Nach 12 Deeg…

Ech misst soulues ufänken, meng Zäit e bessen ze rationéieren, an e besse manner Zäit drop verwenden, wéi ech meng Zäit am beschten rationéieren.

Dass ech meng Seminaraarbescht fir de 7. Juni fäerdeg hunn, fänkt lues awer sech un utopesche Charakter ze kréien.

Ech hunn elo mol awer zumindest eng Grondstruktur:

- d’Wellenfräiheet an der Philosophiegeschicht

- Fräiheet a Noutwennegkeet beim David Hume

- dem Hume seng Positioun um Préifsteen vun der Gehierfuerschung

- dem Hume seng Positioun um Préifsteen vun der heisenbergscher Onschärferelatioun

- dem Hume seng Positioun um Préifsteen vun der Chaostheorie

- Kann Kant die Freiheit retten?

Ofschléissen well ech d’Aarbecht mat engem Kapitel, dat ech dem Kant widmen, net just fir den Dozent ze befriddegen, mee och well de Kant mat séngen 4 Antinomien an der Kritik der reinen Vernunft en idealt Instrument liwwert, wéi een de Widersproch, deen a menger Aarbecht behandelt get (a wahrscheinlech net geléisst ka ginn), zumindest schéinrieden kann.  An den Antinomien beweist de Kant jeweils eng These, an deems en de Konträr widerleet, a beweist dann uschléissend d’Antithese, andeems en do och de Konträr dovun widerleet. Déi 4 Antinomien handelen vun der Onendlechkeet, der Deelbarkeet, der Fräiheet an der Existenz vun engem héigere Wiesen. A menger Aarbecht géif natierlech déi 3. agebaut ginn:

Thesis: „Die Kausalität nach Gesetzen der Natur ist nicht die einzige, aus welcher die Erscheinungen der Welt insgesamt abgeleitet werden können. Es ist noch eine Kausalität durch Freiheit zur Erklärung derselben anzunehmen notwendig.“
Antithesis: „Es ist keine Freiheit, sondern alles in der Welt geschieht lediglich nach Gesetzen der Natur.“

Jidderengem, deen sech gären mat sou philosophesche Froen „à la Onendlechkeet“ beschäftegt, deem kann ech d’Antinomien nemmen empfehlen. Se sinn eng Garantie fir e Knuet am Gehier. Wou? Immanuel Kant, Kritik der reinen Vernunft, [B454/A426-B456/A428(29401)]. (d’Essenz kann een och mat ganz wéineg Kant-Kenntnisser verstoen, et ass just relativ ustrengend ze liesen, dofir awer wéineg Text, 38 Säiten)

Souvill mol dozou.

An 12 Deeg gi mer dann jo awer och wielen. Am Moment schéngt am Wahlkampf eng gewesse Ruhe vor dem Sturm ze herrschen: jiddereen hockt a Lauerstellung a wäert op eng taktesch Gaffe vum Géigner fir sech selwer an Szene ze setzen. Oder awer d’Leit si mettlerweil schon esou genervt, dass d’Parteien et fir méi produktiv halen, sech zréck ze zéihen. Fir déi Leit, déi selwer am Wahlkampf involvéiert sinn, ass et de Moment jo nach vill méi en Ausnahmezoustand. Fir de „normale Mensch“ wäert den 8. Juni wuel méi oder manner en Dag wéi all anere ginn. Fir de Politiker, ganz onofhängeg vum Wahlresultat, ass et awer eng Zäsur, déi Senn-Froen opwerfe wäert, fir et e bessen iwwerdramatesch duerzestellen. Et ass dann einfach eriwer… :-)

D’LSAP-Zeitung war de Moien nees besonneg ustrengend. Normalerweis ass d’Tageblatt jo all Moien den Zocker a mengem Kaffi, de Moment awer éischter d’Salz. Ech hat et schons geschriwwen, mee ech well et nach eng Kéier soen: Wann d’Press hirer Roll als objektiven Opklärer vu vir eran net gerecht well ginn, dann brauche mer guer net vun engem fairen  Wahlkampf ze schwätzen! Ginn esou Messstänn vun internationalen Wahlbeobachter iwwerhaapt wouergeholl?

14 Antworten

  1. Eh ben, fir d’Letzebuerger am Ausland as, waat d’Wahlen ugeet, d’Biir scho geschielt; ech hun och des Keier keen Postoffice-Maennchen missen erwiergen fir dei iwwergrouss Enveloppe fortgescheckt ze kreien.

