgeméiss ofzeweise versicht. Wien d’Trennung fuerdert gelt allgemeng als primitive Paafefresser an intoleranten Dinosaurier. Sou get et dann och heefeg vu kierchlecher Säit duergestallt.

Déi strikt Trennung ass zumindest an der Theorie sécherlech d’Ideal, trotzdem sollt een awer och iwwert méiglech Kompromëss- oder Iwwergangsléisungen nodenken a verhandelen, sou zB iwwert de Model vun der sougenannter Weltanschauungssteier, déi et dem Bierger erlaabt, selwer ze bestëmmen, éischtens op en iwwerhaapt eng Weltanschauung finanzéiere well, an zweetens, wa jo, wéi eng. Wéi sou ee Modell am Detail kéint ausgesinn, doriwwer ka sécherlech gestridde ginn, och doriwwer, op dat dann fir Lëtzebuerg eng Idealéisung oder just Kompromëss wier. Eent wier et op allefall: e grousse Fortschrëtt an e gesellschaftspolitesche Meilesteen. D’Kriteren fir e gerechte System sinn d’Selbstbestemmung vum Bierger an d’Verhältnisméissegkeet zu de realen Iwwerzeegungen an der Bevelkerung. Esouwäit ech weess ass d’Kierch bis haut ni op esou Alternativmodeller agaang, et freet ee sech wisou, bei anscheinend 90% Katholiken dierft se jo eigentlech näischt ze fäerten hunn.

Am 4. Deel geet et dann em d’Verhältnis tescht der Kierch an de Gemengen.

Wahlkampf: Nostalgie

Ech hu mer mol aus Virwetz de grénge Grondsazprogramm vun (wahrscheinlech) 1983, also dem Grennungsjoer vun de Gréngen zu Lëtzebuerg, ugekuckt. Hätten déi aner Parteien eis deemools nogelauschtert amplaz eis auszelaachen, sou stéinge mer haut vläit e Stéckelchen besser do. Hei e puer Auszich:

gruene1983Präambel

[...] Die ökologische Weltkrise verschärft sich von Tag zu Tag: die Rohstoffe verknappen sich, Giftskandal reiht sich an Giftskandal, Tiergattungen werden ausgerottet, Pflanzenarten sterben aus, Flüsse und Weltmeere verwandeln sich in Kloaken.

Die Hungerkatastrophe in der Dritten Welt nimmt die Ausmasse einer versteckten Massenvernichtung an. Die intensive industrielle Produktionsweise führt auf internationaler Ebene zu einer Arbeitsteilung, die die Länder der Dritten Welt den ausschliesslich profitorientierten transnationalen Firmen rücksichtslos ausliefert.

Eine solche Gesellschaft bürdet den nachfolgenden Generationen eine unheimliche Erbschaft auf.

[...] Ein völliger Umbruch unseres kurzfristig orientierten wirtschaftlichen Zweckdenkens ist notwendig.

[...] Ausgehend von den Naturgesetzen und insbesondere von der Erkenntnis, dass in einem begrenzten System kein unbegrenztes Wachstum möglich ist, heißt ökologische Politik, uns selbst und unsere Umwelt als Teil der Natur zu begreifen.

[...] Naturgemäss verschärfen sich in einer solchen Entwicklung die sozialen Widersprüche und Gegensätze, die es in verschleierter Form bereits vor der aktuellen Wirtschaftskrise gegeben hat. [...]

Umwelt

- Anwendung des Verursacherprinzips: pollueur-payeur

- Produktionsverfahren die Giftmüll erst gar nicht produzieren

- Die Ansiedlung neuer umweltfreundlichen Industrien soll auf dem Gelände stillgelegter Werke geschehen.

- Um aufwendige Arbeitswege, und die damit verbundenen Probleme (”Geautobunns”, Staus, Parkprobleme, Abgase etc.) zu vermeiden, sollen die auseinandergerückten Bereiche (Wohnen, Arbeiten, öffentliche Einrichtungen) wieder miteinander verbunden werden.

