E puer Gedanken no der Wahl. Well ech nach net alles verschafft hunn, schreiwen ech einfach emol ouni Usproch op Vollstännegkeet a wahrscheinlech zimmlech subjektiv drop lass:
Zum Wahlkampf
An enger Dageszeitung konnt ech virun e puer Deeg liesen:
Im Vorfeld der diesjährigen Wahlen wurde eine Delegation eines UNO-Gremiums in Luxemburg vorstellig und informierte sich über das Majorzsystem und die Prozedur. Dies bedeutet allerdings nicht, dass die Beobachter, die zwei Stunden bei Pierre Gehlen waren, der Luxemburger Demokratie nicht trauen. Am Wahltag werden keine ausländischen Beobachter in Luxemburg sein.
Schued! Zwar ginn ech net dovun aus, dass zu Letzebuerg Wahlen gefälscht ginn, dat brauchen se och guer, well de Wahlkampf schon hiräichend genuch verfälscht ass. Ee vun de Standbeen vun enger parlamentarescher Demokratie si fräi Wahlen an e faire Wahlkampf. Ob d’Wahlen an engem Land, an deem d’Halschend vun der Bevelkerung net wielen dierf, fräi sinn, dat well ech un deser Stell net diskutéieren. Ech well villméi op e puer Aspekter vum Wahlkampf agoen, deen a mengen Aen alles aanescht ewéi fair ofgelaf ass:
méng perséinlech Erfahrungen aus der Materialschluecht:
Fräibéier, Popcorn, Bicer, Loftballonen, Fläscheneffner asw. D’Verhältnis tescht Gadgeten an Informatiounsbrochüren, déi op engem Wahlstand de Besetzer wiesselen, fällt zimmlech extrem zu Ongonschten vum politeschen Inhalt aus. Op der Bradderie hellt dat deels esou fanatesch Zisch un, dass verschidde Leit probéieren vun hannen an de Stand anzedréngen an sech direkt aus de Keschten zervéieren. Anerer kommen a periodeschen Ofstänn, meeschtens da wa Betrieb an Oniwwersiicht herrscht, laanscht a paken alles an, wat a Reeschwäit a net aus Pabeier ass. Déi meescht Leit, déi bei e Stand kommen, sinn awer ganz frendlech a froen, op se ee Bic oder e Gummi mathuelen dierfen, an akzeptéieren och eng Informatiounsbrochüre. Wann een awer probéiert, d’Passanten direkt mat Inhalter an Informatioun unzeschwätzen, dann reagéieren déi meescht net onbedéngt onfrendlech, mee gréisstendeels ofweisend. Net verwonnerlech usech, huet e Bic jo e gewessen Netzelechkeetsgrad, während een d’Brochüren en masse schon an der Bréifboite huet. Et ginn awer och vereenzelt Leit, déi bei de Stand kommen a gezielt no engem Wahlprogramm oder enger Brochüre zu engem bestemmten Thema froen, an déi oft souguer refuséieren en anere Gadget matzehuelen. Wat mer och opgefall ass: déi äler Leit sinn tendenziell am oppensten souwuel fir Gadgeten wéi och fir Flyer.
Et ass e komescht Phänomen dat ganzt. Ech si mer na net ganz secher, wéi ech et bewäerte soll, ma ech mengen awer, dass déi Materialschluecht d’Reaktioun vun der Politik op eng Bevelkerung ass, déi u politescher Informatioun tendenziell wéineg intresséiert ass. Wann d’Leit um Inhalt net intresséiert sinn, dann muss een se mat anere Mettel köderen. Amplaz also, dass mer d’Ursaache vun dir Politikverdrossenheet bekämpfen, passe mir Parteien eis einfach un den Desinteressie un. Dat ass Schued, leider kennt een awer selwer net derlaanscht dat Spillchen matzemaan, domat bestrooft een sech just selwer. Aus deem Grond géif ech dofir plädéieren, d’Gesetz esou ze änneren, dass bei de nächste Wahlen d’Verschenke vu Gadgeten verbueden get, an d’Parteie nach just Infobrochüren verdeelen dierfen, wéi et zB haut schons an der Belsch de Fall ass. Schließlech sollte mer eis jo opgrond vun politeschen Ideen a net wéinst deem flottste Gadget wiele loossen. Anersäits mengen ech awer och, dass d’Gadgeten bei de meeschte Leit awer kaum en Afloss op d’Wahlverhalen hunn.
