No enger klenger Paus, dann hei elo endlech den 3. Deel zum Thema „Trennung vu Kierch a Stat“. Am éischten Deel goung et ëm de schwieregen Ëmgang mat deem Thema, am zweeten Deel ëm de Reliounsunterrecht, an elo geet et dann ëm déi eigentlech, finanziell Trennung vu Kierch a Stat.
Finanziell Privilegien
Déi finanziell Privilegien vun der Kathoulescher Kierch kennen jo bekanntlech verschidde Facetten. Eng dovun sinn d’Konventiounen tëscht Stat a Glawensgemeinschaften, duerch déi d’Personal vun der Kierch all Joer mat eppes méi wéi 20 Milliounen € finanzéiert get.
Graff betruecht ass et esou, dass all Bierger oder Steierzueler (virun allem) d’kathoulesch Kierch matfinanzéiere muss, ganz onofhängeg dovun, ob e Member vun dir Kierch ass, gleeweg ass, oder mat hire politeschen Aussoen d’accord ass oder net.
De Probleem besteet elo doran, dass d’Verdeelung vun deene Gelder net representativ zu de realen Iwwerzeegungen an der Bevëlkerung geregelt ass, mee villméi kennt dat Geld bal exklusiv der kathoulescher Kierch zou, déi domat ganz kloer privilegéiert get.
Gutt, elo kéint een un dëser Stell awennen, dass jo awer anscheinend 90% vun de Lëtzebuerger Katholiken sinn, an dee Privileg domat gerechtfäerdegt. Déi 90% kommen menger Meenung no awer mat ganz grousser Wahrscheinlechkeet net dohier, dass déi Leit all därmoossen vun der kathoulescher Léier iwwerzeegt sinn – dat hu spéitstens d’Euthanasie-Debatt an d’Reaktiounen op dem Popst seng rezent Aussoen zu Homosexualitéit an AIDS bewisen – mee et leit wuel dorun, dass deene meeschten vun eis d’kathoulesch Konfessioun als onmündeg Babyen opgedrängt gouf. Ech woen dofir ze behaapten, dass mer a Wierklechkeet vill manner Katholiken zu Lëtzebuerg hunn.
E weideren Problem dobäi ass deen, dass et gutt Grënn ginn, d’kathoulesch Kierch net mat finanzéieren ze wëllen. Net nëmmen huet ee vläit näischt mat der Kierch um Hutt, mee d’Kierch ass an den Aen vu ville Leit eng méi wéi zweiwelhaft Organisatioun, fir et wuelwellend ze ëmschreiwen. D’Kierch ass diskriminéierent, intolerant, fraefeindlech, ondemokratesch, deels wessenschaftsfeindlech asw. Dat si genuch Grënn fir se net wëllen ze finanzéieren.
An eiser Verfaassung steet iwwregens, dass kee Bierger gezwongen dierf ginn, sech u reliéisen Aktivitéiten ze bedeelegen. Duerch d’Konventiounen ass een awer gezwongen, sech finanziell un den Aktivitéiten vun der Kierch ze bedeelegen. Vun dohier misst een emol iwwerpréifen, op d’Konventiounen net géint d’Verfaassung verstoussen.
Sport
Fir de Konventiounssystem ze rechtfäerdegen, vergläichen d’Kierch an d’CSV heiensto d’Finanzéierung mat dir vum Sport. Do heescht et dann, sou wéi de Stat jo och de Sport als Bestanddeel vun eiser Gesellschaft finanzéiert, sou sollt en et dach och mat der Relioun man. Dat klengt op den éischte Bléck och zimlech aliichtent, ass awer trotzdem grondleeënd falsch.
Sport a Relioun hu genau eng eenzeg Gemeinsamkeet, an dat ass déi, dass béides Privatugeleeënheete sinn, vun deenen net jiddereen profitéiert. Ënnerscheeder ginn et genuch:
Am Géigesaz zum Sport get d’Kierch ausschliisslech vum Steierzueler finanzéiert. An de Kierchegebäier get et esouwäit ech wees keng Werbeflächen fir Sponsoren an et muss ee fir eng Mass ze besichen och keen Entréesticket kafen.
Am Géigesaz zur Kierch get beim Sport och net just eng bestëmmten, kathoulesch, Equipe gesponsored, mee de Staat finanzéiert vill méi neutral Infrastrukturen, déi de Sportsbetrieb allgemeng iwwerhaapt emol erméiglechen.
Virun allem awer mecht de Sport am Géigesaz zur Kierch keng politesch Aussoen. Den Trainer vun der Fussballnationalmanschaft hält keng Chreschtdagsusproochen, an deenen hien géint d’Homosexualitéit hetzt, e mëscht sech och net an eis Gesetzgebung an bei gesellschaftspoliteschen Themen, an e rehabilitéiert och keng Holocaust-Leugner.
