Den David Hume (1711-1776) war e schottesche Philosophe an eng zentral Gestalt vum philosopheschen Empirismus, déi philosophesch Stréimung mat dir ech mech selwer och am beschten identifizéiere kann. Meng lescht Philo-Seminaraarbecht well ech sengen Ausféierungen zur Problematik vum fräie Wellen widmen, a well ech awer liicht Startschwieregkeeten hunn, fir mech do dran ze stierzen, bloggen ech einfach emol driwer, dat an der Hoffnung op e Motivatiouns- an Inspiratiounsschub.
De fräie Wellen ass en Thema dat amfong queesch duerch d’Philosophiegeschicht ze fannen ass, an op dat mer – wéi fir philosophesch Problem vläit net anescht z’erwaarden – bis haut keng definitiv Äntwert hunn. Haut sinn et awer net méi just d’Philosophen, déi do matschwätzen, ma och d’Naturwessenschaftler, speziell a Form vun der Gehierfuerschung. Gëscht an enger Virliesung huet den Dozent an deem Kontext geschwat vun „primitiven, naiven, kulturlosen Frankenstein-Denker, déi eise Geescht op dat Materiellt reduzéiere wëllen“. Mat Bléck dorop, dass d’Gehierfuerschung dem Hume seng Positioun éischter bestätegt ewéi widderleet, hunn ech elo schon e liicht ongutt Gefill bei dir Aarbecht.
Fir unzefänken ass et wuel wichteg, kloerzestellen, dass et verschidde Virstellungen vu Fräiheete ginn. De Hume mecht dat selwer an erklärt, dass déi ganz kontrovers Debatt an éischter Ligne wéinst dir Begreffsverwirrung gefouert get. Graff betruecht ginn et 2 Zorten Fräiheet an dësem Kontext: Wellensfräiheet an Handlungsfräiheet. Déi éischt bedeit, dass mer mir selwer spontan entscheede kennen wat mir wëllen, zum Beispill op ech elo mäin rietsen oder lénken Aarm hiewe well. D’Handlungsfräiheet beseet, dass mäin Wellen sech fräi an d’Realitéit ëmsetze kann, dat heescht zum Beispill, dass ech mäin lénken Aarm och effektiv hiewe kann, wann ech dat well, a keen oder näischt mech dovun ofhällt. Fir et op de Punkt ze bréngen, de Hume seet, dass mer eng Handlungsfräiheet hunn, awer keng Wellensfräiheet.
Eng Wellensfräiheet hu mer net, well mer näischt, wat mer bewosst man, ouni Grond man. Wann ech decidéieren, enger Fra ze hëllefen, hir Kutsch eng Trap erop ze droen, dann hunn ech mech net fir déi gutt Tat entscheet a géint déi schlecht, mee ech konnt ganz einfach net anescht, well ech dozou determinéiert war. Wat huet mech dozou determinéiert? Meng charakterlech Eegenschaften a mäin soziaalt Ëmfeld, dat mäin Denken an Handelen bestëmmt. Mäin Wellen ass also am Fong weder näischt ewéi e Spigelbild vu kausale Verhältnisser, meng Handlung d’Wierkung vun enger Ursaach, engem Motiv, an dat Motiv ass definéiert duerch meng charakterlech Eegenschaften déi mat der Realitéit konfrontéiert ginn. Vergläiche kann een dat vläit mat engem Floss, deen duerch d’Landschaft leeft. Ass de Floss fräi oder net? En huet bedéngt duerch d’Naturgesetzer sécherlech kee fräie Wellen, daher d’Muecht selwer ze decidéieren, wouhin e leeft. En ass awer an deem Sënn fräi, wann e säin duerch säin Wiesen determinéierte Wee oflafen kann, ouni vun engem Staudamm oder engem Kanal behënnert ze gin. Dat alles ass elo natierlech net den authentesche Hume, mee sou wéi ech hien interpretéieren.
