„Wer hat uns verraten?“

D’Sozialdemokratie, dat wat mer zu Lëtzebuerg leschtegerweis nach ëmmer Sozialismus nennen, ass politesch gescheitert. Net vun haut op muer, mee lues an elendeg. Nom Zesummebroch vum Ostblock virun 20 Joer hunn d’Unhänger vum Liberalismus behaapt, d’Enn vun der Geschicht wier geschriwwen, an d’Sozialdemokratie huet et gegleeft: Amplaz eng nei, fortschrëttlech Alternativ géint de wirtschaftleche Hardcore-Liberalismus ze forméieren, huet se resignéiert, d’vermeindlech Alternativlosegkeet vum Neoliberalismus unerkannt an déi eege Politik dorop reduzéiert, déi sozial Konsequenzen vum Neoliberalismus ofzefierderen, bzw ënnert den Teppech ze kieren.  De politesche Pionéier vum 3. Wee, wéi déi Politik gären genannt get, war den Tony Blair. D’Resultat ass bekannt: sozialen Ofbau, Privatiséierung, Liberaliséierung, Dereguléierung… An Däitschland dümpelt d’SPD haut bei knapps 25% ronderëm a motzt well aner Parteien dat fuerderen, wat si eigentlech fuerdere misst… a wann d’JUSO-Vorsitzende Drohsel dann vum demokratesche Sozialismus schwärmt, wierkt dat an deem Kontext beschtefalls surreal. Haut jäizt d’Sozialdemokratie no Reguléierung, ass empört iwwert déi „wildwest“ Verhältnisser an der Weltwirtschaft, duerch déi sech déi aktuell Wirtschaftskrise zesummebraue konnt. Léif Sozialdemokraten, wisou hutt der iech net scho virun 10 oder 20 Joer empört? Wisou hutt der de radikale Wirtschaftsliberalismus gewäerde gelooss a souguer matgedroen?

Zu Lëtzebuerg wäert sech d’Scheitere vun der Sozialdemokratie de 16. Mai manifestéieren, wann d’LSAP Politiker a Form vun OGBL Militanten zu Recht géint hir eege Regierungsaarbecht op d’Strooss ginn. Spéitstens dann misst et dach Klick maachen.

(méi Hannergrond zum Scheiteren get et beim Chantal Mouffeüber das Politische)

23 Antworten

  1. Firwat net éischter gehandelt gouf ass einfach: well Politiker dach gréisstendeels ni iwwert déi aktuell Legislaturperiod erausgesinn, emol ofgesinn vum Zil em all Käschten eremgewielt ze ginn. An et gëtt een halt net eremgewielt, wann ee géint de Stroum schwëmmt.

  2. also wiele mer dei greng , dei jo an daitschland 8 Joer laang alles anescht gema haten….

    obwuel an hierem Wahlprogramm och just Regularisierung a Bankenaufsicht steet….

    da vlaischt awer d KPL a waerden drop daat de Ruckert eisversprecht „Et waerd keng Mauer gin!“ ha – ha – ha …

  3. Et ass richteg, dass d’Sozialisten resp. d’Sozialdemokraten keng alternativ Wirtschaftsordnung ze bidden hun. Ech kann mech awer och nemmen dem Pol sengem Kommentär uschleissen: déi Gréng hun och näischt an däer Hinsicht unzebidden. Dir traut iech jo mol net mei de Wirtschaftwuesstum generell a Fro ze stellen. Et geet just nach drem fir en e bessen gréng unzemolen.

    Et ass net alleng de Problem vun der LSAP, keng Partei zu Lëtzebuerg huet iergendeng seriö Visioun vun engem aneren besseren Wirtschaftssystem, deen net all puer Joer an d’Krise fällt.

  4. gerad well och déi gréng – gerad esou wéi d’lsap – an den leschten joeren emmer méi no riits geréckelt sin an trotzdem am wahlkampf sech erem een lénken touch gin as et wichteg eng déi lénk ze wielen fir drock ob des 2 parteien auszeüben fir dat si sech och nom 7.Juni dorunner erenneren wat et iwwerhat heescht lénk ze sin …

  5. Ech well awer net nemmen ob deenen grengen remklappen, a Punkto Wirtschaftspolitik gesin ech kee wesentlechen ennerscheed teschend greng roud a schwaarz…

    dei blo denken jo daat wann se all Gesetzer an Steieren ofschaafen, daat se dann de Leit kenne soen „hei kuckt, mir man naischt waat iech drun hennert raich ze gin, dir sidd alleng selwer schold wann der arm sedd“

    routwaissblo a gro änneren hier meenung jo sou seier daat se kaum ausgeschwaat, schon nemmei gülteg ass….