Wirtschaft

[...] In diesem Zusammenhang wird z.B. darüber diskutiert, welche Zukunftschancen im Rahmen einer sich immer schneller restrukturierenden Weltwirtschaft Sektoren wie die Stahlindustrie in den alten Industrieländern überhaupt noch haben, welche Möglichkeiten der Kontrolle bzw. Gegenmacht wir im Rahmen unseres Kleinstaates und/oder Westeuropas der Macht des ansässigen transnationalen Bank- und Industriekapitals überhaupt gegenüberzustellen vermögen.

[...] Auf Luxemburg bezogen bedeutet dies im Rahmen unserer Prinzipienerklärung aber auch, den Aufbau eines neuen, alternativen Wirtschafts- und Sozialprozesses in die Wege zu leiten, humane, sozial und ökologisch verantwortbare Wirtschaftsaktivitäten neu zu entwickeln und alternative Funktions- und Verwaltungsmodelle zu experimentieren.

Verkehr

Wir treten dafür ein, dass der öffentliche Transport weiter ausgebaut, attraktiver und billiger wird. Erste Schritte in diese Richtung müssen sein: Billigsttarife, wenigstens Stundentakt, flexiblere Fahrpläne und in den Städten absoluter Vorrang für Busse und Strassenbahnen. Auch für den Güterverkehr gilt: von der Strasse weg auf die Schiene.

Energie

Unsere Energieversorgung ist gekennzeichnet durch einen verschwenderischen Umgang mit den Rohstoffen [...] und ist zudem gekoppelt mit einer starken Umweltbelastung. Luxemburg ist zudem extrem abhängig vom Ausland da es selbst nur sehr wenig Energie produziert. Eine andere Energiepolitik ist notwendig, und sie ist auch möglich. Sie soll bei gleichem Lebensstandart so wenig Rohstoffe wie möglich verbrauchen und durch optimale Ausnutzung der eingesetzten Energie die masslose Verschwendung stoppen. Eine langfristige sichere Energieversorgung kann es nur geben, wenn das dazu notwendige Versorgungssystem nicht die ökologischen Lebensgrundlagen zerstört, sondern in natürliche Kreisläufe eingebunden ist. Diese Alternative wird wegen ihrer ökologischen und sozialen Verträglichkeit häufig als “sanfter Weg” bezeichnet. Seine wesentlichen Merkmale lassen sich etwa folgendermassen beschreiben:

- umweltverträglich, nicht gesundheitsgefährdend, weil in natürliche Kreisläufe eingebunden;

- sicher, weil auf natürlichen Energiequellen (Sonne, Wind, Wasser, Pflanzen) beruhend, die es geben wird, solange die Erde bewohnbar ist; und weil sich die Versorgungsstruktur auf eine Vielfalt verschiedener, wenig aufwendiger Technologien stützt;

- bedarfsorientiert, weil die Senkung des Energieverbrauchs durch optimale Nutzung im Vordergrund steht.

Nach 12 Deeg…

Ech misst soulues ufänken, meng Zäit e bessen ze rationéieren, an e besse manner Zäit drop verwenden, wéi ech meng Zäit am beschten rationéieren.

Dass ech meng Seminaraarbescht fir de 7. Juni fäerdeg hunn, fänkt lues awer sech un utopesche Charakter ze kréien.

Ech hunn elo mol awer zumindest eng Grondstruktur:

- d’Wellenfräiheet an der Philosophiegeschicht

- Fräiheet a Noutwennegkeet beim David Hume

- dem Hume seng Positioun um Préifsteen vun der Gehierfuerschung

- dem Hume seng Positioun um Préifsteen vun der heisenbergscher Onschärferelatioun

- dem Hume seng Positioun um Préifsteen vun der Chaostheorie

- Kann Kant die Freiheit retten?