d’Roll vun den Zeitungen zu Letzebuerg
Doriwer hunn ech mech schon ausgiebesch beklot, ech well et hei awer nach eng Kéier ennersträichen, well et, wat d’Wahl méi no geréckelt ass, emmer méi krass gin ass. Eis 3 grouss Dageszeitungen d’Wort, d’Tageblatt an de Journal (déi franséischsproocheg kann ech net beurdeelen) waren ennerschiedlech staark zu rengen Propaganda-Instrumenter verkomm, wat – an dat ass jo näischt neits – doru leit, dass se parteigebonne sinn. Lo ass et jo sou, dass e Journalist oder e Medium politesch ni komplett neutral ka sinn, well ee nu mol net laanscht eng perséinlech Meenung komme kann. Dat ass net just zu Letzebuerg de Fall, mee och am Ausland. A kengem vun eise Nopeschlänner sinn déi dominant Medien awer därmoossen parteigebonne wéi zu Letzebuerg. Wann een d’Zeitung vun der Partei X opgeschloen huet, sou ass een am nationalen Deel quasi just nach mat Standpunkter, Porträten a Fotoen vun de Kandidaten vun der Partei X konfrontéiert gin. Lo kéint ee soen: journalistesch Fräiheet, fräi Meenungsäusserung etc. Domat maachen déi Zeitungen et sech awer ze einfach. D’Medien hunn d’Verantwortung grat a Wahlkampfzäiten dem Lieser eng fair an objektiv Berichterstattung z’offréieren. Dat ass e liewenswichtegt Instrument vun enger Demokratie, dat zu Letzebuerg konsequent a schamlos mat Féiss getreppelt get. Déi geschriwwe Presse verfälscht de politesche Wettbewerb maßgeblech. Vun engem faire Wahlkampf kann do net méi riets sinn. An deem Kontext géif et mech och emol intresséieren, wéi déi ganz Propaganda an den Zeitungen no de Wahlen am Kader vun der Parteiefinanzéierung a Wahlkampfkäschten behandelt get. Et kléng vläit e bessen dramatesch, mee Letzebuerg kann ennert deene Bedingungen, also wann een e faire Wahlkampf a politesche Wettbewerb als Kritere fir eng Demokratie unerkennt, net als vollwäerteg Demokratie gellen. Natierlech intresséiert dat kaum een, virun allem déi Parteien net, déi vun deenen Defiziter profitéieren.
zum Resultat
Ech sin enttäuscht iwwert den Ausgang vun de Wahlen. Eist Resultat ass ok, mer hu minimal dobäigewonnen, a sinn domat déi eenzeg (bis dohin) am Parlament vertrueden Partei, déi der Iwwermuecht vun der CSV standhale konnt. Eist Ziel, den 3. Setz am Süden, konnte mer net erreeschen, dat ass awer eis eege Schold. Mer hunn eis sozial Fuerderungen am Süde net genuch am Wahlkampf manifestéiert an d’Konzept vum Green New Deal ass an deem Kontext wuel ze theoretesch bliwen. Gläichzäiteg hunn déi Lénk hier Héischbuerg am Süden, sou dass de Setz dun u si gaang ass. Natierlech hätt ech léiwer, mär hätten e kritt, mee dem Hoffmanns Änder gönnen ech en. Hien ass ganz secher och eng Beräicherung fir d’Chamber.
Frou sinn ech natierlech och, dass d’ADR sou eng bei d’Läffele kruut: gutt geschwächt, gutt verschold a mam Kartheiser e gudde Kabarettist an der Chamber. Déi Stemme si natierlech un d’CSV gewandert, an do leit d’Tragik vun deem Wahlresultat. D’CSV hat 2004 scho méi Mandater, wéi se et eigentlech verdéngt hat. Et fehlen elo nach just 4 Mandater bis zur absoluter Majoritéit. An enger pluralistescher (also net 2-Parteie-System) Demokratie ass sou eng Iwwermuecht eng Katastrophe fir de politesche Wettbewerb. Wourun leit dat? Zum enge wuel secher um Juncker. Wéi ech et scho virun der Wahl gesot hun kann een d’Verhältnis tescht Juncker an de Letzebuerger vergläiche mat deem tescht de klenge Riedecher um Velo an engem Kannt dat Velo fuere léiert. Et ass fest dovun iwwerzeegt, dass et ouni d’Riedecher net geet an direkt op d’Panz fällt. Sou mengt de Letzebuerger, grat a Krisenzäiten, dass mer ouni Juncker an en déift schwaarzt Lach falen. De Juncker versprecht de sechere Wee, an d’Leit gleewen dat. Einfach esou. D’Leit. – Mer hu jo eng Wahlpflicht, dat heescht d’Leit gi gezwonge wielen ze goen. Ech fannen mer sollte mol eng Kéier eng Pflichtprüfung iwwert politesch Bildung fir all Wahlverpflichteten maachen; net fir festzeleeen, wien wielen dierf a wien net, mee fir ze kucken, wien verantwortungsbewosst wielen kann, a wien net. Am Wahlkampf kennt ee jo a Kontakt mat ville Leit, an do si Nummeren dobäi, dat gleeft ee net, wann een et net selwer erliewt huet. Ech géif kee Mensch als politesch ongebild verurdeele just well en eng aner politesch Meenung huet wéi ech, mee iwwert d’Halschend vun deene Leit, mat deenen ech op Stänn an aneren Events geschwat hunn, haten wat Politik betrefft keng Ahnung vun Tuten a Blosen. 1 Woch virun der Wahl wosst sou munchen guer net, dass iwwerhapt eng Wahl wier. Ennert deene waren der och e puer dobäi, déi net wosste, wat dat wier… (déi Extreemfäll sin awer glécklecherweis eng ganz kleng Minoritéit) Vläit sollt een dat net soen, mee ech mengen awer, dass e groussen Deel vun eiser Bevelkerung guer net wees, wat en do mecht. Et ass natierlech de Leit hirt gutt Recht, sech net fir Politik ze intresséieren, mee wann se dann wéinst der Wahlpflicht mat Astellungen wéi „mäin Mann mecht dat fir mech“ oder „ech hunn déi nach emmer gewielt“ wielen ginn, dann brauch ee sech iwwert guer näischt méi ze wonneren. Erstaunlech ass och, dass den Interessi u politeschen Inhalter mam Alter ofhellt. Déijéineg, déi gezielt no Positiounen froen kommen, si gréisstendeels Éischtwieler.