Et kann ee festhalen, dass de Vergläich tëscht Relioun a Sport net wierklech an der Lag ass, de Konventiounssystem ze rechtfäerdegen. Dat selwecht gelt fir all aner Excusen an „Argumenter“, well de System ass a bleift a sengem Wiesen ongerecht.
Weltanschauungssteier
Lo ass et jo esou, dass dess Debatt iwwert d’Ofschafen vun de Konventiounen säit ganz ville Joeren gefouert get, a bis zum heitegen Dag leider ouni nennenswäert Resultat. Den zentrale Grond dofir besteet menger Meenung no doran, dass d’Kierch einfach net op hir Privilegien an hir Muechtstellung an der Gesellschaft verzichte well. E weidere Grond ass awer och d’Verhalen vun de Streider fir eng Trennung, déi kompromesslos eng strikt Trennung nom franséische Model fuerderen, eng Fuerderung, déi d’Kierch ëmmer geschéckt als ze radikal a net méi zäitgeméiss ofzeweise versicht. Wien d’Trennung fuerdert gelt allgemeng als primitive Paafefresser an intoleranten Dinosaurier. Sou get et dann och heefeg vu kierchlecher Säit duergestallt.
Déi strikt Trennung ass zumindest an der Theorie sécherlech d’Ideal, trotzdem sollt een awer och iwwert méiglech Kompromëss- oder Iwwergangsléisungen nodenken a verhandelen, sou zB iwwert de Model vun der sougenannter Weltanschauungssteier, déi et dem Bierger erlaabt, selwer ze bestëmmen, éischtens op en iwwerhaapt eng Weltanschauung finanzéiere well, an zweetens, wa jo, wéi eng. Wéi sou ee Modell am Detail kéint ausgesinn, doriwwer ka sécherlech gestridde ginn, och doriwwer, op dat dann fir Lëtzebuerg eng Idealéisung oder just Kompromëss wier. Eent wier et op allefall: e grousse Fortschrëtt an e gesellschaftspolitesche Meilesteen. D’Kriteren fir e gerechte System sinn d’Selbstbestemmung vum Bierger an d’Verhältnisméissegkeet zu de realen Iwwerzeegungen an der Bevelkerung. Esouwäit ech weess ass d’Kierch bis haut ni op esou Alternativmodeller agaang, et freet ee sech wisou, bei anscheinend 90% Katholiken dierft se jo eigentlech näischt ze fäerten hunn.
Am 4. Deel geet et dann em d’Verhältnis tescht der Kierch an de Gemengen.
Abgelegt unter : Gesellschaft, Politik, Reliounskritik



>Am Géigesaz zur Kierch get beim Sport och net just eng bestëmmten, >kathoulesch, Equipe gesponsored,
O RLY?
Herr Huss,
aer Initiativen sin jo Tip Top, awer dass Trennung vun Kierch an Staat kennt jo net richteg virun, an dass jo och kloer dass Lsap keng Regierung mat der Csv bild wann se un dem Punkt festhalen. Et keint just eng komplett durchwaessert Leisung gin dei neischt brengt. Ech froen mech, dir schengt jo kappabel ze sin, esou wei d’Euthansiegeigener et jo och gemach hun, en referendum ze provozieren. Firwat pobeiert der net den Schrett ze entameieren????? oder fehlt dozou de Mut? PS dei Fro as och schons op Rtl gefrott gin awer keng Aentwert dorop.
Déi Fro hat ech dann op RTL wuel iwwersinn, sorry. Wat d’Iddi betrefft: dat huet – zumindest wat mech betrefft – näischt mat Courage ze dinn, et leit villméi un 2 anere Problemer:
1) d’Trennung vu Kierch a Stat ass e relativ vague Begreff, deen ganz verschidden Verflechtungen tescht Kierch a Stat betrefft, a fir déi et jeweils och verschidden Léisungsméiglechkeete get, iwwert déi ee sech am Viraus eens muss sinn, ier een esou een Ulaf konkret emsetze kann. Wann ech zB eng Kierchesteier fuederen, dann ass dat deenen engen net radikal genuch, wann ech eng radikal Trennung ewéi a Frankräich fuederen, dann ass dat deenen aneren ze radikal, sou datt ech gefor lafen fir alle béid Léisungen keng Majoritéit ze kréien. Mer missten also als éischt e Konzept ausschaffen, dat den Ufuederungen vun enger Trennung vu Kierch a Stat gerecht get a gläichzäiteg och vun enger Majoritéit matgedroe ka ginn.