Ofschléissen well ech d’Aarbecht mat engem Kapitel, dat ech dem Kant widmen, net just fir den Dozent ze befriddegen, mee och well de Kant mat séngen 4 Antinomien an der Kritik der reinen Vernunft en idealt Instrument liwwert, wéi een de Widersproch, deen a menger Aarbecht behandelt get (a wahrscheinlech net geléisst ka ginn), zumindest schéinrieden kann.  An den Antinomien beweist de Kant jeweils eng These, an deems en de Konträr widerleet, a beweist dann uschléissend d’Antithese, andeems en do och de Konträr dovun widerleet. Déi 4 Antinomien handelen vun der Onendlechkeet, der Deelbarkeet, der Fräiheet an der Existenz vun engem héigere Wiesen. A menger Aarbecht géif natierlech déi 3. agebaut ginn:

Thesis: „Die Kausalität nach Gesetzen der Natur ist nicht die einzige, aus welcher die Erscheinungen der Welt insgesamt abgeleitet werden können. Es ist noch eine Kausalität durch Freiheit zur Erklärung derselben anzunehmen notwendig.“
Antithesis: „Es ist keine Freiheit, sondern alles in der Welt geschieht lediglich nach Gesetzen der Natur.“

Jidderengem, deen sech gären mat sou philosophesche Froen “à la Onendlechkeet” beschäftegt, deem kann ech d’Antinomien nemmen empfehlen. Se sinn eng Garantie fir e Knuet am Gehier. Wou? Immanuel Kant, Kritik der reinen Vernunft, [B454/A426-B456/A428(29401)]. (d’Essenz kann een och mat ganz wéineg Kant-Kenntnisser verstoen, et ass just relativ ustrengend ze liesen, dofir awer wéineg Text, 38 Säiten)

Souvill mol dozou.

An 12 Deeg gi mer dann jo awer och wielen. Am Moment schéngt am Wahlkampf eng gewesse Ruhe vor dem Sturm ze herrschen: jiddereen hockt a Lauerstellung a wäert op eng taktesch Gaffe vum Géigner fir sech selwer an Szene ze setzen. Oder awer d’Leit si mettlerweil schon esou genervt, dass d’Parteien et fir méi produktiv halen, sech zréck ze zéihen. Fir déi Leit, déi selwer am Wahlkampf involvéiert sinn, ass et de Moment jo nach vill méi en Ausnahmezoustand. Fir de “normale Mensch” wäert den 8. Juni wuel méi oder manner en Dag wéi all anere ginn. Fir de Politiker, ganz onofhängeg vum Wahlresultat, ass et awer eng Zäsur, déi Senn-Froen opwerfe wäert, fir et e bessen iwwerdramatesch duerzestellen. Et ass dann einfach eriwer… :-)

D’LSAP-Zeitung war de Moien nees besonneg ustrengend. Normalerweis ass d’Tageblatt jo all Moien den Zocker a mengem Kaffi, de Moment awer éischter d’Salz. Ech hat et schons geschriwwen, mee ech well et nach eng Kéier soen: Wann d’Press hirer Roll als objektiven Opklärer vu vir eran net gerecht well ginn, dann brauche mer guer net vun engem fairen  Wahlkampf ze schwätzen! Ginn esou Messstänn vun internationalen Wahlbeobachter iwwerhaapt wouergeholl?

Wahlkampf: Brunft

Ab elo wäert ech all Post, deen mat Politik a Wahlen ze dinn huet mat “Wahlkampf” betitelen. Domat schafen ech dann e legale Kader fir Wahlkampf, a keen kann mer es méi virwerfen. :)

Well ech elo schons vun e puer Leit gefrot gouf, wéi ech dann de Face a Face tëscht dem Juncker a Meisch fonnt hätt, hunn ech mer dat dann elo am RTL-Video Archive ugedoen.

Mäin Fazit: De Meisch war vun der Form hir gutt, vum Inhalt onglafwierdeg. De Juncker war midd a fahrlässeg, huet déi eng oder aner “Selwerplateau-Chance” verpasst, fir de Meisch inhaltlech blouss ze stellen an als Populist ze entlarven. Alles an allem: Sendezäitverschwendung.

