Wéi ugekënnegt hei e puer Iwwerleeungen zur Popularitéit vun eisem Premierminister – dat ganzt ouni Vollstännegkeetsusproch.
„De Jean-Claude Juncker géif de Barack Obama wielen“ huet et viru kuerzem op RTL.lu geheescht. Do stellen ech mer d’Fro: Hätt hien dann de Sarkozy oder d’Royal gewielt? Géif hien d’Merkel oder de Steinmeier wielen? Dat gi mer wuel kaum gewuer, wisou och…
Heroesch a siichtlech empört huet eise Premier viru kuerzem d’Interesse vu Lëtzebuerg op France 2 verteidegt, nodeems de Journalist dunn awer en Tick ze kritesch ginn ass. Dat ass dem Juncker voll an de Laf gespillt, well dat kennt doheem gutt un. Jo hie get sech volleksno, tätschelt dem Berlusconi d’Glatz a léisst an héigen Gremien sengem lëtzebuergeschen Humor fräie Laf. Trotzdem staamt d’Zitat „D’Politik, Madame, ass kee Spill!“ vun him.
Dat beweist och säi Politikverständnis: „Wir beschließen etwas, stellen das dann in den Raum und warten einige Zeit ab, was passiert. Wenn es dann kein großes Geschrei gibt, und keine Aufstände, weil die meisten gar nicht begreifen, was da beschlossen wurde, dann machen wir weiter – Schritt für Schritt, bis es kein Zurück mehr gibt.“ (Jean Claude Juncker, luxemburgischer Premierminister, Spiegel 52/1999)
6 Joer méi spéit a kuerz virum Referendum iwwert den EU-Verfassungsvertrag – et war ausnahmsweis net un him, mee um Vollek eppes ze decidéieren – huet hien dunn gemengt, wann d’Lëtzebuerger net sou stemme géifen, wéi hie well, dann géif hien zerécktrieden. Spéider am Kontext vum Lissabon-Vertrag huet en dunn am däitsche Radio op d’Fro hin, ob Lëtzebuerg dann och eenzweete Referendum maache géif, gemengt: Nee. Darauf habe ich keine Lust.
Vir all déi Leeschtungen huet hien an der Lescht vill Präisser a Médaillë kritt. Hei eng kleng Lescht (bësse rofscrollen).
Mee wat vertrett hie politikinhaltlech eigentlech esou? Hien get sech gäre sozial, dat ass gewosst. Op der Europäescher Bühn, wou hien sech jo geleegendlech ophält, ass dat och net schwéier am Verglach zu Merkel, Sarkozy & Co. Wat huet hien dann zu Lëtzebuerg konkret um soziale Plang gemat, wat hie vun anere Politiker ofhiewe géif? Wann een sech d’Resultater vu Schoul- an Arbechtsministeren ënnert senge Regierungen ukuckt… net vill. Natierlech ass d’Sozialpolitik zu Lëtzebuerg en Tick méi gënschteg wéi an eise Nopechlänner, dat huet awer näischt mam soziale Profil vun eisem Premier ze dinn, mee éischter eppes mat eiser privilegéierter Stellung an Europa.
Ech froe mech op déi 94%, déi de Juncker laut der rezentester Ëmfro an der Bistumszeitung gutt fannen, säi politescht Profil kennen. Ech kennen et net, well ausser den Oberflächlechkeeten, déi ech hei opgezielt hunn, get ee net vill gewuer, wat den Här Juncker sou denkt. Aus kriddlegen Dossieren hält e sech jo ëmmer geschéckt eraus: Zum Thema Euthanasie huet hie gemengt, déi eng hätte Recht, mee déi aner awer och… D’gëlle Mëtt kennt ëmmer gutt un bei de Leit. Dat läit dorunn, dass vill Leit zimlech apolitesch sinn, a sech d’Fro net stellen, wou dann de gudde Mëttelwee läit tescht ‘an de Kino goen’ an ‘net an de Kino goen’. Femmgesetz, Autosteier, Schoulpolitik… wou bleift eng Positioun vum Juncker? Déi onangenehm Themen iwwerléist hie léiwer senge Ministeren, de préférence deenen, déi net der CSV ugehéieren.
Ass den Här Juncker eise gréisste Populist? Fest steet, hien ass kee schlechte Politiker. Ech géif souguer behaapten, hie wier ee geschéckte Politiker. Vläit ass e fir eis eng Art Pappegestalt: „Hien mecht dat schon… hie kritt dat an de Grëff… et ass eis mat him jo nach ëmmer gutt gaang…“ Vläit kann een d’Verhältnis tëscht dem Lëtzebuerger an dem Juncker vergläiche mam Verhältnis tëscht engem Kand, dat Vëlofuere léiert, an de klenge Riedecher hannen um Vëlo. Als Kand ass een dovun iwwerzeegt, dass een ouni déi Riedecher op guer kee Fall fuere kann. Et ass eng Saach vun der Onméiglechkeet. Wann se dann awer eng Kéier bis erof sinn, da stellt ee fest, dass et ouni vill méi flott ass, méi schnell a méi fräi.
Vir zréck zum Ufankszitat ze kommen: Genau wéi den Obama ass och de Juncker net just e Politiker, mee virun allem e Phänomen, just en anert, keent dat no fir weist, mee eent dat nohanne kuckt, nom Motto: Mir wëlle bleiwe (haale) wat mir sinn (hunn).



[...] fir de politesche Wettbewerb. Wourun leit dat? Zum enge wuel secher um Juncker. Wéi ech et scho virun der Wahl gesot hun kann een d’Verhältnis tescht Juncker an de Letzebuerger vergläiche mat deem [...]