  6. @Claude

    wéisou dann déi lenk wielen? Wa mer lo ufänken Iddien dei scho virun mei wei 20 joer ennergaang sen rem auszepaaken – Och wann se deels schéin nei verpaakt sen – brengt daat eis nach manner weider…

    bastele mer leiwer weider un der Sozialdemokratie… mir gefällt se besser wei liberalismus oder kommunismus….

  7. Just, daat d’Sozialdemokratie eis schon um Ufank vum 20. Johrhonnert veroden huet.
    Ech kann et just emmer mat den Wierder vum Daniel Kulla soen: Das ist NICHT der Kommunismus. A wanns du fenns daat d’Idee vun sozialer Gerechtegkeet an Glaichheet sollt ennergaangen sinn, dann wiers du mam Liberalismus besser beroden.

    Et ged och net em d’Geschicht. Et ged net drems, waat fir en System wéini versoot huet. An et geht drems, wéi mir elo virun maachen. A wann ech meng Positiounen esou mat denen vun de Parteien verglaichen, dann kommen ech dach relativ no un déi Lénk an un déi Greng run.

    (Ech fannen iwregens, daat et en groussen Ennerscheed zweschen schwaarz an roud muss gin an daat den och ze spiren ass. Ween den Geigendeel behaapt, fir den sinn verschidden fundamental fraiheetlech Froen net esou wichteg. Waat OK ass.)

  8. fundamental fraiheetlech Froen se mir scho wichteg, just daat ech meng fraiheeten net ageengt villen an dofir net mei fraiheeten brauch…. (nemmen als randnotiz)

    des weideren sech ech och secher kee Frend vum Liberalsimus

    Mee wa mer lo mat Parolen vu vierun 80 joer kommen, a dei ganz Politesch Geschicht vum 20ten Joerhonnert net an Iwwerleeungen iwwert Zukunft afleissen loosse wellen… da trepplen mer awer am Kreess…

    dofir muss ech der widerspriechen Politik geet emmer em dGeschicht, soss ass een borneiert an onbelehrbar…

  9. D’Sozialdemokröten hun sech fir d’Éischt offiziell un de Kapitalismus verkaaf, wéi se a Form vun Krichskrediter sénger expansiven Gestalt a Form vu Krich zougestemmt hun.
    Duerno 1918 wéi se mat der Hellef vun rietsextremen Paramilitärs d’Revolutioun brutalst niddergeschloen hun.
    An den 50er mat hierem neien Programm, den den Antikapitalismus vun der Nokrichszäit rem verworf huet an d’Bunn fir déi modern Degeneratioun bereet huet.

    Weder liberalen Kapitalismus, nach sozialdemokrateschen Kapitalismus, nach autoritären Stalinismus – Aarbechterselbstverwaltung, eng demokratesch Ökonomie elo direkt!

  10. @Pol
    Du hues geschriwwen:“wéisou dann déi lenk wielen? Wa mer lo ufänken Iddien dei scho virun mei wei 20 joer ennergaang sen rem auszepaaken – Och wann se deels schéin nei verpaakt sen – brengt daat eis nach manner weider…“
    Firun 20 Joer as den neostalinisteschen Block – völleg zu Recht – zesummengefall. Haut mmirken emmer méi Léit datt och den neoliberalen Laissez-Faire Kapitalismus emmer méi Krisen verursaacht. Et braicht een also een „dretten Wee“ . Mais gerad desen „dretten Wee“ – net ze verwiesselen mam Blairismus oder dem Schröder séng „Neue Mitte“ – tescht Kapitalismus an autorit!arem Stalinismus hun néi lénk Theoretiker an Beweegungen sait 1968 probéiert ze konkretiséieren. Léider goufen se jeweils fun den Sowjetpanzer wie an der Tschekoslovakei oder mat den Matraquen fun den CRS zu Parais ennerdréckt. Dobai gin et gerad aus deer Zait immens interessant Konzepter – wéi dat fun der sozialistescher Marktwirtschaft fum Ota Sik wat eng Komninatioun tescht Arbeschterselbstverwaltung, globaler Planifikatioun fun den Ressourcen an marktwirtschaftlechen Mechanismen duerstellt– déi haut an der Diskussioun em Alternativen kéinten fun groussem Wärt sin. Déi néi Lénk waren nach ni wiirklech um Drécker an ech fannen et absolut net richteg des Denkrichtung an Art an Weis fun politescher Organisatioun mat dem autoritären Bürokrtaismus deen haut eng KPL nach emmer ze verdeedegen schéngt an dat selwecht Deppen ze gehéien. Déi Lénk hun elo ereischt 10 Joer an et gin eng ganz Retsch Léit déi entweder aus der LSAP an den Jusoen – wie ech selwer – oder den Gréngen komm sin well si einfach net méi matmachen wollten dat den Wirtschaftsliberalismus fun desen parteien ouni mat der Wimper ze zécken matgedroen gouf. Massiv Erofsetzung fum Spetzenstéiersatz, massiv Reduktioun fun der Besteierung fun den Betriibsgewenner, Ofschaffung fun derr Verméigensstéier, Gesetz fir d’Kreditverbréiwung an dem Uleren fun Pensiounsreserven un der Bourse: dat sin nemmen e puer konkret Punkten wou esouwuel déi Gréng an d’LSAP an der Chamber emmer den Neoliberalimus matenerstetz hun. Dowinnst brauchen mer eng lénk Stemm am parlament fir des Entwecklung ze stoppen. Nemmen Drock fun lénks kann dat bewiirken!Perséinlkech k!ampfen ech fir eng grénkg-lénk allianz wie an Skandinavien, dofir mussen déi Gréng awer och wiirklech fum Wirtschaftsliberalismus ofschwieren wat am Moment awer definitiv nach net den fall as, och dofir brauchen mer drock fun lénks…