2) Et besteet zu Letzebuerg eng deels dramatesch Realitéitsverzerrung a Falschinformatiounen iwwert d’Verhältnisser tescht Kierch a Stat. Mat relativ liicht verdaulechen Argumenter get probéiert, de Leit anzetriichteren, datt déi Verhältnisser, wéi mer se hei kennen, tiptop sinn. Dofir verantwortlech ass d’Letzebuerger Wort awer och d’CSV. Den Här Biltgen behaapt jo emmer erem, mer hätte längst eng Trennung vu Kierch a Stat zu Letzebuerg.
Lo ass et war esou, datt et laut enger rezenter ILRES-Emfro eng Majoritéit fir eng Trennung get, trotzdem denken ech, datt mer déi Schäinargumenter géint eng Trennung nach verstärkt entlarven mussen.
Wa mer et fäerdeg bréngen an deenen 2 Punkten weider ze kommen, an iwwert de parlamentaresche Wee näischt zustaane kennt, dann sinn ech secherlech och bereed, de Wee vun der direkter Demokratie ze probéieren.
De säkularen Humanisten an deenen, déi hinnen nostinn, feelt hei zu Lëtzebuerg e Koordinatiounspool vu Leit, déi séch haptsächlech (haptamtlech) missten mat deenen hei ugeschniddenen Probleemer auseneensëtzen. Dat ass net sou einfach!
Den David huet de Goliath an d Knéien gezwongen; e Bild, dat Courage mécht.
All di Organisatiounen, Gruppementer an aner Idealisten, déi der Idee vun der Trennung vun dem ominöse Pakt „Kierch-Staat“ haut néischt méi kënnen ofgewannen, déi schaffen op hie Art a Weis dergéint. Do stécht vill Energie an Zäitopwand derhannert. Déi Energie misst kënnen gebündelt ginn.
Ech weess net, wéi grouss (u Memberen a Sympathisanten) di eenzel Organisatiounen sinn, wat fir a Patrimoine hunn se – d Suen spillen och hei eng Roll – a wéi gewëllt sinn se iwwerhapt fir GEMEINSAM virzegoen?
Säkular Humanisten hunn net sou Tendenz, fir séch ze gruppéieren – ass meng subjektiv Impressioun – si kritiséieren a schreiwen aus allen Ecken vum Land – ech falen och do drënner! -, mee, jiddvereen vir séch. Domatter get d Kierch zwar enorm geschwächt, well dee Gedanken vun hierer Iwwerpräsenz de Leit bewosst ginn ass an hiert éiwegt Gepallavers nerft.
Do bleiwt nach vill Potential rauszeschloen, mee, wou sollen d Leit, di et wëllen, dann higoen? Muncher een huet de Computer net sou gären, a wou huet deen dann eng Ulaafstell? Wou ass e Büro, wou e kinnt higoen? A wann et ee get, ass dat dobaussen bekannt? Sou eng Maison de la Laicité, wier do eng Léisung, da fällt net ëmmer alles op diselwegt.
Awer, ween ging dann sou en Haus besetzen? Wat fir eng Organisatioun? A ween kënnt fir di 25% (un Euro), déi bleiwen, op? Wéi bleiwt sou en Opwand op stabile Féiss stoen?
Am Firfeld stinn gutt Ideeen. Déi sinn och noutwendeg. Mee, déi mussen och ëmgesaat kënnen ginn. Lo hu mer d’Stierfhëllef endlech accordéiert, an lo ass et beemol ganz rouheg domatter ginn. D’Palliativ-Zentrum, dat Milliounen verschléckt vir déi 10 Leit, déi dohinner stierwen geschëckt ginn!, dat get geschwënn mat groussem Pomp ageweit a sécher vum Beschof ageseent, wéi wann dat en Hellegdom wier an d’Gebäi hinnen ging gehéieren! D Leit sinn nun mol sou an d Kierch brauch dee Pomp, fir net ganz vergeess ze ginn!
Mir brauchen en Daachverband zu Lëtzebuerg, deen an engem Numm schwätzt – dat ass de Präiss – da fléissen d Gelder och! An d Leit dobaussen mierken, dat ëppes vir si gemaach gët, dat net nëmmen eng Idee derhannert stécht, an d Meenung kënnt net op, do maachen e puer Idealisten ëppes, bauen ëppes vir séch selwer op.
Domatter gingen och verschidden politesch Parteien an hieren Iwwerleeungen gestärkt a bestätegt ginn, wëll et och dann dauerhaft Uspriechpartner ginn, déi net muer verschwonnen sinn, wëll eng Organisatioun – aus wat fir engen Grënn och ëmmer – séch opgeléist huet!
Sou kréien mer dann och eng Kéier e Flegeheem, net nëmmen, wou Gläichgesinnter net méi mat fromme Sprëch a kannerechen Kierchenfeieren belästegt ginn.