    Du mengs d’Leit wieren eventuell „mettlerweil schon esou genervt“? Hmm, bis lo duecht ech den Wahlkampf wier bis lo bal harmlos bliwwen am Verglaich mat der laeschte Keier… Ech denken eischter datt eis Politiker versichen dei laescht 2 Wochen all meiglech Connerien z’eviteieren… an daat geet bei villen eben nemmen wann se de Baak mol haalen ;)

  2. Et géing mech nawell interesséieren, wéis de et färdeg bréngs d’heisenbergesch Onschärferelatioun ze benotzen fir de fräie Wëllen ze widderleen?

  3. Dofir brauch een net den Heisenberg. Fräie Wellen gett et net. Basta.

  4. @Alain jo weniger ist mehr :)

    @Thierry, ma ech wees net op ech domat de fräien Wellen widerluet kreien, mee d’Onschärferelatioun, oder d’Quantentheorie insgesamt, huet jo een grousse Afloss op den Determinusmus, deen an der Quantewelt jo esou net méi funktionéiert. Et kann een nach héchstens mat Probabilitéiten rechnen. Dat huet och Afloss op kausal Verhältnisser an domat natierlech och insgesamt op Fräiheet/Noutwennegkeet-Debatt. Wat ech genee domat ufänke well, wees ech nach net genee, mee et och allenfalls en klengen Ennerpunkt.
    Ech war elo beim Prof an der Sprechstunde, a séng Reaktioun op mäin Thema war ongefeier: „booaaa errrrrr…“
    Mer hunn et elo thematesch e bessen gestutzt, sou dass ech nach just Hume an Hirnforschung man, an déi aner Aspekter just nach als Ennerpunkte firkommen.

    @Thorben, jo genau, mee ech mengen dem Dozent geet dat awer net duer :)

  5. Wou soll de fräien Wëllen och hier kommen?

    Entweder mir handelen rational (mir kommen zu enger logescher Conclusioun, baséiert op eisen viireschten Experienzen) oder mir handelen irrational (an deem een einfach egal wat mëcht dh ouni nozedenken oder einfach zoufälleg handelt). Am éischten Fall si mer determinéiert (well eis Conclusioun jo eng nécessaire Konsequenz vun eisen viireschten Experienzen ass), am zweeten si mer e Spillball vum Chaos. Béides léisst keng Plaz fir de fräien Wëllen.

    Ech fannen och d’Erkenntnis interessant, dass Patienten, wou die riets Halschent vum Gehiir net matkritt wat die lenks mëcht/erliewt, sech einfach a posteriori dann Excusen afalen loossen FIRWAT se eppes gemaach hunn. Obwuel d’Ursaach usech eng ganz aner woer! Just dass die Säit vum Gehiir, déi eng Erklärung liwweren soll, dat net matkrut. Well d’Gehiir awer net wëll zouloossen eppes gemaach ze hunn ouni ze wëssen firwat, erfënnt et eben déi Excuse.

    An firwat kann et nët allgemeng sou ähnlech sinn? Eist Ennerbewosstsein rechent aus wat mer maachen sollen, schéckt eis e Befehl an mir exekutéieren automatesch. Dann ereischt kënt d’Bewosstsein an seet sech: „Jojo, natierlech wollt ech dat do man! Dat woer meng Decisioun!“ = d’Illusioun vum fräien Wëllen.

  6. Wiesou ass et keen fraie Welle, just well eng Entscheedung op viireschten Experienzen baséiert? Sorry, ech sinn skeptesch, mee virwaat befreihe mer no 2000+ Joer Fesselen vun Relioun, fir eise fraie Wellen un Physiker an Philosophen ze verschenken?

  7. Joel:

    Wéi kéins du mat deenen SELWECHTEN Donnéen an der SELWECHTER Relatioun zu engem aneren, logeschen Schluss kommen?

    Déi eenzeg Méiglechkeet do wier wann deng Decisiounen zoufälleg giffen geholl ginn. Wat dengem Standpunkt vum ‘fräien Wëllen’ awer och net weiderhëlleft.