En Awand, deen een oft héiert: „fir ze demonstréieren, dass ech awer e fräie Wellen hunn, hiewen ech elo ee vu mengen Äerm. Deen Exercice man ech e puer mol, an hiewe scheinbar willkürlech mol deen een, mol deen aneren Aarm. Lo behaapten ech, ech hätt jo do kee Motiv gehat, e bestëmmten Aarm ze hiewen, et war also mäin fräie Wellen, deen dat beschloss huet.“ Dozou seet de Hume, dass dat eng Illusioun ass. Mir hunn effektiv a ganz ville Situatiounen d’Gefill, mer hätten e fräie Wellen. De Hume mengt, dass dat dorun leit, dass eis einfach d’Aflossfaktoren, déi eis determinéieren, ni komplett bekannt sinn. E Beispill: Stelle mer eis eng Situatioun fir, wou eng Persoun an enger Hütt op den Alpen an engem Schnéistuerm festsetzt. Et bleift nach Uelech fir 24 Stonnen ze hetzen. Wat mecht se? Bleift se an der Hütt setzen an hofft, dass se vermësst get, an een Hëllef schéckt, oder riskéiert se sech selwer duerch de Schnéistuerm erof an ‘Duerf ze kämpfen? Wann mer déi Persoun guer net kennen, tendéiere mer dozou ze soen, si géif eng fräi Entscheedung treffen. Wann mer déi Persoun awer ganz gutt kennen, huele mer un et ass eisen Zwillingsbrudder, deem seng komplett Liewensgeschicht mer kennen wéi eis eegen, a vun deem mer genee wëssen, wéi en tickt, da kenne mer mat ganz grousser Wahrscheinlechkeet viraussoen, wéi eng Entscheedung en treffe wäert. D’Ëmstänn an d’Charakterzich determinéieren de Wellen. Fir elo zréck op d’Beispill mam Aarm-hiewen zréck ze kommen, do ass et natierlech vill méi schwéier fir festzestellen, wéi een Aarm gehuewe get, well d’Relevanz dovun éischtens vill méi geréng ass, an zweetens den Afloss vun internen an externen Faktoren op déi Entscheedung fir eis net méi ersiichtlech ass. Mir erkennen keng Beweggrenn oder Motiver méi a schléissen dorop, dass et sech heibäi ëm Wellensfräiheet oder Willkür handelt. Just well mer näischt erkennen, heescht dat awer net, dass näischt do ass. Vun dohir ass d’Wellensfräiheet fir de Hume eng Illusioun.
A menger Aarbecht well ech awer net just de Hume interpretéieren, mee et soll jo och eng Art Mehrwert dobäi erauskommen, dofir well ech seng Virstellung op d’Prouf stellen, an zwar an deems ech se mat modernen Theorie wéi déi vun der Chaostheorie, Quantentheoorie, Gehirfuerschung an sou weider konfrontéieren. Dat natierlech verhältnisméisseg graff, also souwäit wéi et fir een net-Naturwessenschaftler méiglech ass. Ech fannen an deem Kontext virun allem d’Chaostheorie intressant, well et do jo och genee dorëms geet, dass mer zB d’Wieder oder eng Lawin net genee determinéiere kennen, net well et net méiglech ass, mee well et eis – zumindest haut – onméiglech ass sämtlech Aflossfaktoren ze kennen, sou wéi de Hume et och mat Bléck op eise Wellen mengt.
