Et get fir mech jo kee bessere Start an den Dag ewéi sech moies mat enger gudder Taass Kaffi an d’Sonn ze setzen an d’Zeitung ze liesen. Am Moment kann ech awer kaum nach eng (lëtzebuergesch) Dageszeitung liesen. Se sinn zu rengen Partei-Propaganda-Organer mutéiert. Déi 3 méi oder manner grouss Zeitungen hu jo hir eege Partei, oder ëmgedréint. Wisou ënnerschreift een eigentlech en Ofkommes fir e fairen Wahlkampf, wou dann zB festgehal get, wéi vill Pannoen maximal dierfen opgestallt ginn, wann d’Presse (d’Haaptinformatiounsquell) engem faire Wahlkampf de Buedem ënnert de Féiss ewech zitt? Zu enger parlamentarescher Demokratie gehéiere Wahlen an zu Wahlen e Wahlkampf, wou verschidden Ideen a politesch Gesamtkonzepter géinteneen untrieden, fir dass sech de Wieler en objektivt an authentescht Bild maache kann, wéieng Partei déi iwwerzeegenst Léisungen huet. Wann de Wahlkampf awer duerch d’Roll vun de Medien strukturell verzerrt get, dann schiedegt dat och massiv d’Legitimatioun vum Wahlresultat an domat ‘Demokratie als solch. Dat kléngt elo e bëssen dramatesch, ass awer sou. Dat Phänomen besteet och an anere Länner, zu Lëtzebuerg ass et awer besonnesch staarkausgeprägt. Et ass alt gutt, dass Fernseh a Radio de Wahlkampf méi verantwortungsbewosst uginn.
Lo wou ech schon beim lamentéieren sinn… An der Zeitung hunn ech haut eng grouss Foto vum Landeskongress vum „Foyer de la femme“ gesinn. Et gesäit een do 10 Reien Leit setzen. An de Reien 10-2 setzen zu 99% Fraen. An der 1. Rei setzen zu 99% Männer. Ech si jo elo keen, dee behaapt, dass sech just Fraen firFraenrechter asetzen dierfen, sou wéi ech mech jo och als net-homosexuellen fir Homosexuellenrechter asetzen, oder wéi ee sech als „räichen Europäer“ fir „aarm Afrikaner“ asetze kann. Trotzdem fannen ech et mat Bléck op eis politesch Kultur immens batter, dass sech Leit wiele loossen, andeems hirenDagesoflaf während 3 Méint virun de Wahlen dora besteet, den Tageblatt-, Wort-, a Journal-Fotographen hannendrun ze lafen, fir op all Spatenstich, Aweiung, Assemblée Générale, etc. an der éischter Rei ze setzen oder ze stoen an dran ze kucken wéi wann een sech e Liewen laang fir déi Cause engagéiert hätt.
Abgelegt unter : Politik



Genau daat hun ech och bemierkt wei ech d’lescht Woch op en kuerzen Sprong fir eng Konferenz op Letzebuerg erof koum. Vun Aberdeen aus liesen ech jo meescht d’ Online-Versioun vun den greisseren Zeitungen. Bei wort.lu zum Beispill kenns de net derlaanscht dass der dem Juncker seng Bels den halwen Schierm fellt befiers dei bai dain Artikel kenns. Mecht engem jo naischt aus den eischten Dag, mee no enger Woch kris de nawell de Keis. D’Zeitungen selwer sin och net besser, ech wollt News, du sin ech alt leiwer bei der Brittescher Press bliwwen.
En plus, well ech d’Konferenz schon erwaehnt hun… se wor zu Eiren vum Institut d’Immunologie vum Staater Labo. Den Haer Biltgen haat en kuerzen Optrett, nodeems en net op d’Enn gewaart huet an sech direkt no senger Ried dervu gemaat huet. Ech wees jo net op daat d’ Standard-Behuelen fir Letzebuerger Politiker ass, mee vue datt deen laeschten Riedner en respekteierten medizinischen Nobelprais-Traeger wor, haett ech mer ower e bessen mei Respekt wei daat erwaart wei daat. Vlait wunnen ech och schons ze laang bei den Briten… hei heif daat ower eischter net virkommen.
[...] Doriwer hunn ech mech schon ausgiebesch beklot, ech well et hei awer nach eng Kéier ennersträichen, well et, wat d’Wahl méi no geréckelt ass, emmer méi krass gin ass. Eis 3 grouss Dageszeitungen d’Wort, d’Tageblatt an de Journal (déi franséischsproocheg kann ech net beurdeelen) waren ennerschiedlech staark zu rengen Propaganda-Instrumenter verkomm, wat – an dat ass jo näischt neits – doru leit, dass se parteigebonne sinn. Lo ass et jo sou, dass e Journalist oder e Medium politesch ni komplett neutral ka sinn, well ee nu mol net laanscht eng perséinlech Meenung komme kann. Dat ass net just zu Letzebuerg de Fall, mee och am Ausland. A kengem vun eise Nopeschlänner sinn déi dominant Medien awer därmoossen parteigebonne wéi zu Letzebuerg. Wann een d’Zeitung vun der Partei X opgeschloen huet, sou ass een am nationalen Deel quasi just nach mat Standpunkter, Porträten a Fotoen vun de Kandidaten vun der Partei X konfrontéiert gin. Lo kéint ee soen: journalistesch Fräiheet, fräi Meenungsäusserung etc. Domat maachen déi Zeitungen et sech awer ze einfach. D’Medien hunn d’Verantwortung grat a Wahlkampfzäiten dem Lieser eng fair an objektiv Berichterstattung z’offréieren. Dat ass e liewenswichtegt Instrument vun enger Demokratie, dat zu Letzebuerg konsequent a schamlos mat Féiss getreppelt get. Déi geschriwwe Presse verfälscht de politesche Wettbewerb maßgeblech. Vun engem faire Wahlkampf kann do net méi riets sinn. An deem Kontext géif et mech och emol intresséieren, wéi déi ganz Propaganda an den Zeitungen no de Wahlen am Kader vun der Parteiefinanzéierung a Wahlkampfkäschten behandelt get. Et kléng vläit e bessen dramatesch, mee Letzebuerg kann ennert deene Bedingungen, also wann een e faire Wahlkampf a politesche Wettbewerb als Kritere fir eng Demokratie unerkennt, net als vollwäerteg Demokratie gellen. Natierlech intresséiert dat kaum een, virun allem déi Parteien net, déi vun deenen Defiziter profitéieren. [...]