Am éischten Deel war ech op de Problem vun der Vermeschung vu philosopheschen a politesche Froen bei dësem Sujet agaang. Haut probéieren ech dann, sou kloer an däitlech wéi méiglech op déi wuel gréissten politesch Erausfuerderung anzegoen, déi sech de Laiziste stellt, nämlech de gemeinsame Wäerteunterrecht an eise Schoulen. Déi gréisst Erausfuerderung aus deem Grond, well d’Schoul déi Plaz ass, wou d’Kierch hiren Afloss am einfachsten verdeedege kann: d’Schoul ass en Uert, dee vum Stat finanzéiert a bedriwwe get, wou sämtlech frësch an onverbrauchte Geeschter a Form vun eise Kanner ugeheeft sinn, an d’Kierch se nach just mat hire Märecher ze berieselen brauch. Déi gréisst Erausfuerderung awer och aus deem Grond, well den aktuelle System, eben d’Opdeelung an de kathoulesche Reliounsunterrecht an d’Moral Laique, deen Aspekt vum Verhältnis tëscht Kierch a Stat ass, deen de gréisste Réckhalt an der Bevëlkerung genéisst. Eng ganz grouss Majoritéit ass laut enger rezenter Ëmfro, déi de Bistum an Optrag ginn huet, fir déi Opdeelung. Wisou dat Resultat net glafwierdeg ass, a wisou mer eng eenheetlech Léisung brauchen, dat probéieren ech am Folgenden ze klären. A mengen Aen ginn et 4 zentral Argumenter, déi géint d’Opspléckung vun de Kanner a fir e gemeinsamen Wäerteunterrecht schwätzen:
1) Wëssen an der Kierch?
Als éischt muss ee sech jo d’Fro stellen, wat Relioun iwwerhaapt an enger Schoul verluer huet, déi Wëssen a Wäerter vermëttele soll. Hei get elo dacks behaapt, déi 2 Sphären vu Glawen a Wëssen kéinte sech duerchaus an der Schoul ergänzen an iwwerlappen. Dat klengt och op den éischte Bléck zimlech aliichtend, mee komm mer dréinen de Spiiss einfach emol ëm. Stelle mer eis vir, d’Schoul géif souzesoen als „Wëssensintitutioun“ den Usproch erhiewen, an der Kierch, während der Mass Phänomener wéi zB d’Schëpfungsgeschicht oder d’onbefleckt Empfängnis naturwëssenschaftlech ze hannerfroen an konsequenterweis ze widderleeën. Ech ka mer virstellen, dass de Paschtouer doriwwer net sonnerlech begeeschtert wier. Dofir sollt een dach d’Wëssen an der Schoul behalen, an ëmgedréint de Glawen an der Kierch. Relioun huet an der Schoul (Lycee) hechstens eppes a Form vun objektive Fakten iwwert Relioun am Geschichts-, Politik- oder Philosophiecour verluer.
2) Gleeweg Kanner?
Weider muss ee sech och d’Fro stellen, an dat betrëfft virun allem d’Primärschoul, wisou een de Kanner Relioun vermëttele sollt. Kanner hu mat Relioun näischt um Hutt. Kanner si philosophesch héich begaabt, mee se stelle sech net d’Fro, wisou de Jesus anscheinend um Kräiz gestuerwen a nees operstan ass, se stelle sech vill méi Froen wéi z.B. op eng Kou weess, dass se eng Kou ass, wisou ee selwer als ‘ech’ a net als Pissblumm gebuer ass, wat hannert dem Himmel ass, a wat hannert deem ass, wat hannert dem Himmel ass. Bei allem Respekt viru gleewege Chrëschten, mee fir de Jesus intresséiert sech wierklech kee Kannt. Dofir loosst eis dach d’Kanner verschoune mat Relioun a sech philosophesch fräi entwéckelen. Wann et se spéider interesséiere sollt, kennen se sech jo dann Gedanken iwwert de Jesus & Co man.
3) Zesummen oder getrennt?