E puer Detailer:

“Et ass normal, dass de Chef vun der gréisster Oppositiounspartei de Regierungschef erausfuerdert.” mengt de Meisch. Aha. Déi éischt puer Minutten vum Face a Face hunn déi 2 Hirschen verbraucht, fir hiren inszenéierten Optrëtt esou krampfhaft ze rechtfäerdegen, ewéi wann se allen zwee wéissten, dass dat awer net esou normal ass, wéi se et behaapten.

Effektiv vermëttelt engem déi Episode den Androck, mer géifen eis am amerikaneschen oder engem aneren 2-Parteien/Mehrheitsdemokratie-System befannen. Dass Obama a McCain sech géigeniwwer stinn ass effektiv normal. An engem pluralisteschen System wéi Lëtzebuerg et awer ass, do sinn Elefanteronnen éischter dat Normalt. Wann een de Wahlkampf dann awer onbedéngt an eng Duellform presse well, da misst een an deem Fall jiddereen eng Kéier géint jiddereen untriede loossen. Wann een en Duell ronderëm d’Fro vum zukünftege Premier ausdroe well, dann hätt et missten wéi an Däitschland beim Kanzlerduell oflafen, hei also tëscht CSV an LSAP, woubäi ech och dat mat Bléck op e pluralistesche Parteiesystem realitéitsverzerrend fannen.

Egal, ech mengen et kann ee feststellen, dass et der DP just drems gaang ass, de scho peinlech schlechten obamesken Persounekult ëm de Meisch weider auszebauen, dat an der Hoffnung, den inhaltlechen Armut ze kachéieren.

Wou ech dann elo beim Inhalt sinn, do muss ee vir unzefänken schon emol feststellen, dass hei eng ze wirtschaftsliberal Politik vun engem nach méi wirtschaftsliberale Politiker ugegraff get. Dat féiert deen ganzen Theater inhaltlech schon ad absurdum. Den Erausfuerderer hätt misse lénk Positiounen vertrieden.

De Juncker ass ewéi eng Smarties: baussen je no Bedarf rout, gréng oder blo an am Kär schwaarz. Oder an anere Wieder: elo wou d’Leit et héiere wëllen, jäizt hien no Reguléierung a Sozialstaat, während en an de leschte Joren am Fong genee de Konträr gemat huet, zesumme mat senge Kollegen op der europäescher a weltpolitescher Bühn. Als éischt loossen se de Wirtschafts- a Finanzsystem pervertéieren, an dann wann et ze spéit ass, beschwéieren se sech, dass et esouwäit komm ass. Och am Face a Face hat de Juncker nees, säin rout Hiermchen un an huet de Meisch (zurecht) missen drun erënnert, dass och jenseits vun der sougenannter Mëttelschicht geschafft get an zum Wuel vum Land bäigedroe get. Do huet een fir ee Moment dat richtegt Gesiicht vun der DP onfräiwëlleg duerchliichte gesinn. Verpasst huet de Juncker awer d’Chance, den Här Meisch als Populist ze entlarven, wat d’Wahlverspriechen vun der DP betrëfft: Gläichzäiteg gi Steiersenkungen a Gratis Kannerbetreiung versprach. An dat an enger Situatioun, wou mer finanziell der Tendenz no suboptimal do stinn. Aus der Wirtschaftskris erausrudderen an Gratis Kannerbetreiung si Politiken, déi vill Geld an de Statskeese viraussetzen. Steiere senken ass dobäi keng Mesure, déi Statskese fëllt. Wou well DP dat Geld soss hir kréien? Massiv Statsverscholdung op d’Käschte vun den zukünftegen Steierzueler? Aner sozial Leeschtungen kierzen? Den Här Meisch schwätzt dann ëmmer vu Strukturreformen. Dat kléng gutt, a se sinn wuel och sënnvoll, just ass dat awer eng laangfristeg Mesure, wat mer awer brauchen fir aus der Kris ze kommen an gläichzäiteg och fir Gratis Kannerbetreiung unzebidden, dat si kuerzfristeg Mesuren. Alles an allem halen ech fest, dass dat, wat de Meisch sou erzielt, eng zimlech onrealistesch an populistesch Politik ass, déi hirer Clientel dat versprécht, wat se héiere well. An de Juncker ass midd, deen sollt seng Tour ofbriechen.