Eng aner Entwécklung sinn dann d’Verloschter vun de Sozialisten, virun allem am Süden, wou se an hiren Héischbuergen deelweis dramatesch verluer hunn, 10% Leschtestemmen a méi. D’Ursaach dofir ass ganz secher net just, d’Tatsach, dass de klenge Koalitiounspartner „traditionell“ verléiert zu Letzebuerg, villméi ass d’Sozialdemokratie europawäit an enger schlemmer Kris. D’LSAP huet a kengem Politikfeld d’Nues fir oder eppes ze bidde, wat soss keng Partei huet. Se ass och keng politesch Alternativ méi zur CSV, mee just nach eng vun de klenge Parteien, ee vun de Sateliten, déi ronderem eist Zentralgestirn flatteren. Wisou d’Sozialdemokratie an der Kris ass, hat ech hei schon eng Kéier geschriwwen.
Dat Resultat bedäit awer och, dass déi konservativ gestärkt gi sinn an déi fortschrettlech Parteien, wat d’Gesellschaftspolitik betrefft, geschwächt gi sinn. Dat ass mat Bléck op d’Gesellschaftspolitik awer net bewosst geschitt, mee éischter eng Niewewierkung vum Wahlverhalen a Froen wéi Wirtschaftspolitik, Krisemanagement an Personalien. Laut enger Emfro vun Ilres, déi um Wahlsonndeg vereffentlecht ginn ass, ass anscheinend eng Majoritéit vun de Letzebuerger fir d’Trennung vu Kierch a Stat. Ech konnt dat awer bis elo na néierens noliesen, wees een do vläit méi?
Wat d’Europawahl (europawäit) betrefft, ass d’Resultat natierlech nach vill méi batter wéi zu Letzebuerg. Als eenzeg lénks an europafrendlech Partei konnten déi Gréng zwar hirt Resultat däitlech verbesseren, a verschiddene Länner, wéi zB Frankräich an d’Belsch, mat deels bombastesche Resultater. Insgesamt ass den Trend awer e staarke Rietsruck. Déi Lénk si stagnéiert, d’Sozialdemokratie huet dramatesch verluer, déi Konservativ hu massiv gewonnen an allméiglechen rietsextreemen a nationalisteschen Dreck ass an d’Parlament agezunn. Fir Europa gesäit dat ganz schlecht aus. Dee Rietsruck ass virun allem aus deem Grond problematesch, well d’Leit schäinbar elo deene Politiker als Pompjeen géint d’Kris vertrauen, déi virun e puer Méint nach zu de Brandstefter gezielt hun. Et sinn d’CSVen, déi an Europa (an an der Welt) déi neoliberal Politik ze verantworten hunn, déi d’Kris iwwerhaapt erméiglecht huet. Grad déi sinn elo nach gestärkt ginn. An d’Lulling ass och nees do…
Fazit: Eis Demokratie ass an engem lamentabelen Zoustand.
E klengen Trouscht bei all deem ass awer déi 2. Plaz vu menger Partei bei de jonke Wieler. Laut Ilres sinn déi Gréng mat ca. 25% bei den 18-24-jähregen déi 2. stäerkst Partei ganz knapp hannert der CSV. Dorun sinn déi jonk Gréng ganz secher net onschelleg.
Souvill emol dozou.
Abgelegt unter : Europa, Gesellschaft, Politik



Jo 2 Sachen dei mech dach stutzeg gemaach hun am Wahlburo zu Esch-Alzette.
Eischtens krutt ech keng Carte d’identité gefrot ech hätt also theoretesch och an engem anneren sengen numm kennen wielen,ass Fro no enger Carte d’identité net esou guer obgligatoresch?
Zweetens leien an den Wahlburoen nach emmer nemmen Bleistefter, dei nodeems ech gewielt hun jo ouni Problem gefälscht keinnten gin do geet jo en Radeiergummi duer!?
Misst hei net endlech emol een update gescheien?
Zur Wahl selwer:Ech hun emmer mei Angscht virun deem CSVstaat den jo wuel elo nach mei Repressioun,Sozialofbau an Iwerhiewlechkeet(cfr Juncker an der sougenannten Elefantenronn)seitens der CSV bedeiten wärt(do fâllt mier eng Textzeil vum Georg Danzer an:Sicherheit Bequemlichkeit und grenzenlose Dämmlichkeit:-)
Gudd hun ech fonnt daat den Adr keng Fraktioun kritt huet,(d’feschen um rietsen bord huet hinnen am Verglaich zur CSV naischt bruecht)ech si gespannt wei se dei deier Wahlkampagne wellen finanzeieren:-)
Regelrecht laachen hun ech missen iwer LSAP dei daat jo guer net verquest huet dass si een setz un dei LENK verluer huet
Daat DP net mei kritt huet war kloer ouni Goerens war daat ze erwaarden!
Die GRENG sin bei hirem gudden Resultat vun 2004 bliwen,ech haat allerdengs och erwaard dass mei Lait de grenge Wee geiwen wielen,do ass woul Kris dazweschen komm:-(
Fantastesch fannen ech dat de LENK een Setz kritt hun,leider nemen een mee emmerhin ech drecken hinnen Daumen dass sie freschen Wand an Chamber kennen brengen an vielleicht mei Setz bei der nächster Wahl kreien!