  11. @all

    Ech probéieren elo mol nach op alles e bessen anzegoen ier ech op d’uni muss :)

    Méng Absicht bei deem Artikel war et elo – vläit iwwerraschenderweis – net, duerzeleen, wisou déi Gréng besser sinn ewéi d’LSAP an déi Lénk, mee einfach op de Problem vunn der Sozialdemokratie anzegoen.

    D’Scheiteren vunn der Sozialdemokratie als solch manifestéiert sech alleng schon duerch d’blouss Existenz vu gréngen a lénke Parteien an Europa. Den ursprénglechen politesche Konflikt, souzesoen déi materiell Konfliktaxe, definéiert sech jo no der Fro, wat prioritär ass, de reng wirtschaftlech Leeschtung oder awer sozial, ecologesch, verbraucherschutz Normen. Oder zougespetzt: déngt d’Wirtschaft dem Mensch oder emgedréint? An do ass d’Sozialdemokratie gescheitert, a well dat sou ass, hu sech als éischt gréng Parteien an dunn lénks Parteien gebild.

    @Laurent: wat mär zu deem Thema unzebidden hunn, kanns de an eisem Zousazprogramm zur Krise liesen, deens de op eisem Site fanne kanns. Ech well et hei elo just ganz graff duerstellen: Mär welle net einfach blann drop lass investéieren fir sou schnell wéi méiglech aus der Wirtschaftskrise erauszekommen, mär welle ganz gezielt a bestemmte Beräicher investéieren, wou mer a) Potential hunn, an déi eis b) net just aus der Wirtschaftskris, mee och aus der Energiefal erausbrengen. D’Stolproduktioun, déi nei Uni an d’Finanzplaz bidden Strukturen a Qualitéiten, mat deene mer op vielfälteg Art a Weis an gréng Technologien, erneierbar Energien, Energieeffizienz, och Gesondheetstechnologien investéiere kennen. Dat schaaft vill qualifizéiert wéi och onqualifizéiert Arbechtsplazen, et ass gutt fir eisen zukünftegen Fuerschungsstandort, et ass e staarke Bäitrag géint de Klimawandel, an et wierkt präventiv schon der Energiekris entgéint, andeems et eis langfristeg onofhängeg vun fossilen Energie mecht, déi onvermeidbar emmer méi deier wäerte ginn. Ech denken duerchaus, dass mär an deene Froen sou munches ze bidden hunn.

    @allgemeng
    Wat elo déi Gréng an Däitschland betrefft do muss een e puer Saache bedenken:
    - déi Gréng waren mat ca. 6% an där (éischter) Koalitioun vertrueden, géigeniwwer der SPD mat déck an déi 40. Do realiséiers de e Brochdeel vun dengem Programm a muss der vill Waasser an de Wäin schedde loossen
    - trotzdem hunn déi Gréng et mat 6% färdeg bruet, den Atomausstieg anzeleeden, wat laangfristeg betruecht energiepolitesch net deier mee belleg get. Se hunn e Verbraucherschutzministere agefouert, zu Gonschte vun der Nahrungsmettelsecherheet. A se hunn eng ökologesch Steierreform ageleet. Et kann een also net behapten, hir Partizipatioun wir emsoss gewiert.
    - Wat elo déi Saach mam Sozialofbau betrefft: Hartz4 ass net um Mescht vunn de Grénge gewuess, et ass de Schröder gewiecht. Mee och do muss ee soen, dass et ursprünglech éischter déi 16 Joer Kohl waren, déi dee Misär zesumme gebraut hunn.
    - Hätten déi Gréng elo gesot, nee mer wellen dat net matdroen, dann hätt dat bedeit, dass deen ekologesche Fortschrett duerch d’Päif gaange wir, während Hartz4 trotzdem komm wir, nämlech mat weiderhinn Schwaarz-Giel oder enger grousser Koalitioun. Et hätt da geheescht, déi Gréng wire Schold dru gewiert, dass Däitschland de Kohl net lass get, an dat wir hirt politescht Doudesurdeel gewiercht.
    -Fazit: Mat Bléck dorop, dass wourop et ukennt, dat ass, wat hanne fir d’Leit dobäi erauskennt, hunn déi däitsch Gréng sech 1998 fir dat klengst méiglecht Iwwel entscheed. Déi lénk hätte natiirlech einfach de Kapp an de Sand gestach a mam Fanger op déi aner gewisen.