Huet de Mensch e fräien Wellen?

Den David Hume (1711-1776) war e schottesche Philosophe an eng zentral Gestalt vum philosopheschen Empirismus, déi philosophesch Stréimung mat dir ech mech selwer och am beschten identifizéiere kann. Meng lescht Philo-Seminaraarbecht well ech sengen Ausféierungen zur Problematik vum fräie Wellen widmen, a well ech awer liicht Startschwieregkeeten hunn, fir mech do dran ze stierzen, bloggen ech einfach emol driwer, dat an der Hoffnung op e Motivatiouns- an Inspiratiounsschub.

De fräie Wellen ass en Thema dat amfong queesch duerch d’Philosophiegeschicht ze fannen ass, an op dat mer – wéi fir philosophesch Problem vläit net anescht z’erwaarden – bis haut keng definitiv Äntwert hunn. Haut sinn et awer net méi just d’Philosophen, déi do matschwätzen, ma och d’Naturwessenschaftler, speziell a Form vun der Gehierfuerschung. Gëscht an enger Virliesung huet den Dozent an deem Kontext geschwat vun “primitiven, naiven, kulturlosen Frankenstein-Denker, déi eise Geescht op dat Materiellt reduzéiere wëllen”. Mat Bléck dorop, dass d’Gehierfuerschung dem Hume seng Positioun éischter bestätegt ewéi widderleet, hunn ech elo schon e liicht ongutt Gefill bei dir Aarbecht.

Fir unzefänken ass et wuel wichteg, kloerzestellen, dass et verschidde Virstellungen vu Fräiheete ginn. De Hume mecht dat selwer an erklärt, dass déi ganz kontrovers Debatt an éischter Ligne wéinst dir Begreffsverwirrung gefouert get. Graff betruecht ginn et 2 Zorten Fräiheet an dësem Kontext: Wellensfräiheet an Handlungsfräiheet. Déi éischt bedeit, dass mer mir selwer spontan entscheede kennen wat mir wëllen, zum Beispill op ech elo mäin rietsen oder lénken Aarm hiewe well. D’Handlungsfräiheet beseet, dass mäin Wellen sech fräi an d’Realitéit ëmsetze kann, dat heescht zum Beispill, dass ech mäin lénken Aarm och effektiv hiewe kann, wann ech dat well, a keen oder näischt mech dovun ofhällt. Fir et op de Punkt ze bréngen, de Hume seet, dass mer eng Handlungsfräiheet hunn, awer keng Wellensfräiheet.

Eng Wellensfräiheet hu mer net, well mer näischt, wat mer bewosst man, ouni Grond man. Wann ech decidéieren, enger Fra ze hëllefen, hir Kutsch eng Trap erop ze droen, dann hunn ech mech net fir déi gutt Tat entscheet a géint déi schlecht, mee ech konnt ganz einfach net anescht, well ech dozou determinéiert war. Wat huet mech dozou determinéiert? Meng charakterlech Eegenschaften a mäin soziaalt Ëmfeld, dat mäin Denken an Handelen bestëmmt. Mäin Wellen ass also am Fong weder näischt ewéi e Spigelbild vu kausale Verhältnisser, meng Handlung d’Wierkung vun enger Ursaach, engem Motiv, an dat Motiv ass definéiert duerch meng charakterlech Eegenschaften déi mat der Realitéit konfrontéiert ginn. Vergläiche kann een dat vläit mat engem Floss, deen duerch d’Landschaft leeft. Ass de Floss fräi oder net? En huet bedéngt duerch d’Naturgesetzer sécherlech kee fräie Wellen, daher d’Muecht selwer ze decidéieren, wouhin e leeft. En ass awer an deem Sënn fräi, wann e säin duerch säin Wiesen determinéierte Wee oflafen kann, ouni vun engem Staudamm oder engem Kanal behënnert ze gin. Dat alles ass elo natierlech net den authentesche Hume, mee sou wéi ech hien interpretéieren.