  8. Meng Erfahrung seet mer, daat ech Schoklasglace gären hunn an daat een heinsdo soll néi Saachen ausprobéiren.
    Fir waat fir eng Glace entscheeden ech mech? Bzw. waat ass un Schoklasglace méi logesch wéi un enger néier Zort? Oder ass daat dann eng „irrational, zoufälleg“ Entscheedung? Bzw. wiesou fällt et dir esou schwéier, net nemmen mengen Ennerbewosstsinn, der Quantenphysik, engem Paiperleck mee och mir Entscheedungskraaft ze ginn?

    Wann alles just op Logik oder op chaoteschen, awer virausberechenbaren Saachen baséiert, dann misst een (theoretesch) jo alles berechenen kennen?

  9. @Grommel, du ennerscheets tescht rational an irrational. Ech géif an desem Kontext eischter tescht determinéiert a „random“ ennerscheeden. Wann eng Handlung opgrond vu rationalen Entscheedungen ausgefouert get, dann heescht dat jo, dass den Handlungshannergrond analyséiert gouf an opgrond vu Motiver e bestemmtend Ziel verfollegt get, an dat eben op deterministesch Art a Weis nom Motto: „ennert deene Bedingungen huet et misse sou kommen“. Wann d’Entscheedung irrational ass, heescht dat jo awer net, dass mer dann net determinéiert, also fräi, handelen, et heescht just, dass d’Motiver net rational sinn. Ech kann eng Handlung jo och aus engem Aberglaube eraus maan, wat trotzdem nach emmer eng determinéiert Handlung ass, och wann se op illusoresche Prämissen opbaut.

    Ech gesinn de Géigensaz eischter tescht determinéiert an ‘random’, woubäi ech mengen, dass et dat zweet net get, also dass mer emmer determinéiert sinn.

    @Joel, wann eng Entscheedung op virreschten Experienzen baséiert, dann ass se jo calculéiert an motivéiert, dee moment kann se jo net fräi sinn. Wanns de d’Zäit zréckspulle kéins, géifs de wahrscheinlech all Kéiers genee déi selwecht Entscheedung treffen, well d’Aflossfaktoren, déng Emwelt, däin Denken, all Kéiers déi selwecht wieren.

    Wat an deem Zesummenhang d’Fessele vun der Relioun betrefft: et muss een hei ganz kloer ennerscheeden tescht Wellensfräiheet an Handlungsfräiheet.

    D’Fro vum Determinismus betrefft just d’Wellensfräiheet, se seet eis, dass mer net bewosst eng fräi Entscheedung treffen, mee onbewosst opgrond vun enger hellewull Aflossfaktoren. Mär kennen eis eise Wellen also net eraussichen, et ass éischter sou, dass en passéiert, e bessen esou wéi e Floss, deen duerch e Flossbett leeft. De Floss huet keng Wellensfräiheet, e kann just duerch säin Bett fléissen wéinst physikalescher Gesetzgebung. De Floss huet awer eng Handlungsfräiheet. E kann säin determinéierten Wellen ausüben, et sief dann, mär bauen e Staudamm, leeden en em oder kanaliséieren en. Do wiere mer dann bei der Handlungsfräiheet, déi ageschränkt get, an genee dat huet och d’Relioun gemat. D’Relioun huet eis net verbueden eppes ze wellen, se huet eis verbueden ze handelen no eisem Wellen.

    Am Endeffekt sinn ech der Iwwerzeegung, dass mer „materialistesch“ betruecht kee fräie Wellen hunn, also determinéiert sinn. Et bleiwt awer d’Illusioun vum fräie Wellen, well mer net an der Laag sinn déi ganz Aflossfaktoren ze erkennen an ze berechnen, sou wéi mer zB och d’Wieder net präzis virraussoe kennen, opwuel et theoretesch méiglech ass.

    Dofir muss ee vläit och d’Ennerscheedung man, op mer vu faktescher Fräiheet oder gefillter Fräiheet schwätzen. Als Wessenschaftler kennt et eis drop un, wat faktesch ass. Als Mensch kennt et eis drop un, wat mer fillen. An soulaang de Mensch d’Gefill huet, fräi ze sinn, an dat hu mer, si mer als Menschen och fräi.

  10. joel:

    >Meng Erfahrung seet mer, daat ech Schoklasglace gären hunn an daat een heinsdo soll néi Saachen ausprobéiren.

    Béides ass scho mol keen Choix ;)
    Du hues net decidéiert, dass de Schoklasglass gären hues, mee du hues festgestallt, dass se der schmaacht, duerfir hues de se gär
    Du probéiers gären nei Saachen aus well dat sech gutt ufllt fir dech. A firwat giffs de Saachen déi sech gutt ufillen net man?