    Wat elo dem Claude säin Virworf betrefft, déi Gréng hätten eis och verroden: dat kann ech schwéier novollzéihen, déi Gréng waren zu Letzebuerg nach net an der Verantwortung. Weider well ech dozou awer och soen, dass een och de Lénken dee Virworf maache kann, si droen mat hirer chronescher an onproduktiver Kompromesslosegkeet nämlech maßgeblech zur Zersplitterung vum lénke Spektrum bei, an domat dozou, dass ‘Droite gestärkt get/bleiwt.

  12. Ech kann einfach net verstoen, wei hei einfach Beispiller aus der Geschicht iwwergaang gin, waat ass da mat der DDR, do gouf et dach Arbeiterselbstverwaltung etc
    Waat war dann dodrun souvill anescht wei un deem waat dei lenk oder dKPL predegen? a wou waren se Wirtschaftlech vis a vis zu der BRD? (a kommt lo net mat diktatur a Stalinismus etc daat huet mam Wirtschaftsmodel sou vill ze dinn)

    Eng Wirtschaft brauch emmer ee Moteur sen se undreiwt, an dofir gin et keng „schéin“ léisungen. Et get zum Beispill de Krich, oder Virbereedung dodrop, waat mer wuel alleguer net wellen.

    An da bleiwt dach just nach de Kapitalismus, also dMenschlech Gier.
    Wann jiddereen onofhängeg vu Leeschtung Glaich ass, wéisou sollt dann nach een Leeschtung brengen? Wee geif fir eng Klausur léieren wann en souwisou geif 1.0 kreien?

    Wéi scho gesoot ech se net liberal, ech denken einfach nemmen daat dSozialdemokratie am nosten un engem idealen wee dech fraier Marktwirtschaft an sozialer gerechtegkeet ass. Och wann si net perfekt ass, mee weinstens leeft se kengem ideologien no a kann sech dofir änneren a verbesseren

  13. juste eng rhetoresch fro: a ween huet dann mat den sozialdemokraten hartz IV an daitschlanf agefouert?

  14. @Pol: jo an der Theorie halen ech de Modell von der Sozialdemokratie och fir de beschte Mettelwee tescht Idealismus a Realismus. Hir praktesch Schwächt besteet awer doran, dass se déi ökologesch Dimensioun vunn der Emverdeelung, d’Generatiounegerechtegkeet nach emmer net richteg erkannt huet (mat Ausnahmen natiirlech), anescht léist sech zu Letzebuerg e Phänomen wéi de Goebbels zB net erklären. An déi 2 praktesch Schwächt ass eben déi, dass se sech an de leschte Joeren just nach drem beméiht huet, de soziale Schued, deen de Neoliberalismus verursacht, ofzefiederen, amplaz de Neoliberalismus selwer a Fro ze stellen, an eng Politik ze man, déi dem Begreff Sozialdemokratie och gerecht get.
    PS: déi Gréng lafen och kenger Ideologie no, se erweideren d’Ideal vun der Sozialdemokratie just mat enger zäitlecher Axe.

    @Lou: Wanns de alles gelies häss, häss de der déng Fro spuere kennen :) Mee nach vläit eng Ergänzung zu Hartz4; wat ech geschriwwen hunn, ass keng Excuse dofir, just eng Erklärung.

  15. @manuel, ech kann der eigentlech just recht gin, mat ideologie hat ech dei greng och guer net am viseier.

    Ech denken just daat eng sozialdemokratesch Politik (a mier hu jo schengbar 3 seriö parteien dei dee system vertrieden) sech neien Problematiken upassen kann.

    Den Neoliberalismus war virun 10 Joer nach kee groussen Problem, mee haut ass en et secher an ech denken daat do Reguleierungsmossnahmen, wéi zum Baispill Grenzen bai Boni oder Gehälter vu Manager, genauwei mei Responsabiliteit fir dManager geif vill Hellefen. Genausou muss dem Kasino Kapitalismus een Enn gesaat gin.