En Awand, deen een oft héiert: “fir ze demonstréieren, dass ech awer e fräie Wellen hunn, hiewen ech elo ee vu mengen Äerm. Deen Exercice man ech e puer mol, an hiewe scheinbar willkürlech mol deen een, mol deen aneren Aarm. Lo behaapten ech, ech hätt jo do kee Motiv gehat, e bestëmmten Aarm ze hiewen, et war also mäin fräie Wellen, deen dat beschloss huet.” Dozou seet de Hume, dass dat eng Illusioun ass. Mir hunn effektiv a ganz ville Situatiounen d’Gefill, mer hätten e fräie Wellen. De Hume mengt, dass dat dorun leit, dass eis einfach d’Aflossfaktoren, déi eis determinéieren, ni komplett bekannt sinn. E Beispill: Stelle mer eis eng Situatioun fir, wou eng Persoun an enger Hütt op den Alpen an engem Schnéistuerm festsetzt. Et bleift nach Uelech fir 24 Stonnen ze hetzen. Wat mecht se? Bleift se an der Hütt setzen an hofft, dass se vermësst get, an een Hëllef schéckt, oder riskéiert se sech selwer duerch de Schnéistuerm erof an ‘Duerf ze kämpfen? Wann mer déi Persoun guer net kennen, tendéiere mer dozou ze soen, si géif eng fräi Entscheedung treffen. Wann mer déi Persoun awer ganz gutt kennen, huele mer un et ass eisen Zwillingsbrudder, deem seng komplett Liewensgeschicht mer kennen wéi eis eegen, a vun deem mer genee wëssen, wéi en tickt, da kenne mer mat ganz grousser Wahrscheinlechkeet viraussoen, wéi eng Entscheedung en treffe wäert. D’Ëmstänn an d’Charakterzich determinéieren de Wellen. Fir elo zréck op d’Beispill mam Aarm-hiewen zréck ze kommen, do ass et natierlech vill méi schwéier fir festzestellen, wéi een Aarm gehuewe get, well d’Relevanz dovun éischtens vill méi geréng ass, an zweetens den Afloss vun internen an externen Faktoren op déi Entscheedung fir eis net méi ersiichtlech ass. Mir erkennen keng Beweggrenn oder Motiver méi a schléissen dorop, dass et sech heibäi ëm Wellensfräiheet oder Willkür handelt. Just well mer näischt erkennen, heescht dat awer net, dass näischt do ass. Vun dohir ass d’Wellensfräiheet fir de Hume eng Illusioun.

A menger Aarbecht well ech awer net just de Hume interpretéieren, mee et soll jo och eng Art Mehrwert dobäi erauskommen, dofir well ech seng Virstellung op d’Prouf stellen, an zwar an deems ech se mat modernen Theorie wéi déi vun der Chaostheorie, Quantentheoorie, Gehirfuerschung an sou weider konfrontéieren. Dat natierlech verhältnisméisseg graff, also souwäit wéi et fir een net-Naturwessenschaftler méiglech ass. Ech fannen an deem Kontext virun allem d’Chaostheorie intressant, well et do jo och genee dorëms geet, dass mer zB d’Wieder oder eng Lawin net genee determinéiere kennen, net well et net méiglech ass, mee well et eis – zumindest haut – onméiglech ass sämtlech Aflossfaktoren ze kennen, sou wéi de Hume et och mat Bléck op eise Wellen mengt.