E ganz anere Virworf, deem dem Hume oft gemat get, dat sinn d’Konsequenz fir d’Moralphilosophie an och fir d’Justiz. Wann ech a mengem Handelen kausal determinéiert sinn, kann ech dann nach responsabel gemat gi fir mäin Handelen? Wann ech dech ëm den Eck bréngen, da soen ech zu menger Verdeedegung einfach, dass ech dozou determinéiert war, et huet misse sou kommen… De Hume verstin ech hei esou: Wann sech een virun den Zuch geheit, da kann een dem Lokomotivführer jo kee Virworf man, hien hätt déi Persoun ëmbruecht huet, well et net seng Absicht war, an en et och net verhënnere konnt. Wann ech dech awer erschéissen, wells de mer aus enger bestëmmter Ursaach am Wee wars, dann hat ech ganz kloer ee Motiv. Bestrof gi mer an eisem Justizwiesen jo wéinst dem Motiv, net wéinst der Handlung. Wa mer dovun ausginn, mer wieren net determinéiert, also wellensfräi, dann bedeit dat, dass et kee Kausalverhältnis get, mee just Willkür, an domat keen Zesummenhang tëscht Motiv a Konsequenz. Ech mengen, ech muss dat nach eng Kéier noliesen, well elo wou ech et schreiwen, erschéngt et mer net immens kloer an iwwerzeegend.
Ech géif vläit anescht argumentéieren: wat de Hume hei mecht, ass eng deskriptiv, erkenntnisfördernd Philosophie, a keng normativ Moralphilosophie. Wat seng Erkenntnis fir d’Moral an d’Justiz bedeit, ass hei total belanglos, et geet just ëm d’Erkenntnis. Vun dohir géing ech da soen, jo dat ass effektiv e Problem, mee just well eis dat net gefält, ännert dat näischt un der Realitéit. A weider ass et jo och esou, dass mer jo nach ëmmer d’Illusiounen vum fräie Wellen hunn, dat heescht mirmengen, dass mer fräi sinn, a wien mengt fräi ze dinn, deen ass och – zumindest ‘gefillt’ – fräi. Fir eis kennt et schlussendlech jodorop un, wat mer vun der Realitéit hunn, net wéi se wierklech ass, an dee Moment ass et just e Schäinprobleem.
Wéien Aspekt ech vun der Quantentheorie abaue soll a wéieng Positiounen vun der Gehierfuerschung (wou ech och nach guer keen Duerchbléck hunn), dat weess ech nach net. Een eng Idee oder Ureegung? Oder vläit eppes komplett aneres? Ech sinn oppe fir alles
Ech hale lo mol mat schreiwen op, well et get nach vill ze liesen…
Abgelegt unter : Philosophie



udden Résumé! An natierlech eng faszinant Thematik.
Hume trumps Kant. Opmanst wat de fräien Wëllen ugeet. Ass opmanst och meng Meenung, vu d’Fakten an d’Argumenter.
Virun enger Zäit hat ech jo och schon eng Kéier (http://strawdog.wordpress.com/2008/12/26/gedankenexperiment/) d’Beispill bruecht vun den zwee identeschen Paralleluniversen, wou jeweils eng an allen Aspekter 100% identesch Persoun mat der exakt der selwechter Fro an der exakt selwechter Situatioun konfrontéiert gët. Wéi kéinten do zwou verschidden Äntwerten erauskommen? Dat ass onméiglech. Ausser eng vun deenen zwou Persounen reagéiert irrational (wat awer och keng bewosst a fräi Decisioun wier). Mee suguer dat hätt missen duerch eppes getriggert ginn an dann wieren jo déi zwou Situatiounen net méi 100% identesch (firwat wier et just bei engem getriggert ginn?).
D’Quantentheorie bréngt menger Meenung an dëser Diskussioun net vill. Well wat soll se beweisen? Dass net alles determinéiert ass, mee chaotesch ass? Ok. Mee wéi hëlleft Chaos oder ‘Zoufall’ dem Argument vum fräien Wëllen? Eng Persoun déi chaotesch oder zoufälleg reagéiert mëcht dat jo net bewosst oder als Resultat vun enger rationaler Iwwerleeung. Sou eng Aktioun wier éischter eppes wéi en onbewossten, autmoateschen Reflex.
Wat d’Moral ugeet:
„In the law, the question of whether a person is responsible is not put in terms of free will. The closest analogue is whether a person is sane.“
an:
„The problem of moral luck and the emerging neuroscientific evidence challenge our practices of holding people responsible. For instance, if science convinces us that free will is an illusion, we seem to face a moral conclusion that is difficult to accept: that all criminals should be excused for their crimes.