    Mee alles daat se Problemer dei een am System léisen kann, an net fundamental Feeler vun der sozialdemokratie

  16. @Manuel: Waas du do opziel sin jo just Meiglechkeeten fir den aalen System e bessen ze flecken. De fundamentalen Punkt ass, dass déi Gréng fréier mol den Paradigma vum onbegrenzte Wuestum a Fro gestallt hun. Grad deen Paradigma ass deen eenzegen Punkt wou den Kommunismus an den Kapitalismus sech eenz sin. D’Emweltbewegung huet also mol eng Alternativ präsentéiert, wëll awer lo näischt méi dovun wessen.
    Ech dënken dass et keen Wäert huet fir ze streiden waat fir een vun deen zwee Wirtschaftssystemer vum „langen“ 19. Joerhonnert besser war. Mir sollen eis besser froen waat mer haut brauchen an net an Kategorien vum industriellen Zeitalter denken.

  17. @ manuel: Massiv Erofsetzung fum Spetzenstéiersatz, massiv Reduktioun fun der Besteierung fun den Betriibsgewenner, Ofschaffung fun derr Verméigensstéier, Gesetz fir d’Kreditverbréiwung an dem Uleren fun Pensiounsreserven un der Bourse. Dat hun dach déi Gréng matgewdroen, an wéi nenns du dat dann? Elo hun déi Gréng erem den Ter Neoliberalismus erementdeckt mais dat doten war dach kloer neoliberal!

    @ pol: wou gouf et dann an der ddr arbeschterselbstverwaltung? Et war einfach een planwirtschaftlechen Modell deen fun B!urokrateen dirigéiert gin as an just um Pabéier haten d’Arbechter Muecht an der Praxis gouf et awer eng diktaur fun der eenheetspartei. an der ddr gouf et an den /=er joeren kurz zait frai handwiirksbetriiber déi awer hanno och erem ennert d’zentralistescht Kommando fun der sed gestallt goufen wat sechg als fatalen fehler erausstellen sollt; déi eenzeg wiirklech versich fun arbechterselbstbetemmung gouf et an jugoslawien dat sech selwer och fum sowjetblock ofgespalt huet an zu den blockfraien staaten gezielt huet. do gouf et esou versich. an der cssr as et 1968 versicht gin as dun awer ganz schnell fun sowjetpanzer am Keim ersteckt.Dowinnst as et total falsch déi Versich Fraiheet mat sozialer Gerechtegkeet emzesetzen – fir déi déi néi Lénk – responsabel waren mat der zentralistescher Planwirtschaft glaichzesetzen. Gerad och un der Bewertung fum wirtschaftlechen System ennerscheeden sech lénker an d’kpl diametral. mais d’fro as och wéi eng economie wellen mer haut? brauchen mer eng economie déi am denscht fum menschsteet oder eng déi den mensch an der kapitalistescher verwertungslogik benotzt an verbraucht an dann ewechgehéit? an wéi muss eng human an solidaresch wirtschaftsuerdnung ausgesin? wéi eng relatioun gett et tescht marktwirtschaftlechen an planwirtschaftlechen Elementer an Zaiten fun der Rohstoffknappheet an dem Zuenngoen fun den fossilen Energietr!ager? Ech denken dat et ob des Froen keng einfach !Antwert gett mais datt déi lénk wichteg Elementer an des Diskussioun abréngen kennen, wann een hinnen och d’Méiglechkeet gett sech iwwerhat auszedrecken an wann den Wieler dat wichteg fennt.

  18. Ech denken ech kann daat alles ni wierklech novollzeihen: zb „de mensch am dengst vun der Economie, oder Economie am Dengst vum Mensch“ das een Ennerscheed deen ech net verstin, do wierkt dEconomie als Groussen Diktator deen dMenschen ausbeut, waat einfach net stemmt well dei „Economie“ jo schlussendlech och rem Menschen sen.

    Oder ass am Vokabular vun engem mat lenken Mensch glaichbedeitent mat Arbeschter? Mengen das daat waat vill lenker net begraff hun: daat et net nemmen Arbeschter get, mee och aner Leit (daat senn net nemmen Raicher mee och Beamten, fraiberuffler etc) dLenk gesait nemmen dArbeschter a mecht kompromesslos Politik fir si,

    Aner wichteg Partner aus eiser Wirtschaft wéi zum Baispill de Mettelstand sen der lenker schengbar egal, well naischt ass mei aggressiv a feindlech wei Arbeschterselbstverwaltung (=enteignung) – bai sou enger Poltik, laafen all produzeierend Betriiber, déi net direkt u letzebuergesch Konsumenten gebonnen senn direkt fort. Da kennen mer och direkt de Buttek zou man, dann erspueren mer eis dei Meih