E ganz anere Virworf, deem dem Hume oft gemat get, dat sinn d’Konsequenz fir d’Moralphilosophie an och fir d’Justiz. Wann ech a mengem Handelen kausal determinéiert sinn, kann ech dann nach responsabel gemat gi fir mäin Handelen? Wann ech dech ëm den Eck bréngen, da soen ech zu menger Verdeedegung einfach, dass ech dozou determinéiert war, et huet misse sou kommen… De Hume verstin ech hei esou: Wann sech een virun den Zuch geheit, da kann een dem Lokomotivführer jo kee Virworf man, hien hätt déi Persoun ëmbruecht huet, well et net seng Absicht war, an en et och net verhënnere konnt. Wann ech dech awer erschéissen, wells de mer aus enger bestëmmter Ursaach am Wee wars, dann hat ech ganz kloer ee Motiv. Bestrof gi mer an eisem Justizwiesen jo wéinst dem Motiv, net wéinst der Handlung. Wa mer dovun ausginn, mer wieren net determinéiert, also wellensfräi, dann bedeit dat, dass et kee Kausalverhältnis get, mee just Willkür, an domat keen Zesummenhang tëscht Motiv a Konsequenz. Ech mengen, ech muss dat nach eng Kéier noliesen, well elo wou ech et schreiwen, erschéngt et mer net immens kloer an iwwerzeegend. :-)

Ech géif vläit anescht argumentéieren: wat de Hume hei mecht, ass eng deskriptiv, erkenntnisfördernd Philosophie, a keng normativ Moralphilosophie. Wat seng Erkenntnis fir d’Moral an d’Justiz bedeit, ass hei total belanglos, et geet just ëm d’Erkenntnis. Vun dohir géing ech da soen, jo dat ass effektiv e Problem, mee just well eis dat net gefält, ännert dat näischt un der Realitéit. A weider ass et jo och esou, dass mer jo nach ëmmer d’Illusiounen vum fräie Wellen hunn, dat heescht mirmengen, dass mer fräi sinn, a wien mengt fräi ze dinn, deen ass och – zumindest ‘gefillt’ – fräi. Fir eis kennt et schlussendlech jodorop un, wat mer vun der Realitéit hunn, net wéi se wierklech ass, an dee Moment ass et just e Schäinprobleem.

Wéien Aspekt ech vun der Quantentheorie abaue soll a wéieng Positiounen vun der Gehierfuerschung (wou ech och nach guer keen Duerchbléck hunn), dat weess ech nach net. Een eng Idee oder Ureegung? Oder vläit eppes komplett aneres? Ech sinn oppe fir alles :-)

Ech hale lo mol mat schreiwen op, well et get nach vill ze liesen…

Zeitung

Et get fir mech jo kee bessere Start an den Dag ewéi sech moies mat enger gudder Taass Kaffi an d’Sonn ze setzen an d’Zeitung ze liesen. Am Moment kann ech awer kaum nach eng (lëtzebuergesch) Dageszeitung liesen. Se sinn zu rengen Partei-Propaganda-Organer mutéiert. Déi 3 méi oder manner grouss Zeitungen hu jo hir eege Partei, oder ëmgedréint. Wisou ënnerschreift een eigentlech en Ofkommes fir e fairen Wahlkampf, wou dann zB festgehal get, wéi vill Pannoen maximal dierfen opgestallt ginn, wann d’Presse (d’Haaptinformatiounsquell) engem faire Wahlkampf de Buedem ënnert de Féiss ewech zitt? Zu enger parlamentarescher Demokratie gehéiere Wahlen an zu Wahlen e Wahlkampf, wou verschidden Ideen a politesch Gesamtkonzepter géinteneen untrieden, fir dass sech de Wieler en objektivt an authentescht Bild maache kann, wéieng Partei déi iwwerzeegenst Léisungen huet. Wann de Wahlkampf awer duerch d’Roll vun de Medien strukturell verzerrt get, dann schiedegt dat och massiv d’Legitimatioun vum Wahlresultat an domat ‘Demokratie als solch. Dat kléngt elo e bëssen dramatesch, ass awer sou. Dat Phänomen besteet och an anere Länner, zu Lëtzebuerg ass et awer besonnesch staarkausgeprägt. Et ass alt gutt, dass Fernseh a Radio de Wahlkampf méi verantwortungsbewosst uginn.