Sin ganz denger Meenung, speziell waat d’Europawahl ugeet. „Batter“ as nawell bessen light fir daat Debakel ze beschreiwen. National haat ech gehofft datt dei Greng 1-2 Setz mei geifen kreien, mee d’Letzebuerger schengen alt rem hir Standard-Reaktioun gehaat ze hun: „Waat de Bauer net kennt…“
Schreiwen herno nach mei, den Labo rifft mech…
@gust: Genau déi zwou Froën (Bläistëft an ID) hun ech mer och gestallt.
Obwuehl ech zu Réimech bei Leit am Wahlbüro war, déi mech kennen, mir sin en Duerf, dat sech Staadt nennt
Mam Bläistëft kéint een éischter mësstrauesch gin. Obwuehl een sech do einfach nët genuch Gedanken mëcht, well een blann vertraut, datt alles korrekt oofleeft. Schliesslech kennen ech d’Leit jo all déi als Wahlhelfer do sin hehe. An DO wärt och en typeschen Luxusbuerg-Problem bleiwen, schliesslech as eist Land nach ëmmer e grousst Duerf.
@Alain: Europa huet e Rietsruck gesin, d’Leit schéngen am Kontext vun der Krise alles ronderëm ze vergiessen an deene Rietsen allgemeng méi wirtschaftlech Kompetenz unzerechnen…
National gesin as déi Fro fir mech schon laang sëcher gewiescht. Nom Motto: „Mir änneren léiwer nix an Zäiten vun Kris an trotzdem nach genuch Luxus, soss sin mer de Juncker lass (wien soll ët soss maachen???mir hun jo soss keen, Vakuum aaah!) an mir brauchen dach een, deen eis géint de béisen Steinbrück vertrëtt an deem emol d’Meenung seet. De Juncker, jo, de Juncker, dat as een, deen seng Meenung nach seet.“
Ech sin op alle Fall (als Nëtmember vun enger Partei, als Wieler mat Lénksdrall ) frou, datt déi Gréng dat esou gepackt hun. Jo, een oder zwee Sëtz méi wier schéin, mee och esou as kloër, datt sech eppes deet. Bon, eppes Klenges
@Manuel: „Anersäits mengen ech awer och, dass d’Gadgeten bei de meeschte Leit awer kaum en Afloss op d’Wahlverhalen hunn.“ Do bas de menger Meenung no um Holzwee. Leider sin vill Wieler extrem liicht ze beandrocken, wann schon eng kleng Sympathie fir d’Partei oder d’Persoun besteet. Do brauch een dann jhust nach e Bic, en orangen Saack mat Schrott dran oder eng Landkaart fir an den Auto.
An Däitschland z.B. sin d’Zeitungen och parteigebonnen, déi eng méi, déi eng manner. Leider as ët zu Lëtzebuerg esou eppes vun offensichtlech, datt ët engem schlecht gët. Do geet ët dem Lieser dann och duer, wann eng AFP- oder DPA-Meldung 1:1 iwwerholl gët. Schued. Schued.
Verstand op ON, Tele op OFF. An dann weider esou. Et kann jhust besser gin.
Demokratie ass net an engem lamentablen Zoustand. Sie funktionnéiert sou wäit ech wees ganz gutt: Läit kënnen wielen wee se wëllen. Dat ass dach Demokratie, oder?
FIRWAT se déi wielen, ah, dat ass eng aner Saach! An deem Sënn ass d’Wielerschaft villäicht en effet an engem lamentablen Zoustand. Mee sie reflektéiert halt eis Gesellschaft.
An deem Fall muss een probéieren d’Gesellschaft ze änneren. Eréischt wann sech do eppes ännert, änneren sech och d’Wahlresultater.
Mee fir ze soen, dass eis Demokratie nët richteg funktionnéiert, just well een net ganz mam Wahlausganz zefridden ass, fannen ech net richteg. Dat ass halt de Risiko vum demokrateschen Prozess! Siehe Hamas an Palästina.
Genau, um Wieler as eppes faul. Oder hien selwer. Politesch Partizipatioun dréckt sech an engem Land mat Wahlpflicht natierlech nët a Form vun Sonndes opstoën an an de Büro goën aus.
Et as éischter den Akt vum wäissen Ziedel oder dem (absichtlech) falschen Wahlziedel, deen wuehl en Indiz kann sin dofir. Nët ze vergiessen all d’Leit déi einfach nët gaangen sin…
Leider fänkt fir mech (an iech och huelen ech un) déi politesch Partizipatioun schon am Alldag un. Veräiner, Initiativen, ONG’en, Parteien, Medien, Wahlen, blabla. ……………AN Gedanken, Gespréicher, Diskussiounen, Sträit um Comptoir. Nët wéinst engem Bundesligaspill mee wéinst ënnerschiddlechen politeschen Meenungen an Werter.
Ech wees nët wéi ët bei iech war, mee eis Wahlpflicht huet fir mech all Kéier op en Neits en komeschen Effekt. An Däitschland oder an Frankräich heescht ët: Soll ech iwwerhaapt wielen goën? Bei eis: An wat wielen mer dann den 07. Juni??? En Zeechen vun extremen Wuehlstand, wanns de mech frees….
Eis Demokratie as nët krank, de Wieler seet seng Meenung. Mee ob déi ouni Zweifel och seng richteg as….?
Bon, siehe Hesbollah am Libanon. Do gesäit een wéi wichteg dat as. Vläicht fehlt eis all esou en Bewosstsin.