A. When faced with this prospect, even those who think that responsibility is incompatible with determinism can find themselves wavering. On the one hand, it seems intuitively unfair to hold people responsible if we don’t have free will; on the other hand, it seems obviously fair to hold criminals responsible for their actions.
B. One important possibility, developed by the philosopher Manuel Vargas, is that we just need to change the way we think about responsibility. Rather than give up the idea that people are responsible, we might give up the intuitive commitment to incompatibilism. That is, we can give up the idea that responsibility requires that we have the kind of free will that is inconsistent with determinism.“
Perséinlech sinn ech der Iwwerzeegung, dass kee Mënsch vun Natur aus ‘béiss’ ass. Mee dass all seng negativ Aktiounen eng Konsequenz vun Angscht, Ignoranz an/oder ‘mental illness’ sinn, déi selwer nees d’Konsequenzen vun viiregen Experienzen sinn, etc. Dat heescht awer net, dass d’Gesellschaft dofir alles akzeptéieren muss! D’Täter (Läit déi negativ Aktiounen ausféieren) sollen de préférence edukéiert, therapéiert oder, wann et nët anescht geet, fortgespaart ginn, sou dass se fir d’Gesellschaft keng Gefor méi duerstellen. Bei extremen an hoffnungslosen Fäll (zb psychopatheschen Serienmärder) kéint een suguer eng Exekutioun erwägen (et sief dann et fënnt een liewenslaang agespaart méi human an huet d’Suen dofir).
E gudden Iwwerbleck iwwert d’Hirnforschung am Zesummenhang matt denger Froestellung gett: Geyer Ch. (Hrsg.), Hirnforschung und Willensfreiheit: Zur Deutung der neuesten Experimente, 2007.
Daat sin e puer kleng Artikelen déi Konsequenzen vun der Hirnforschung fir aner Wëssenschaften wëllen erklären. Daat Ganzt ass sou geschriwwen dass och net Naturwëssenschaftler daat verstin. Ech hoffen daat hëlleft weider.
Merci fir de Feedback dir zwee. Dat Buch vum Geyer hat ech mer effektiv schons kaaf, ech hat et mer awer net genee ugekuckt, wat ech awer elo mol gemat hunn. An no 2 Aufsätz muss ech soen, et ass genee dat wat ech brauch
@Grommel, Chaos oder Zoufall helleft dem fräie Wellen insoufern, dass et d’Fräiheet als Illusioun stützt. Insgeheim wesse mer, dass mer determinéiert sinn, mee trotzdem ville mer eis fräi, well eis „kognitiv Opléisung“ net schaarf genuch ass, fir den Determinismus ze erfaassen.
Mat der Hirnforschung an der Chaostheorie hunn ec hemol 2 gutt Usäz fir de Hume ze stäipen. Wat d’Quantentheorie betrefft, do ginn et jo ennerschidlech Erkenntnisser an Aussoen, déi och ennerschidlech Aspekter vun der Philosophie beréieren, zB Identitéit an Kausalitéit. Wat Fräiheet an Determinismus betrefft, sinn ech mer elo net secher. Ech ka mech awer erenneren, eng Kéier eppes iwwert de Laplace (de wuel bekannsten Verfechter vum Determinismus) am Zesummenhang mat der Quantentheorie gemat ze hunn. Dat misst ech da mol no sichen.
@Grommel, déng Ausféierungen iwwert de Rechtssystem erennere mech e bessen un den Wolf Singer. Falls de se net vun do hues, da lies deen emol, dat dierft dech intresséieren
Ech hoffen dass de déi dengen Ausféierungen deen richtegen Dosage fënns. An engem vun deenen Artikelen am Buch iwwert d’Hirnforschung seet den Auteur dass déi Argumenter vun der Hirnforschung een „Totschlagargument“ sin. Och wann ech net richteg gesin waas de wëlls maat der Quantentheorie ustellen, sou ass deen Risiko vum Totschlagargument och gin.