Lo wou ech schon beim lamentéieren sinn…  An der Zeitung hunn ech haut eng grouss Foto vum Landeskongress vum “Foyer de la femme” gesinn. Et gesäit een do 10 Reien Leit setzen. An de Reien 10-2 setzen zu 99% Fraen. An der 1. Rei setzen zu 99% Männer. Ech si jo elo keen, dee behaapt, dass sech just Fraen firFraenrechter asetzen dierfen, sou wéi ech mech jo och als net-homosexuellen fir Homosexuellenrechter asetzen, oder wéi ee sech als “räichen Europäer” fir “aarm Afrikaner” asetze kann. Trotzdem fannen ech et mat Bléck op eis politesch Kultur immens batter, dass sech Leit wiele loossen, andeems hirenDagesoflaf während 3 Méint virun de Wahlen dora besteet, den Tageblatt-, Wort-, a Journal-Fotographen hannendrun ze lafen, fir op all Spatenstich, Aweiung, Assemblée Générale, etc. an der éischter Rei ze setzen oder ze stoen an dran ze kucken wéi wann een sech e Liewen laang fir déi Cause engagéiert hätt.

nach 3 Wochen…

… bis ech meng lescht Seminaraarbecht an der Philo muss/sollt ofginn fir schäinfräi ze sinn. A natierlech bis zu de Wahlen. D’Schäinfräiheet (2-däitegt Wuert) bedréckt mech de Moment méi, well dat alleng meng Verantwortung ass, den Ausgang vun de Wahlen net. Schäinfräiheet am anere Sënn vum Wuert ass dann och d’Thema vu menger Aarbecht. Den David Hume ass nämlech der Meenung, dass de Mënsch keng Wellensfräiheet ma just eng Handlungsfräiheet huet. Ech sinn dir Meenung och, mäin Dozent, e grousse Kant-Unhänger, net. Do muss ech mer nach eng iwwerleeën. Ech well dem Hume seng Positioun unhand vun der Quantentheorie an der Gehierfuerschung beleeën, wat viraussetzt, dass ech mech do nach e bëssen eranliesen. Dat awer huet de Wahlkampf bis elo zimlech erfollegräich ze verhënnere gewosst. Wat meng Aarbecht betrëfft, sou probéieren ech mer einfach emol um medialuz e Beispill ze huelen, wou iwwert Philo geblogt get. Ech sollt dat och man, vläit motivéiert dat effektiv e bëssen.

Wat ech awer och nach schreiwe wollt, dat ass den 3. Deel vu menger Serie (Deel 1, Deel 2) zur Trennung vu Kierch a Stat. Do géif et dann ëm d’finanziell Verhältnisser tëscht Reliounsgemeinschaften a Stat goen. An der läscht hunn ech ëmmer erëm vu Leit ewéi Francois Biltgen a Serge Wilmes héieren, mer hätte längst eng Trennung zu Lëtzebuerg. Wa mer hir Argumenter net ëmmer direkt widderleeën, an dat ass relativ einfach, dann brauche mer eis och net ze wonneren, wann d’Leit drop eran falen. Dat selwecht gëllt natierlech och fir de Wäerteunterrecht.

An dann wollt ech och nach eppes schreiwen, wisou ech iwwerhaapt bei de Wahlen kandidéieren, respektiv fir wat ech politesch stinn. Da kréien ech zwar erëm virgeworf, ech géif Wahlkampf man, mee dorop hunn ech schon eng passend Äntwert. :-)

GRAD ELO hunn ech mer dann och nach eng lëschteg Grippe agefaang, déi dat Ganzt nach zousätzlech e bësse méi spannend mecht.