„Fazit: Eis Demokratie ass an engem lamentabelen Zoustand“.
dodriwwer kann ein streiden…du warst nach net an mengem heimatland…
E groussen problem huet dir vlait mat den pro-csv medien
Ouni lo erem wellen op den Demokratiedefizit wéinst den Auslänner ze pochen, den Manuel och ugeschwaat huet: Eis Medien sinn en Problem. Och wann den RTL seng Aufgab relativ gudd gemaach huet, esou ginn et genuch Medien, déi daat net gemaach hunn.
An vlaischt misst een dann och drun denken, mol déi kleng an onofhängeg Medien héi am Land ze ennersetzen. Eng Part bei der Woxx kascht just 125 €.
Daat wieren 125€ fir besser Medien an domadder eng besser Demokratie!
An och den Radio ARA kéint är Ennersetzung gebrauchen. Héi ginn et keng fest Tariffer, mee mir freen eis iwer all Orde Permanent an Don Unique den mir kréien. Well daat ganzt iwert den OEKOFONDS leeft, ass daat esouguer vun de Stéiren ofsetzbar.
Just, fir et emol gesoot ze hunn. Heinsdo kann een nämlech och eppes maachen!
Sorry Joel,
och wann ech ARA an WOXX duerchaus schätzen, se man praktesch dat selwecht wéi d’Wort, just um lénken Bords.
Zu den Nummeren vun denen de Manuel geschwaat huet an hirer politescher Bildung:
Ech war e sonnden an engem Wahlbüro, an wann een d’aussoen vun de Wieler am Büro an hier art a wais ze panascheiren sech eng keier unkuckt, dann ass et mat politescher bildung net wait hier. Virun allem daat berühmt panascheiren huet alleng bai mer am büro zu ongefeier 2 dozen ziedeln gefoeuert op denen KPL an DP, oder Lenk an ADR gewielt gin ass, fir nemmen zwe vun e villen meiglechen, eigentlech komplett onlogesch panachagen ze beschraiwen. Ganz beleiwt war och 21 Stemmen fir Lenk oder KP, dann awer wei aus schlechtem Gewessen der nach 2 fir de Juncker
Ob sech do eppes ging besseren wann mer keng Wahlpflicht hätten?!? Ech weess et net
Ech sin och keng ID gefroot gin, an deen jonke Spunt viirun mer as ouni Waalziedel an ID zougeloos gin, en huet nemmen seng Postleitzahl gesoot…souwait zu Gesetzer anhaalen.
Ech schleissen mech awer dem Grommel, dass den System usech TipTop fonktionneiert, souguer mei wei gudd. En ass nämlech drop ausgeluecht dass d’Leit sech net weider sollen mat Politik beschäftegen an all 5 Joer hier Kraizecher solle maachen, ouni sech groussarteg mat Poltik mussen ze befaassen…daat ganzt erennert mech emmer rem e bessi un daat eiwegt gezanks rondrem den Reliounscours, wou souvill Leit(wei ech och an der Zait) an den Reliounscour aus Traditioun gepucht gouf. Sou verhällt et sech och mat den Waalen, zemols zu Letz.
Dass keen, awer och keen op deen Gedanken kennt dass eben graad den JCJ, als Mr. Euro, graad dei ganz Gesetzer zur (De)Reguleirung vum Finanzwiesen gedroen huet, beweist nemmen de stereotyp vun der Letz. Grompermonarchie. En huet jo dei leschten Meint kräfteg mat den ’sozialen Tam-Tam’n’ gedubbert an de letzebauer as rem kräfteg drop ragefall! Waat en Armut fir en Land waat sech sou ‘fortschrettlech’ well gin. Ech hun sain Interview am Wort vun Samsden 06 Juni gelies, deen Interview aleng wor et schon derwert en net ze wielen.
Mee bon, all Vollek kritt daat Parlament waat et verdingt, an sou wei et dei leschten Zait mat onsennegen Gesetzer gaangen as, geet et lo riicht fiirun, d’Rechnung kennt och nach eng Keier. Op den ‘Letzebauer’ dest iwwerhaapt versteet, oder WELL verstoen, daat as dann nach eng Saach. Well et as emmer den Koallatiounspartner deen verleiert. As jo normal, deen kritt jo och emmer dei ‘mies’ Mnisterien…
An do och alt erem en Beweis fir d’Topegkeet vun den Letz Wieler:
Wann hier CSV dach sou omnipotent as, fiirwaat huet dei et dei lescht 30 JOER net faerdegbruecht eng NOHALTEG an KOHÄRENT Schoulpolitik op d’Been ze setzen?
Oder eng anstänneg Verkeierspolitik?
Daat freet keen sech, et kann een jo dann op deen schlechten Koallitiounspartner verweisen, an d’Leit friessen waat den Bokassa seet…
Wei domm si mer dann?
Waat Europawaalen ugeet:
Ech gleewen net dass d’Leit den Rietsparteien mei kompetenz zoutrauen. Breissel huet sech einfach zu engem Reguleirungsmoloch entweckelt(Bananefaarw an Kremmt, Cornichonslängt, vun deem Amazonas waat d’Maschinegestzer ugeet guer net ze schwätzen…) an fillen sech net als Europäer. Daat as awer d’Basis, fir dass daat Europa waat d’Geeschteg Päpp vun Europa welles haaten.
Et ass net well mer eng Menz hun, dass mer eis all verbonnen fillen…
Gutt Analys, Manuel. An deng Iddi mat der Pflichtprüfung fir Wieler gefält mer. Freet sech just wie bereet wier, déi Prüfungen ze verbesseren.
