… bis ech meng lescht Seminaraarbecht an der Philo muss/sollt ofginn fir schäinfräi ze sinn. A natierlech bis zu de Wahlen. D’Schäinfräiheet (2-däitegt Wuert) bedréckt mech de Moment méi, well dat alleng meng Verantwortung ass, den Ausgang vun de Wahlen net. Schäinfräiheet am anere Sënn vum Wuert ass dann och d’Thema vu menger Aarbecht. Den David Hume ass nämlech der Meenung, dass de Mënsch keng Wellensfräiheet ma just eng Handlungsfräiheet huet. Ech sinn dir Meenung och, mäin Dozent, e grousse Kant-Unhänger, net. Do muss ech mer nach eng iwwerleeën. Ech well dem Hume seng Positioun unhand vun der Quantentheorie an der Gehierfuerschung beleeën, wat viraussetzt, dass ech mech do nach e bëssen eranliesen. Dat awer huet de Wahlkampf bis elo zimlech erfollegräich ze verhënnere gewosst. Wat meng Aarbecht betrëfft, sou probéieren ech mer einfach emol um medialuz e Beispill ze huelen, wou iwwert Philo geblogt get. Ech sollt dat och man, vläit motivéiert dat effektiv e bëssen.
Wat ech awer och nach schreiwe wollt, dat ass den 3. Deel vu menger Serie (Deel 1, Deel 2) zur Trennung vu Kierch a Stat. Do géif et dann ëm d’finanziell Verhältnisser tëscht Reliounsgemeinschaften a Stat goen. An der läscht hunn ech ëmmer erëm vu Leit ewéi Francois Biltgen a Serge Wilmes héieren, mer hätte längst eng Trennung zu Lëtzebuerg. Wa mer hir Argumenter net ëmmer direkt widderleeën, an dat ass relativ einfach, dann brauche mer eis och net ze wonneren, wann d’Leit drop eran falen. Dat selwecht gëllt natierlech och fir de Wäerteunterrecht.
An dann wollt ech och nach eppes schreiwen, wisou ech iwwerhaapt bei de Wahlen kandidéieren, respektiv fir wat ech politesch stinn. Da kréien ech zwar erëm virgeworf, ech géif Wahlkampf man, mee dorop hunn ech schon eng passend Äntwert.
GRAD ELO hunn ech mer dann och nach eng lëschteg Grippe agefaang, déi dat Ganzt nach zousätzlech e bësse méi spannend mecht.
Abgelegt unter : Blog, Philosophie, Politik, Reliounskritik



D’Quantentheorie hëlleft op alle Fall net deenen, déi en fräien Wëllen beweisen wëllen. Well d’Zoufallselement hëlleft hinnen jo wuel kaum … wann een eppes zoufälleg mécht, ass et jo och kee bewossten Choix.
Wanns de wells kann ech der de PDF vun dësem Couren mailen?
http://www.teach12.com/ttcx/CourseDescLong2.aspx?cid=4235
Oder hat ech dat schon gemaach? Ginn aal
Et kann der dach kee virwerfen, du géifs Walkampf man. Obwuel, wann s de an der DP wiers, géif ech der et wuel och virwerfen.
Häerzlechst,
e Kant-Unhänger.
Chris: dat hues de lo missen soen.
Dat Wuert „Zoufall“ ass net ganz korrekt. Et handelt sech vill méi em Probabilistik – du kanns an der Kopenhagener Interpretatioun mat enger gewësser Sécherheet soen, wat geschidd. Och wann dat Verhältnis 50:50 ass, wéi zum Beispill am Schrödigner a Wigner hieren Gedankenexperimenter. An der many-worlds Theorie ass den Szenario natirlech erem een aneren, do schaffs de mat Paralleluniversen, a bei all Décisioun spléckt sech d’Réalitéit. Do gëtt et a gewësser Hisiicht eng Deterministik, well sämtlech Ausgäng 100% wahrscheinlech sinn.
Mee wat der wahrscheinlech vill méi weiderhëlleft wéi Quantenmechanik (wats de dech do méi eralies, wat et méi schwéier gëtt) ass de Benjamin Libet. Deen huet an den 1980er festgestallt, dass een seng Entscheedungen *net* bewosst trëfft. Et hëllt een eng Entscheedun, an dann seet engem d’Gehier, dass een dat och esou wollt. Et kann een d’Leit esouguer duerch stimuléieren vun frontalen Gehierregiounen zwengen eng bestëmmten Décisioun ze huelen (zum Beispill déi lénks Hand ze hierwen an net déi riets), an de Mënsch ass dann trotzdem der Iwwerzeegung, déi lénks Hand an net déi riets ze hierwen wier seng fräi Décisioun gewiercht.
En plus ass eng Aktioun oder ‘Décisioun’ soit rational or irrational.
Wann se irrational ass, da kann se net en Resultat vum fräien Wëllen sinn.
Wann se rational ass, dann ass se logesch opgebaut an, vue d’Donnéen, déi zur Verfügung stungen, onauswéichlech. Wier se net logesch opgebaut, da wier se jo irrational.
Wou ass do also Plaz fir en ‘fräien’ Wëllen?
Ech probéieren haut denowend oder muer emol dem Hume séng Ideen dozou ze skizzéieren, dat ass zimmlech intressant.
Grommel:
De fräie Wëllen wier an deem Fall tëscht der rationaler an der irrationaler Aktioun kënnen ze wielen. Also: wielen ech d’Alternativ A (ech lauschteren op mäi Verstand) oder wielen ech d’Alternativ B (ech lauschteren op meng Gefiller)?
Thierry:
dat do wier en rationalen Choix, keen irrationalen.
Thierry:
Ass deng ‘Décisioun’ fir op däin ‘Bauchgefill’ ze lauschteren rational nozevollzéien oder ass et eng impulsiv, spontan ‘Décisioun’ ouni nozedenken?
Ech mengen, dass de Wellen weder rational nach irrational fräi ka sinn, well e rational jo vernonftgeleet an irrational emotiounsgeleet ass, a geleet bedeit jo am fong näischt anescht ewéi bestemmt oder determinéiert.
@Chris ech sinn och e Kant-Unhäger usech, awer net an deser Fro
Hei emol eng Symbios aus ménger an dem Hume senger Positioun: http://manuelhuss.wordpress.com/2009/05/20/huet-de-mensch-e-fraien-wellen/