Ab elo wäert ech all Post, deen mat Politik a Wahlen ze dinn huet mat „Wahlkampf“ betitelen. Domat schafen ech dann e legale Kader fir Wahlkampf, a keen kann mer es méi virwerfen.
Well ech elo schons vun e puer Leit gefrot gouf, wéi ech dann de Face a Face tëscht dem Juncker a Meisch fonnt hätt, hunn ech mer dat dann elo am RTL-Video Archive ugedoen.
Mäin Fazit: De Meisch war vun der Form hir gutt, vum Inhalt onglafwierdeg. De Juncker war midd a fahrlässeg, huet déi eng oder aner „Selwerplateau-Chance“ verpasst, fir de Meisch inhaltlech blouss ze stellen an als Populist ze entlarven. Alles an allem: Sendezäitverschwendung.
E puer Detailer:
„Et ass normal, dass de Chef vun der gréisster Oppositiounspartei de Regierungschef erausfuerdert.“ mengt de Meisch. Aha. Déi éischt puer Minutten vum Face a Face hunn déi 2 Hirschen verbraucht, fir hiren inszenéierten Optrëtt esou krampfhaft ze rechtfäerdegen, ewéi wann se allen zwee wéissten, dass dat awer net esou normal ass, wéi se et behaapten.
Effektiv vermëttelt engem déi Episode den Androck, mer géifen eis am amerikaneschen oder engem aneren 2-Parteien/Mehrheitsdemokratie-System befannen. Dass Obama a McCain sech géigeniwwer stinn ass effektiv normal. An engem pluralisteschen System wéi Lëtzebuerg et awer ass, do sinn Elefanteronnen éischter dat Normalt. Wann een de Wahlkampf dann awer onbedéngt an eng Duellform presse well, da misst een an deem Fall jiddereen eng Kéier géint jiddereen untriede loossen. Wann een en Duell ronderëm d’Fro vum zukünftege Premier ausdroe well, dann hätt et missten wéi an Däitschland beim Kanzlerduell oflafen, hei also tëscht CSV an LSAP, woubäi ech och dat mat Bléck op e pluralistesche Parteiesystem realitéitsverzerrend fannen.
Egal, ech mengen et kann ee feststellen, dass et der DP just drems gaang ass, de scho peinlech schlechten obamesken Persounekult ëm de Meisch weider auszebauen, dat an der Hoffnung, den inhaltlechen Armut ze kachéieren.
Wou ech dann elo beim Inhalt sinn, do muss ee vir unzefänken schon emol feststellen, dass hei eng ze wirtschaftsliberal Politik vun engem nach méi wirtschaftsliberale Politiker ugegraff get. Dat féiert deen ganzen Theater inhaltlech schon ad absurdum. Den Erausfuerderer hätt misse lénk Positiounen vertrieden.
De Juncker ass ewéi eng Smarties: baussen je no Bedarf rout, gréng oder blo an am Kär schwaarz. Oder an anere Wieder: elo wou d’Leit et héiere wëllen, jäizt hien no Reguléierung a Sozialstaat, während en an de leschte Joren am Fong genee de Konträr gemat huet, zesumme mat senge Kollegen op der europäescher a weltpolitescher Bühn. Als éischt loossen se de Wirtschafts- a Finanzsystem pervertéieren, an dann wann et ze spéit ass, beschwéieren se sech, dass et esouwäit komm ass. Och am Face a Face hat de Juncker nees, säin rout Hiermchen un an huet de Meisch (zurecht) missen drun erënnert, dass och jenseits vun der sougenannter Mëttelschicht geschafft get an zum Wuel vum Land bäigedroe get. Do huet een fir ee Moment dat richtegt Gesiicht vun der DP onfräiwëlleg duerchliichte gesinn. Verpasst huet de Juncker awer d’Chance, den Här Meisch als Populist ze entlarven, wat d’Wahlverspriechen vun der DP betrëfft: Gläichzäiteg gi Steiersenkungen a Gratis Kannerbetreiung versprach. An dat an enger Situatioun, wou mer finanziell der Tendenz no suboptimal do stinn. Aus der Wirtschaftskris erausrudderen an Gratis Kannerbetreiung si Politiken, déi vill Geld an de Statskeese viraussetzen. Steiere senken ass dobäi keng Mesure, déi Statskese fëllt. Wou well DP dat Geld soss hir kréien? Massiv Statsverscholdung op d’Käschte vun den zukünftegen Steierzueler? Aner sozial Leeschtungen kierzen? Den Här Meisch schwätzt dann ëmmer vu Strukturreformen. Dat kléng gutt, a se sinn wuel och sënnvoll, just ass dat awer eng laangfristeg Mesure, wat mer awer brauchen fir aus der Kris ze kommen an gläichzäiteg och fir Gratis Kannerbetreiung unzebidden, dat si kuerzfristeg Mesuren. Alles an allem halen ech fest, dass dat, wat de Meisch sou erzielt, eng zimlech onrealistesch an populistesch Politik ass, déi hirer Clientel dat versprécht, wat se héiere well. An de Juncker ass midd, deen sollt seng Tour ofbriechen.