Ech denken, dass d’(Allgemeng-)Bildung an eiser Gesellschaft (den „eiser“ kann ee roueg op déi meescht sougenannt entwéckelt Industrienatiounen ausdehnen) och ee Faktor ass, deen den Desinteressi erklären hëlleft. An engem Schlaraffeland brauch ee sech net unzestrengen fir déi elementar Bedürfnisser ze befriddegen. Wann een dann nach déi omnipräsent Berieselung vun de Schlaraffemedien dobäizielt, dann ass och kee grousse Reiz drun, fir mat sater Panz ze kucken, ob een net vläicht ufänke soll z’iwwerleeën.
Bei deene méi benodeelegte Schichten, wou jo am Prinzip e Reiz fir di eege Situatioun zum Positiven ze verännere méi grouss misst sinn, fehlt et dann awer oft un der Bildung (Zesummenhang schwaache soziale Milieu – Echec an der Schoul) fir dat ëmzesetzen. Sou ka sech am Endeffekt de politeschen Desinteressi queesch duerch d’Gesellschaft verbreeden.
De Fait, dass sou vill Wieler just u Gadgeten interesséiert sinn ass e weidert Beispill, dass an eiser Gesellschaft di materiell Wäerter am Vierdergronn stinn. A wéi sollt et dann och anescht sinn an engem Schlaraffeland? Ech huelen un, dass wahrscheinlech just d’“Kris“ dozou féiere kann, d’Leit zum (Ëm-)Denken ze bréngen – wa se da mol richteg hei ass, de Gros vun de Wieler huet bis elo jo just iwwer d’Medien vun hier héieren. Mee ech bezweiwelen allerdengs, dass déi, déi an der politescher Verantwortung d’Kris komme gelooss hunn (komme gesinn huet jo anscheinend kee se), déi Richteg sinn fir se och rëm séier Meeschter ze ginn.
Eng Demokratie, déi aus lauter gebildtenen, intelligenten, motivéierten an engagéierten Bierger besteet ass dach eng Utopie.
Sou eng Demokratie ass et nie ginn an sou eng wäert et nie ginn. Dat ass genausou utopesch wéi den Egalitarismus deen de Kommunismus beschwuer huet. Dat eenzegt, wat een probéieren kann ass d’Gesellschaft halt méi ze edukéieren oder attraktiv, alternativ Modeller ubidden. An dann halt hoffen, dass vill Läit doropper usprangen.
Awer ze soen, dass eis Demokratie usech lamentabel ass just well d’Majoritéit net denger Meenung ass, fannen ech weiderhin falsch.
Demokratie ass Demokratie, op engem d’Resultat gefällt oder net.
Ech huelen jo un, dass eng Majoritéit vun de Läit mat dësem Wahlresultat liewen kënnen. Déi wäerten also wuel kaum vun enger lamentabler Demokratie schwätzen.
A Fait bleift, dass die meescht Läit numol net sou engagéiert, motivéiert an idealistesch sinn wéi dier. Dat ass eng Tatsaach, op een dat lo gutt fënnt oder net. Villäicht ännert sech dat, villäicht net.
Mee de Mënsch bewegt sech net vill soulaang et him gutt geet an hien zefridden ass. Dat läit a senger Natur.
Die nächst Joeren wäerten awer menger Meennung no spannend ginn, wann Lëtzebuerg um Buedem vun der Realitéit ukomme wäert well x Stéierrecetten fortfalen wäerten … da kënt bestëmmt nei Motivatioun op!
Ok, waat ech firdrun nach wollt soen:
Ech denken datt den Problem zu Letzebuerg vlait bei der Wahlpflicht keint leien. Jiddereen geet wielen well en wielen „muss“, op en en Interet huet oder net. Dei Faell wou den Manuel uewen opgezielt huet hun ech och schons begeint, an an deenen Faell as et mir immens schweier fir net aus der Kescht ze sprangen. Mee soit.
Nom Resultat hun ech mech dann mol mat Famill an Bekannten ennerhaal, just fir gewuer ze gin waat sech do oofgespillt huet. Conclusioun: Eng Zuel vu Leit schengen bis zum Wahl-Moment sech net decideiert gehaat hun wou se hiert Kraizchen maachen, oder net mol d’Wahlleschten am Viraus consulteiert ze hun. Dann gett den Ziedel gekuckt an dei Nimm gewielt dei iergendwei bekannt woren, oder dei en d’laescht Keier gewielt huet. Wien ass daat? Ben, haapsaechlech CSV well dei meescht an den Noorichten sin, an dei profiteieren do am meeschten.
Ben, waat wieren d’Konsequenzen vum Oofschaafen vun der Wahlpflicht? Manner Leit dei wielen gin? Secher. Dei dei sech net un Politik interesseieren waerten eischter do am Bett bleiwen, eppes wou ech guer net dergeint sin. Zweetens, d’Parteien missten sech vill mei engageieren vir d’Leit iwwerhaapt bei d’Wahlurnen ze kreien, vill mei direkt op d’Leit direkt zougoen amplaaz just regional Konferenzen/Debatten ze haalen. Vlait suguer vun Dir zu Dir goen, daat wier mol eppes.