Mer liewe jo an enger Zäit, déi geprägt ass vun 2 sozialen Zoustänn: éischtens eng ëmmer méi pluralistesch Gesellschaft, an zweetens eng multimedial Reiziwwerfluutung, déi virun allem Kanner a Jugendlecher betrëfft. D’Kombinatioun dovun ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Wäertevermettlung an eiser Gesellschaft, wat virun allem an der Verantwortung vun der Schoul leit. D’Schoul huet jo net just d’Aufgab, Wëssen ze vermëttelen, mee se soll d’Gesellschaft och am Enneren zesummen halen. Wann mer d’Kanner elo opgrond vun der Reliounszougehöregkeet vun hiren Elteren grad bei der Wäertevermettlung vun en een trennen, an de kathoulesche Reliounsunterrecht, d’Sammelbecken ‘Moral Laique’ a mëttlerweil ass jo och scho vun engem muslimesche Reliounsunterrecht riets, dann kann dat fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt nëmme kontraproduktiv sinn. Wesentlech méi sënnvoll wier et, d’Kanner alleguer an e gemeinsame, neutrale Wäerteunterrecht ze schécken, wou se net vuneneen getrennt sinn wéinst kënstlechen Ënnerscheeder, déi si souwisou net verstinn, mee wou se hir Gemeinsamkeete kenneléieren kennen. Insgesamt sinn sou Opdeelungen dach Schwaachsenn. Mer gi jo och net hin an deelen d’Schüler beim Philosophieunterrecht op an e platoneschen an en aristotelesche Philocours. Am Geschichtscours loosse mer d’Eltere jo och net entscheeden, op hir Kanner an eng Ostblock oder an eng Westblock Klass kommen. Dat ass evidenterweis Quatsch, mer wëllen, dass eis Kanner zesummen d’Welt sou objektiv wéi méiglech kenne léieren, a net just aus enger bestëmmter, subjektiver Perspektiv. Wisou dann net och bei der Wäertevermettlung? Grad hei wier et vu gréisster Bedeitung.
4) Wiem säin Choix?
Elo dann zu deem Argument, wat fir mech perséinlech am wichtegsten ass, a wat och weist, wisou d’Ëmfroen vum Bistum näischt aussoen. Et heescht jo, eng ganz grouss Majoritéit vun den Elteren – ech soe lo mol einfach 90% well ech déi genau Zuele net am Kapp hunn – géifen de Prinzip vun der Wahlméiglechkeet tëscht Reliounsunterrecht a ‘Moral Laique’ gutt fannen, et misst een also onbedéngt doru festhalen. Dat kléng och op den éischte Bléck zimlech aliichten, mee et sollt ee sech dach hei emol als éischt d’Fro stellen, wourems et bei der Wäertevermettlung an der Schoul iwwerhaapt geet. Geet et ëm d’Reliounszougehöregkeet vun den Elteren oder geet et ëm eng fräi a fair Entwécklung vun de Kanner? A mengen Aen sollt et ëm d’Kanner goen. Vun dohier ass dee vermeintlechen Choix ganz kloer e falsche Choix: D’Wahlméiglechkeet sollt dach net dra bestoen, dass d’Elteren hire Kanner an der ëffentlecher Schoul e weltanschauleche Stempel opdrécke kennen oder an e bestëmmten Tirang stieche kennen, dat kennen se jo schon doheem an der Privatsphäre man, neen déi Wahlméiglechkeet sollt dora bestoen, dass mer de Kanner eng gemeinsam, neutral an zollitt Wäertebasis mat op de Wee ginn, sou dass se sech fräi entwéckele kennen a spéider emol als mündeg Bierger selwer decidéiere kennen, wéi e Stempel se sech selwer opdrécke wëllen. Doran sollt de Choix bestoen! Et geet net ëm de Choix vun den Elteren, mee ëm eng fräi Entwécklung vun de Kanner, als Viraussetzung vir spéider selwer e fräie Choix treffen ze kennen. Leider ass et esou, dass sech vill Leit deem Problem net bewosst sinn, wann d’Ilres urifft. Leider mecht d’Politik och net genuch Efforten fir d’Leit doriwwer opzeklären. A Leider notzt d’Kierch dat hemmungslos aus, fir hir Privilegien weiderhin ze verdeedegen. ‘Choix’ ass kee Begrëff, deen een einfach esou an eng Diskussioun schmäisst fir dann domat automatesch Recht ze kréien. Am Géigesaz zu Froen wéi déi vun der Stierfhëllef geet et bei der Wäertevermettlung an der ëffentlecher Schoul net ëm d’perséinlech Iwwerzeegungen vum Eenzelen, virun allem net ëm déi vun den Elteren, mee et geet ëm den Zesummenhalt vun der Gesellschaft an em d’fräi Entwécklung vun eise Kanner.