    >Fir waat fir eng Glace entscheeden ech mech? Bzw. waat ass un Schoklasglace méi logesch wéi un enger néier Zort? Oder ass daat dann eng “irrational, zoufälleg” Entscheedung? Bzw. wiesou fällt et dir esou schwéier, net nemmen mengen Ennerbewosstsinn, der Quantenphysik, engem Paiperleck mee och mir Entscheedungskraaft ze ginn?

    A Päiperléck huet genausou vill Wëllensfräiheet wéis du (dh däi Conscient): keng.

    Däi Subconscient huet keng Wëllensfräiheet. Däi Subconscient rechent nëmmen aus, wat die bescht Decisioun schéngt ze sinn an deelt der se als Gedanken oder Gefill mat. Wann natierlech schlechten Input do ass, ass den Output och net immens. An de Computer (de Subconscient an domadder d’Gehiir) kann natierlech och buggy sinn, duerfir maache mer och heiandsdo Saachen, déi eis am Endeffekt awer net hëllefen.

    >Wann alles just op Logik oder op chaoteschen, awer virausberechenbaren Saachen baséiert, dann misst een (theoretesch) jo alles berechenen kennen?

    Jo, wann een all Variablen, etc hätt an eng Maschinn fir et auszerechnen. Béid ass eis awer net méiglech.

  11. manuel:

    >du ennerscheets tescht rational an irrational. Ech géif an desem Kontext eischter tescht determinéiert a “random” ennerscheeden. Wann eng Handlung opgrond vu rationalen Entscheedungen ausgefouert get, dann heescht dat jo, dass den Handlungshannergrond analyséiert gouf an opgrond vu Motiver e bestemmtend Ziel verfollegt get, an dat eben op deterministesch Art a Weis nom Motto: “ennert deene Bedingungen huet et misse sou kommen”. Wann d’Entscheedung irrational ass, heescht dat jo awer net, dass mer dann net determinéiert, also fräi, handelen, et heescht just, dass d’Motiver net rational sinn. Ech kann eng Handlung jo och aus engem Aberglaube eraus maan, wat trotzdem nach emmer eng determinéiert Handlung ass, och wann se op illusoresche Prämissen opbaut.

    D’accord. Wat ech usech soen wollt ass, dass et just zwou Optiounen ginn: entweder ass alles determinéiert oder alles ass chaotesch/random. A béiden Fäll ass keng Plaz fir de fräien Wëllen.

    >Ech gesinn de Géigensaz eischter tescht determinéiert an ‘random’, woubäi ech mengen, dass et dat zweet net get, also dass mer emmer determinéiert sinn.

    Och d’accord. Den ‘Zoufall’ gët et a mengen Aan och net. Wat mir Zoufall nënnen ass just eppes wat fir EIS ze komplzéiert ze berechnen ass oder wou mer net direkt d’Zesummenhäng gesinn.

  12. Grommel: Mir ass schon kloer daat „Ech hunn Schoklasglace gären“ an „Ech probéiren gären néi Zorten aus“ net meng Decisioun sinn. Mee wou ech awer keng Wellsnfraiheet hunn, mech zweschen denen zwee ze entscheeden, hues de mir awer nach net erklärt?

  13. Joel:

    1. Ech huelen un deng ‘Decisioun’ fir soit ‘Schoklasglass’ oder eng ‘nei Zort’ ze wielen ass rational, d.h. däi Choix ass net d’Resultat vum Zoufall mee vun enger rationaler Iwwerleeung? Sou à la ‘Emmer Schoklasglass ass och langweileg duerfir huelen ech haut mol eppes anescht’? Well du muss jo en GROND hunn fir soit Schokla ze huelen oder net. Wann et, da giffs de vun chaoteschen, irrationalen Prozesser gestéiert ginn … an dat hëlleft denger Cause vum fräien Wëllen och net ;)

    2. Hues DU bewosst an deem Moment decidéiert dass ëmmer Schoklasglass langweileg ass oder hues du dat einfach spontan gefillt? Wanns de et gefillt hues: wéini hues du bewosst decidéiert dat ze fillen?

  14. Correctioun > Punkt 1: „wa NET, da giffs de vun chaoteschen …“

Eine Antwort schreiben