Mee… kann daat no hannen lassgoen? Jo, wei mer vrun e puer Joer an Frankraich (Chirac vs Le Pen) an d’laescht Woch an Groussbritannien (an aaner Laenner) gesin hun: wann d’Leit net wielen ginn, kreien gewessen Randelementer wei d’BNP op eemol Setzer dei se soss net kreien keinten. Daat as eng Gefor, mee vlait och just weideren „Encouragement“ fir dei aaner Parteien. Ech denken et wier nawell net sou schlecht et enner Consideratioun ze huelen.
Vlait man ech mer d’Saach ze einfach? Wat denkt der?
***
Waat d’Gadgeten ubelaangt… ech denken net dat daat vill Influence op d’Leit huet. Hei am Labo geschitt meescht daat selwecht wann d’Firmen hir Produiten op Staenn offreieren. Bic’er, Bleck, Kamellen, … d’Leit kommen a schuppen se an versichen et z’eviteieren och nemmen vun de Leit um Stand gesin ze gin. Eierlech gesoot, Parteien an Firmen haetten mei dervun wann se sou Gadgeten einfach geifen oofschaafen
***
Fir de Rescht, vill Commentairen wou ech zoustemmen, speziell Georges & Mike. Re: Blaisteft: Huel dain eegenen Bic matt an d’ Kabinn. Ech denken net datt daat verbuet as.
An rem zreck an de Labo…
@gust: daat matt de Bleistifter hun ech och nach nie verstan
Allgemeng géif ech net soen dass eis Demokratie an engem lamentablen Zoustand ass wann och d’Dominanz vun Juncker an CSV sou lues e bessen ze vill gett. Daat muss een am Aan behaalen. D’Behuelen vum JCJ an der Elefantenronn hun ech onakzeptabel fonnt. Fir een Journalist ganz perseinlech an dem Kontext unzegréifen ass schons speziell.
Politesch Bildung ass effektiv e Problem. Mee anstatt ze lamentéiren, sollten d’Parteien och eppes dagéint machen an doranner investéiren an nett an Gadgeten. Sou eppes wéi Bundeszentrale für politische Bildung wier vun onschätzbarem Wäert fir Lëtzebuerg an trotzdem ouni grouss finanziell Moyenen ze realiséiren.
Et muss een een awer och soen, dass d’Partéien sech net vill Méi gin fir op d’Wieler zougin. Ech gleewen net, dass jidvereen op der Stroos sech eppes ennert Green New Deal kennen virstellen. D’Waalprogrammer waren sou geschriwwen, dass just gudd Infornéiert eppes damatt konnten ufänken.
Waat ee schrecklecht gejéimers….
Ech fannen et zimmlech arrogant, wann dResultat vun de Walen engem net gefällt einfach dKompetenz vun de Wielen unzezweifelen. Sech sou iwwert dei an deenen hieren choix ze stellen, an deen hei sou zur Sau ze man, passt net wierklech an eng frai Demokratie…
Vlaischt ass et jo awer gudd daat dCSV gewielt gouf, an net iergendwelch möchtegern Fortschrettlecher, dei alles besser wessen….
Merci fir de ville Feedback.
@Pol, wéi ech et am Post schon gesot hunn, disqualifizéieren ech keen, deen anerer Meenung ass wéi ech, ech kritiséiere just dat, wat een an der Politikwessenschaft d’Polity- an d’Politics- Dimensioun vun der Politik nennt, nämlech d’strukturell Virbedingungen an d’politesch Prozesser.
@Grommel, du schreiws: „Demokratie ass net an engem lamentablen Zoustand. Sie funktionnéiert sou wäit ech wees ganz gutt: Läit kënnen wielen wee se wëllen. Dat ass dach Demokratie, oder?“
Dat geet awer nach net duer. Fräi Wahlen si net den eenzege Kritere vun enger Demokratie. E Faire Wahlkampf ouni strukturell Privilegien an Defiziter zielt genau sou dozou, an eben dat hu mer, alleng wéinst der Presse, zu Letzebuerg net.
@Lady Y., Jo ok mee däin Heemeschtland ass vu vir eran keng Demokratie, Letzebuerg ass eng, mee eng déi net immens funktionéiert de Moment.
@Alleguer, ech stemmen ären Aschätzungen zou. Dat mat der ID-Koart ass effektif louche. A wann d’Leit wierklech queesch duerch de Spektrum panaschéieren, dann ass dat en zeeschen, dass eise Wahlsystem um pervertéieren ass.
Ech halen emol e puer Punkte fest:
- Mer brauche méi streng Presseregulatiounen, déi staatlech subventionéierte Wahlkampf iwwert Pressehellef fir déi grouss Parteien verhenneren.
- Mer brauchen eng Art „Zentrum für politische Bildung“. Wann een d’Leit zwengt wielen ze goen, muss een och dofir suegen, dass d’Leit gutt dorop firbereed sinn.
- Mer sollten wéi an der Belsch Wahlgadgeten verbidden.
Weider Ideen?
Manuel, wéisou sen dann zB an Daitschland (oder aneren Länner) wou et kee Wort get, dResultat baal identesch?
Déi eenzeg Konstant, déis de quasi europawäit hues, ass eng extreem schwächelnd Sozialdemokratie an doduerch bedingt staark Konservativer. An dat trotz ganz ennerschidlechen Wahlsystemer. Dat heescht awer net, dass all Wahlsystem a sämtlech strukturell Prämissen gutt oder egal sinn. Et kennt drop un, dass mär zu Letzebuerg e faire Wahlkampf bräichten, awer keen hun. (ganz onofhängeg vun anere Länner a Wahlresultater) Ech hunn dat och schon virum Wahlresultat gesot an ech géif et och soen, wann d’Wahlresultat e ganz anert wier.