  19. @ claude: ech mengen du hues net ganz richteg recherchéiert. déi gréng hunn 2000 als EENZEG Partei géint déi Steiersenkung gestëmmt. Hunn nach en ale Communiqué remfonnt deen ech hei posten. Ging mech mol interesséieren wat déi lénk deemols zu der steiersenkung geschriwwen hunn?:

    Luxemburg, den 20. Dezember 2000
    Pressemitteilung

    Steuerreform statt Steuerreduktionen

    Die Fraktion von DÉI GRÉNG hat nicht für die Steuerreduktionen der CSV-DP-Regierung gestimmt. Da die blau-schwarze Mehrheit kein separates Gesetz für ihre Steuerpläne im Parlament einbrachte, es vorzog diese ins Budgetgesetz zu integrieren, ist es für die grüne Fraktion wichtig, in einer Pressemitteilung ihre Gründe darzulegen, weshalb sie nicht für diese Steuerreduktionsvorhaben von CSV und DP stimmte.

    1. Es ist keine wirklich Reform unseres Steuersystems. Vor allem wichtige gesellschaftspolitische Elemente fehlen gänzlich. In unserer Gesellschaft gibt es heute viele Formen des gesellschaftlichen Zusammenlebens. Steuerlich bevorteiligt werden aber nur solche, die nach alter, konservativer, christ-katholischer Manier zusammenleben. Die speziellen Steuerklassen für Verheiratete und das Splitting-System bringen diesen fiskale Vorteile, die nicht im Einklang stehen mit der steuerrechtlichen Prämisse, die besagt, dass das Steuersystem gegenüber der gewählten rechtlichen Form des Zusammenlebens neutral sein muss. DÉI GRÉNG verlangen diesbezüglich eine tiefgreifende Reform, die sowohl rechtlich, wie auch steuerrechtlich diesem Umstand Rechnung trägt. Bei den nun angesetzten Steuerreduktionen hat der CSV-Konservatismus sich erneut durchgesetzt.

    2. Die Steuerreform ist sozial ungerecht, da Bürger und Bürgerinnen mit hohem Einkommen weit mehr vom staatlichen Geldsegen profitieren werden, als Menschen mit kleinen oder mittleren Einkommen. Bürger oder Bürgerinnen, die heute den Spitzensteuersatz erreichen, profitieren durch diese Steuerreduktionen gleich dreimal:
    - durch abgeschwächte Steuerprogression quer durch die Tabelle,
    - durch die Absenkung des Spitzensteuersatzes um 4% und, da diese nicht an eine Reduzierung
    der Abschreibungsmöglichkeiten gekoppelt wurde,
    - durch die weiterhin vielfältigen Abschreibungsmöglichkeiten.

    3. Eine ökologische Lenkungskomponente fehlt gänzlich. Bei den Steuerreduktionen handelt es sich um eine klassische Steigerung des Konsums. Hier wurde eine weitere Chance vertan, um den Einstieg in die ökologische Steuerreform für Privathaushalte zu beginnen.

    4. Die massive Absenkung des Spitzensteuersatzes in zwei Etappen von 46% auf 38%, ohne dass der Abschreibungsdschungel durchforstet wird und dementsprechend viele Abschreibungsmöglichkeiten abgeschafft werden, sowie die geplante unselektive Absenkung der Gesamtbetriebsbesteuerung auf 30%, riskieren früher oder später die Finanzsubstanz des Staates in Gefahr zu bringen. In wirtschaftlichen Zeiten, wo keine Wachstumsraten zwischen 6 und 7% zu verzeichnen sind, können dann sehr schnell Engpässe in der Staatskasse entstehen. Wer glaubt, in einer wirtschaftlichen Krisensituation würde dann der Spitzensteuersatz, oder die Betriebsbesteuerung wieder angehoben, ist naiv. In diesem Falle, fürchten DÉI GRÉNG, wird es dann den Sozialleistungen an den Kragen gehen.

    CSV und DP machen eine leichtsinnige, sozial unausgewogene Verteilung des Überflusses.

    DÉI GRÉNG bedauern, dass die CSV-DP Regierung unfähig ist, die ausgezeichnete finanzielle Ausgangsbasis des Staates zu nutzen, um eine tiefgreifende Reform unseres Steuersystems einzuleiten.