Abgelegt unter : Gesellschaft, Philosophie, Politik, Reliounskritik



beschten resumé deen et zu deem thema gett!
respect
Kann dem Philippe do nëmmen zoustëmmen!
Ech si mat villem d’accord, muss dach awer e puer Remarque maachen:
Ad 1) Hei get fälschlecherweis dem Reliounsunterrecht ënnerstallt, e géif d’Schöpfungserzielung an d’Jungfrauengeburt als historesch a wëssenschaftlech Fakten duerstellen. Dat geschitt vläit an Amerika, mee wéi sot den Auteur vun desem Blog op enger anerer Plaz heizou: Déi amerikanesch Situatioun ass net op eis iwerdrobar. Déi biblesch Texter si literaresch Texter mat symboleschen Aussoen. Haaptsächlech beim éischte Schöpfungstext ass dat glasgloer, wann een eng literaresch Analys vun där Kompoitioun mecht. Et ass traureg, datt deen Dogma, dee beseet datt d’Kierch alles wuertwiertlech versteet, einfach net opgi get!
Ad 2) Et ass awer ochbevident, datt Kanner sech reliéis Froe stellen, z.B. wat geschitt nom Doud.
Ad 3) Plus ou moins d’accord.
Ad 4) idem
zu Ad1) Esou eppes get hei iwwerhapt net ennerstallt. Dee Vergläich ass, wéi heescht et sou schéin, net wuertwiertlech ze verstoen.
Et ass mer einfach drems gaang, de Widersproch tescht deenen zwou Spheren opzeweisen, an dass et besser fir déi 2 ass, wann se getrennt bleiwen.
zu Ad2) Dat ass effektiv evident, mee dat ass keng reliéis Fro, et ass eng philosophesch Fro, op déi d’Relioun eng vu ville méiglechen Äntwerte liwwert.
Ech wees net richteg, wat s de ënnert „Déi zwou Sphären trennen“ verstees.
- Wann s de domadder wëlls soen, datt dat eent eppes an der Schoul verluer huet an dat anert net, da muss ech der leider heftegst widderspriechen: Et kann net sinn, datt e Schüler, deen d’Schoul verléisst, just eppes iwert d’Evolutiounstheorie ni eppes iwert déi biblesch Schöpfungsmythen héieren huet. Wéi soll en dann duerno am spéidere Liewen zum Beispill déi ganz Ausernanersetzung tëschent den Evolutionisten an deenen topege Vertrieder vum Kreationismus an dem Intelligent Design novollzéie kënnen?
- Wann s de allerdéngs sees, datt Schöpfungsspiritualitéit an Naturwëssenschafte zwou Dimensioune sinn, vun der Wierklechkeet ze schwätzen, déi een net soll a Konkurrenz zuenee setzen, da sinn ech d’accord.
Mat 2 Sphäre mengen ech, dass Wessen a Glawe sech diametral géigeniwwer stin. Wann ech eppes gleewen, da wees ech et net, a wann ech eppes wees, da brauch ech et net ze gleewen.
[...] ech awer och nach schreiwe wollt, dat ass den 3. Deel vu menger Serie (Deel 1, Deel 2) zur Trennung vu Kierch a Stat. Do géif et dann ëm d’finanziell Verhältnisser tëscht [...]
[...] vu Kierch a Stat“. Am éischten Deel goung et ëm de schwieregen Ëmgang mat deem Thema, am zweeten Deel ëm de Reliounsunterrecht, an elo geet et dann ëm déi eigentlech, finanziell Trennung vu Kierch a [...]