Abgelegt unter : Politik



Ech denken de Meisch well einfach nemmen de klengen Leit daat schmackhaft man waat fir dei deck geduecht ass, liberal Politik.
Daat ganzt hat bessen eppes vum Izogoud, den Meisch wier einfach gaer „Calife à la place du Cailfe“ an ech mengen hee gesait sech schon mat Merkel Sarko an Obama. Daat waerd awer wuel baim Draam bleiwen…
Waat dai Problem mat 2 Wirtschaftsliberalen Parteien ugeet, denken ech das du einfach vun ze wait lenks dodrop kucks, am verglach zur CDU zum beispill ass dCSV keng liberal Partei, si vertrett jo och keng liberal Idealer, mee ass mei dem internationalen Trend nokomm, (wann och net sou staark wei aner Länner)
Ech hunn dem Juncker seng Fro „Waat ass d’Mettelschicht?“ gudd fonnt. Hien ass, obwuehl midd, tuddeleg (an vlaischt och ugeheitert?) méi symphatesch eriwerkomm wéi de Meisch. Waat jo am Fong schon erem immens erstaunlech ass.
D’DP huet sech keen groussen Dengscht erwissen, dass se deen Débat gefoudert huet. Aus menger Sicht huet de Meisch keng vun sengen Positiounen kënnen kloer verdedegen.
An de Stréit iwwert déi sougenannten Mëttelschicht war effektiv deen interessantesten Punkt vum Débat. Allerdengs hätt ech gären héieren wéi den Premier déi dann définéiert.
PS: Daat Bild vum Juncker als Smarties ass genial.
De Meisch huet nemmen verluer. Tragesch wor dat ze gesin wéi deen Aarmen Jong do piddelt an de Juncker mat him spillt. Ganz traureg.
Jo mee ech mengen, dass en awer reng vun der Form hir bei munche Leit gutt ukomm ass. (an dat ass leider oft ausschlaggebend)
ech denken awer daat de Meisch am beschten fall nemmen bai Leit punkten konnt dei de Juncker sws net leide kennen. An déi hu eigentlech och schon eng meenung zum Meisch.
Hun mer den Zirkus vru kuerzem ugekuckt, wor ferm tempteiert allerdengs schon an er Halschend ophaalen well et nawell ferm laecherlech wor. Mais bon… Wei den Laurent schons gesoot huet, d’DP huet sech bei deer Saach secherlech keen Dengscht erwisen; hun suguer vun DP-Wieler heieren hun dei sech leiwer nach eng Keier iwwerdenken wou se hiert Kraiz maachen. Aanerersaits huet den Juncker och scho mol besser Theater gespillt. Ales an allem, eppes immens krampfhaftes vu beiden.
D’ass schons faszinant wann ech den Letzebuerger Wahlkampf mam Briteschen/Schotteschen verglaichen… hei uewen brengen se et alt faerdeg fir d’Schotten (a mech) emol z’iwerzeegen. Waat d’Letzebuerger ubelaangt, do ass et ironescherweis fir mech meescht emgedreit: soubaal een op seng Seefekescht klemmt fir seng Meenung ze posaunen soen se genau daat falscht oder eng Connerie no deer aanerer a meng Steem geet hechstens floeten…
Ech sin ganz dem Manuel senger Meenung wat den Inhalt vum Face à Face ugeet. Allerdings mengen ech, dass de Meisch och mol net op der Form konnt Punkten. Hien stung e bessen do wéi en Schouljong deen sech vum groussen Meeschter beléieren léisst. Doriwwer eraus war den Junker awer och wierklech net a Form. E Moment huet een gemengt e ging bal erstécken, well en sou schwéier geotemt huet, an déi Anekdoten mat séngem Papp sin einfach nemmen peinlech!
Ech färten sou ee face a face mam Amtsinhaber ass nii einfach, dee kennt eigentlech dFakten an dProblemer emmer besser. A wann et dann nach de JCJ ass, ass et extra schwéier, deen ass en aalen hues a léisst sech sou séier naischt virman.
ech verstin just iergendwéi dee problem mat de smarties net. kloer, heen ännert dFaarw ewéi ee cameleon, mee as dat net och normal vir eng politik dei sech „mett“ nennt? et gin zwou meiglechkeete: populist oder einfach nemmen net an enger ideologie blockéiert.
Nuria jo ech gesinn et och esou ähnlech, mee ech hunn awer vu ville Leit heieren, déi de Meisch als „souverän“ empfonnt hunn…
Pol, ma ech si kee Fan vunn der „Mett“, mee et kann ee natierlech och e besse roud, e besse blo, e besse gréng sinn, wourop et awer ukennt ass d’Kluft tescht deem, wats de erziels, an deem wats de effektiv mechs. An de Juncker ass nu mol grousse Braddeler. Hien get sech hei zu Letzebuerg oft méi sozial ewéi zB d’LSAP, an trotzdem huet en an de leschte Joeren un der grousser Dereguléierung massiv matgewierkt. Um Kongress vun den däitsche Gréngen, wou e Gaaschtriedner war (*schudder*), war hien duerch an duerch gréng. Séng gréng, roud a blo Tupfer sin awer just siichtbar, wann e braddelt, wann e Politik mecht, ass e just schwaarz.