    für die Fraktion von DÉI GRÉNG

    François Bausch
    Präsident

  20. Pol: wann ech Arbechter soen dann méngen ech „Salarié“ also Lounofhängegen oder och nach Arbeitnehmer. Et as also eng Persoun déi hir Arbechtskraft um Marché verkafen muss fir Suen ze kréien déi se brauch fir hir – elementar – Bedürfnisser wéi Wunnen an Iessen, … ze befriddegen. Am Géigensatz dozou steet d’Persoun deer d’Produktiounsmoyëen ( Fabrik, Kapital, …) gehéiert an déi den Salarie géint een Loun astellt. Fréier hun d’Marxisten den Ennerscheed tescht Arbeschter an Kapitalist gemach haut gett eischter den ennerscheed tescht Salariat an Patronat respektiv tescht Rentier an Lounofhängegen gemach. Dat sin nun emol Kategorien déi eis Gesellschaft strukturéieren an déi widersprëchlech Interessen hun. Dat kanns de dach net a Fro stellen datt dat esou as? Léider huet een Groussdeel fum Salariat héi am land keen Wahlrecht an dofir kämpfen och déi Lénk dat desen Léit hir Grondrechter respektéiert gin. Iwweregens sin iwwer 90% fun deraktiver Bevölkerung zu Letzebuerg Lounofhängeger.
    Déi Lénk maan een kloern Ennerscheed tescht groussen – meecshtens Multinationalen – Konzerner an dem spekultaiven Finanzkapital ob der enger Sait an den klengen Betriiber ob der aanerer Sait!!! Et as dach kloer datt d’Multien an d’Finanzkapital den Mettelstand futti maan an doduerch datt d’Kafkraft fum Salariat an den Konsumenten erofgesat gett déi kléng Betriiber emmer méi an Problemer kommen. Mir trieden fir d’Stârkung fun den klengen Betriiber an well si sin och Opfer fum ongezügelten Kasinokapitalismus. Den ennerscheed tescht enger anonymer Aktiengesellschaft déi ennert der Tutelle fun Fondsmanager steet an dem kléngen Betriib léit kloer ob der Hand an et sin gerad déi kléng lokal an regional aktiv Entreprisen déi mer mat eiser Fuerderung no engem massiven öffentlechen Wunnengsbauprogramm an dem totalen Emstellen ob regenerativ Energien förderen wellen. Natiirlech mussen och an desen betriiber d’Rechter fum Salariat garantéiert bléiwen.Wann mer fuerderen datt d’Groussbanklen an d’Energieversuergung mussen erem ennert öffentlech Kontroll dann as dat am objektiven Interessi fun den kléngen Betriiber. Ech stamen selwer aus engem Wenzerfamill an wees wat kooperativ, kléng Betriiber sin an dat si d’reckrad un eiser Wirytschaftr duerstellen. Gerad dofir kämpfen mer géint d’Multien an d’spakulativt Finanzkapital.
    Marion
    Konkret hun ech am Beraich fun den Betriibsstéieren déi kommunal Gewerbesteier gemengt déi och an den Gemengen wéi der stadt an zu esch wou déi gréng an der Verantwortung sin erofgesat gin sin an domadder esouguer een inter-kommunalen Steierdumping héi am Land gemach gett. Ausserdeem kéint een och d’Erhéigung fun den Kommunaltaxen ernimmen déi nodeems déi lénk net méi zu esch am Schäfferot waren massiv fun den gréngen an der Lsap erhéigt gin sin. Dat ganzt as dann fun den gréngen als ökologesch verkaf gin well et sech sollt nom „Käschtendeckungsprinzip“ riichten: Een Hohn wann een bedenkt datt deen gréissten polueur zu Esch – d’Arcelor-Mittal- guer naischt fir Wasser bezillt!An wéi as et dann KONKRET mam Gesetz fir d’Kreditverbréiwung (Titisatioun) an dem Ulëen fun Pensiounsreserven un der Bourse.Do as jo gertad eng fun den Haaptursachen fir d’Kris an datt hun déi marktliberal gréng awer einfach matgestemmt an just déi lénk hun sech an der chamber 2004 dogéint ausgeschwat. Iweregens as et och genau an d’Verdéiwung fun der Kris geschaftt gin wéi elo fir un kurzem erem een néit Gesetz zur titrisatioun – och erem mat den STEMMEN FUN DEN GRENGEN- eenstemmeg ugehol gin as; léider war keen Lénken méi do fir d’Vollek ze warnen. Léider kann ech der am Moment net genau soen wini mer wat ofgestemmt hun wéi mer nach an der chamber waren well all des dossien léien an engem depot an kennen net wiirklech genotzt gin well mer keen sekretariat hun an keng persoun déi sech dorems kemmeren kéint dat ze verwalten; mais dat ännert sech hoffentlech nom 7.juni! Trotzdem hun ech awer nach eng kléng Recherche gemach wous de gewuer ges wat mer dozou denken:
    Die Besteuerung der Betriebe ist auf das zweitniedrigste Niveau in Europa gefallen. Als
    wichtigste Betriebssteuer wurde die Körperschaftssteuer von 40% der erzielten Gewinne 1986 auf 22 % im Jahre 2002 fast halbiert. Erklärtes Ziel war dabei, den Erwartungen der wichtigsten Industrien und Dienstleistungsunternehmen entgegenzukommen und sich somit Standortvorteile gegenüber den Nachbarregionen zu verschaffen. Auch andere Betriebssteuern wie die kommunale Gewerbesteuer sowie die Kapitalsteuern wurden dauernd gesenkt und auf die Bedürfnisse der Wirtschaft zurechtgeschnitten,z.B. im Bereich der
    Investmentfonds. Die Kapitalinhaber sind somit die wahren Herren des Landes, denn
    nach ihrer Pfeife tanzt die Politik..

