Trennung vu Kierch a Stat (1)

Ech si nees do an ech si kee grousse Frënn vu Stress, dofir sinn ech frou, dass déi Zäit, déi elo eriwwer ass, eriwwer ass. Schued, dass et elo keng 25° dobausse sinn, sou dass ech an der Hängemat leien an e Buch liese kéint, dat ech net liese muss, mee liese well… Bis et esouwäit ass man ech einfach do weider, wou ech opgehal hunn. Ech hat elo scho säit méi laangem welles, eppes méi grousses iwwert d’Trennung vu Kierch a Stat ze schreiwen. Kee Buch mee e gréisseren Text, vläit och einfach just eng Usammlung vun Ideeën an Argumenter. Well ech keng grouss Loscht hunn, dat an engem Stéck ze man, halen ech et einfach fragmentweis fest a fügen et iergendwann zesummen. Ech fänken un mat enger Prämiss:

Wann ee Kierch a Stat trenne well, oder opmanst doriwwer diskutéiere well, da sollt een, ier een dat mécht, onbedéngt zwou aner Saache grëndlech vuneneen trennen, an zwar déi zwou Diskussiounen, engersäits iwwert d’Verhältnisser tëscht Stat a Kierchen, wat eng politesch Debatt ass, an anersäits déi iwwert d’Sennhaftegkeet vu Gott a Relioun, wat eng philosophesch Debatt ass.

En zentrale Grond, wisou allgemeng Diskussiounen iwwert d’Trennung vu Kierch a Stat oft net immens fruchtbar sinn, leit dorunner, dass déi zwou Debatten, déi philosophesch an déi politesch, oft onglécklech mateneen vermëscht ginn. Sou ass et zum Beispill net immens produktiv ze behaapten, mer bräichten eng Trennung vu Kierch a Stat, well Gott net existéiert. Genau sou falsch ass et natierlech, de Konträr ze behaapten. Weider féiert dat och dozou, dass d’Atheisten riskéieren, déi sougenannte „progressiv Chrëschten“ ze vergraulen, déi vun enger Trennung sécherlech net ofgeneigt sinn, obwuel se gleeweg sinn. Wann se allebéid bereet sinn, hir Weltanschauung an dëser politescher Fro ze desaktivéieren fir konstruktiv kennen zesummen ze schaffen, dann ass dat sécherlech méi sënnvoll ewéi wann se sech géigesäiteg wéinst hire jeeweilege „primitiven Iwwerzeegungen“ bematleeden a beleidegen. Domat well ech op kee Fall soen, dass ee Glawen net kritiséieren an entzaubere sollt, mee déi zwou Diskussiounen gehéieren getrennt, sou wéi d’Kierch an de Stat.

Am nächsten Deel geet et dann entweder iwwert d’Konventiounen oder iwwert d’Kanntsdaf, vläit get et awer och eng Argumentsammlung fir de Wäerteunterrecht (déi rezent Ëmfro vun der Kierch kann ee jo kaum sou stoe loossen), oder eppes zur sougenannter „primitiver Paafefresserei“, mol kucken.

3 Antworten

  1. [...] vu Kierch a Stat (2) - Wäerteunterrecht Veröffentlicht in 5. März 2009 von Manuel Am éischten Deel war ech op de Problem vun der Vermeschung vu philosopheschen a politesche Froen bei dësem Sujet [...]

  2. [...] ech awer och nach schreiwe wollt, dat ass den 3. Deel vu menger Serie (Deel 1, Deel 2) zur Trennung vu Kierch a Stat. Do géif et dann ëm d’finanziell Verhältnisser [...]

  3. [...] enger klenger Paus, dann hei elo endlech den 3. Deel zum Thema „Trennung vu Kierch a Stat“. Am éischten Deel goung et ëm de schwieregen Ëmgang mat deem Thema, am zweeten Deel ëm de Reliounsunterrecht, an [...]

Eine Antwort schreiben