    Auch der Spitzensteuersatz bei der Einkommenssteuer sank von 56% 1990 auf 38% 2002. Die Steuerprogressivität ist somit für Besserverdienende außer Kraft gesetzt (diese zusätzlichen Mittel werden wohl kaum in den Konsum fließen). Aus eisem Wahlprogramm 2004:
    Naischt fir ongudd an wéider gudden Wahlk(r)ampf

  21. ech hun dach net bestridden daat et Arbeschter a Patroen get.

    Am Geigendeel ech hu bezweifelt daat dei lenk an hierer Politik Patroen, Mettelstand and fraischaffender (also alles waat ennert 1 Mann betriib fällt) berückstichtegen. Ech denken einfach daat eng ze staark dirigisteg Politik mat Arbeschterwelbstverwaltung an anerem waat lenker sech ausgeduecht hun, de Betriiber allgemeng schued. An weiderhin se souguer aus letzebuerg verdreiwt.

  22. @ pol: do iers de dech well et eben den neoliberalen kasinokapitalismus an eng falsch EU-Politik as deen eis kléng Betriiber futti maan! Dogéint wiiren sech déi lénk konsequent an sin solidaresch mat den kléngen Betriiber.

    @ all: Een rezenten Fal fun gréngem neoliberalismus:
    Europaparlament: Lulling, Goebbels und Turmes einer Meinung
    Andreas Wehr (Vereinigte europäische Linke-Nordisch Grüne Linke) – Die spektakulären Ermittlungen gegen deutsche Prominente wegen Steuerbetrugs im Februar 2008, begangen in Liechtenstein, offenbarten erhebliche Rechtslücken in der europäischen Zinsbesteuerungsrichtlinie. So ist es heute möglich, die Richtlinie zu umgehen, wenn zwischengeschaltete Anlageformen (juristische Personen, wie etwa Stiftungen, oder Rechtsvereinbarungen) genutzt werden.

    Während eines Übergangszeitraums wenden Österreich, Belgien und Luxemburg anstelle der Auskunftserteilung eine Quellensteuer an. Sie teilen die Einnahmen hieraus mit dem Wohnsitzmitgliedstaat des wirtschaftlichen Eigentümers. Doch die Einnahmen aus dieser Quellensteuer blieben enttäuschend gering, so dass schon lange die Forderung besteht, diese besondere Regelung für die drei Länder abzuschaffen. Das EU-Parlament hat sich jetzt dafür ausgesprochen, die Ausnahmebestimmung spätestens 2014 auslaufen zu lassen.

    Doch gegen den Wegfall der Quellenbesteuerung regte sich Widerstand im Parlament. Im Änderungsantrag 28 zum Bericht wurde die Möglichkeit einer dauerhaften Anwendung des Systems der Quellensteuer gefordert. Der Antrag wurde in namentlicher Abstimmung bei 87 Ja-Stimmen, 282 Nein- Stimmen und 27 Enthaltungen klar abgelehnt. Eingebracht worden war er von den konservativen Abgeordneten Astrid Lulling aus Luxemburg und Othmar Karas aus Österreich. Von besonderem Interesse ist, dass diese Forderung von den grünen Abgeordneten Johannes Voggenhuber (Österreich) und Claude Turmes (Luxemburg) unterstützt wurde.

    Da sitzt im konkreten Fall ganz offensichtlich das nationale, egoistische Hemd eben näher als das ansonsten gern zur Schau gestellte progressive Bekenntnis! Sozialdemokratische Abgeordnete wie Robert Goebbels (Luxemburg) und Harald Ettl (Östereich) nahmen an den Abstimmungen erst gar nicht teil. (…) Doch für Ettl geht der Kampf weiter: „Das Abstimmungsergebnis bedeutet keinerlei rechtliche Verpflichtung für den Rat. Da der in Steuerangelegenheiten nur einstimmig Beschlüsse fassen kann, kann Österreich das Ende des Bankgeheimnisses trotzdem verhindern. Wir haben im Parlament das nötige Signal gesetzt, leider wurde unsere Initiative nicht angenommen.“

    ECON-Newsletter, 29.04.09 (gekürzt)

  23. [...] ronderem eist Zentralgestirn flatteren. Wisou d’Sozialdemokratie an der Kris ass, hat ech hei schon eng Kéier [...]

Eine Antwort schreiben