Wielen Läit eng Partei wierklech just wéinst engem Gadget?? Dann ass awer en effet Happ a Malz verluer …
A wat heescht faire Wahlkampf? Dass gewielt gët wéi gewielt ginn ass, huet mat der Gesellschaft usech ze dinn. D’Gesellschaft usech ass éischter konservativ, zumools an ‘onsëcheren’ Zäiten.
Do hätten méi Reklammen (oder Presse-Artikelen) och kee groussen Ennerscheed gemaach. Ausser bei e puer Wackelwieler.
Wann die Konservativ manner Stëmmen solle kréien, dann muss eng Gesellschaft existéieren, déi deenen Konservativen manner Stëmmen wëll ginn.
A fir dat ze errechen brauchs de méi wéi just ‘Pressefräiheet’. Die alternativ Press gët et jo, just dass wéineg Läit un hier interesséiert schéngen ze sinn.
Ech sinn och ganz fir ‘politesch Bildung’, allerdëngs kléngt dat bei dir bëssen vague .. an wat heescht ‘gutt op Wilen virbereet’? Dass se deng Partei wielen?
Ganz am Eescht: ech hunn vill Sympathien fir die Gréng (an hinnen och Stëmmen ginn läschten Sonnden), mee dat Gejéimers hei fannen ech awer lo e bëssen krass … zumools et a mengen Aan d’Ursaachen vum Problem falsch aschätzt.
corr: Wann die Konservativ manner Stëmmen solle kréien, dann muss eng Gesellschaft existéieren (oder geschafen ginn), déi deenen Konservativen manner Stëmmen wëll ginn.
Et ass vläit net kloer eriwer komm, mee ech „jéimere“ net, well ech mam Wahlresultat net ze fridde sinn (wat natierlech näischt drun ännert, dass ech net ze fridden sinn), ech kritiséieren éischter den Oflaf vun deem politesche Prozess zu Letzebuerg, deen duerchaus méi fair hätt kéinten oflafen.
E faire Wahlkampf ass fir mech d’Viraussetzung fir fräi Wahlen, respektiv mecht se erréicht „sennvoll“.
An du mengs en besseren ‘politeschen Prozess’ an deenen läschten Wochen hei hätt eppes wesentleches geännert?
@Grommel,
dat do ass eng rhetorech Fro. De Manuel kann net wessen op sech eps geännert hätt falls mer en besseren politechen Prozess hätten.
Mee wann een eps besseren kann dann soll een et och maan. Oder wisou soll een net eps zum besseren wenden?
Genau.
Bon ech mengen de Problem hei ass och e bessen deen, dass ech meng Impressiounen zum Wahlkampf an déi zum Wahlresultat an ee Post gesat hunn. Et wier vläit besser gewiert dat ze trennen.
G:
Ech hat jo net gefrot op hien dat WEISST, mee op hien dat giff MENGEN.
A wat ‘besser’ ass, ass natierlech relativ.
Grommel: „Wielen Läit eng Partei wierklech just wéinst engem Gadget?? Dann ass awer en effet Happ a Malz verluer …“
Ech lueden dech fir déi nächst Wahlen op d’Musel an, an dann wärs de deng Meenung änneren hihi. Dat as saukrass wann een eeler Madame gesäit, déi grad en CSV-Bic oder e Gréngen-Radéiergummi an de Grapp gedréckt krut, an se dann seet: „Wéi flott, deen do as awer fein….“ Ee Kräiz as demjéingen sëcher!
Déi Iddi mat der Zentrale für PB as esou eppes géniales, ech hun bei deenen an Däitschland schon selwer Saachen bestallt an Zäitschrëften gelies. Am Fong hun e puer Kolleegen an ech eis schon emol esou eng Saach ausgeduecht, fir bei eis zu Réimech eng asbl ze grënnen, déi als Info-Plattform déngen soll, fräi vun Parteien an Dommheet. Eng Art Biergerforum soll dann de Leit d’Mégilechkeet gin, fir reegelméisseg (nët nëmmen virun de Wahlen!!!) all puer Méint op engem Info-Owend den Politiker konkret Froën ze stellen. Esou hun mer eis geduecht, kéinten mer d’Leit méi un dat Thema erun bréngen. Wann dann een Politiker mengt, en misst nët optauchen an Ried an Äntwert stoüen, dann hat en Pech.
Wéi gesot, dat wier fir eis eng super Méiglechkeet, déi een aktiv emsetzen kann doheem virun der eegener Dir. Do fänkt neemlech engem Juncker & Co. seng Karriere un. An do sollen se schon hier Kompetenz ënner Beweis stellen, an nët nëmmen op eng Rente vun der Chamber luussen…
E krasst Beispill vun Réimech spillt elo den Anti-Gadget-Leit zou an gläichzäiteg géint déi déi fir en ordentlechen Wahlkampf sin: Bei de läschten Wahlen huet eng gewëssen Partei effektiv keng eenzeg Wahlversammlung ofgehal, huet jhust en Bréiw an d’Boite gepucht, fir ze soën, datt een sech mellen kéint bei Froën. Ech hun dat esou witzeg fonnt. Wat as geschitt?
Vun deenen fënnef Toperten sin och nach dräi gewiehlt gin.
Dat as schlëmm. An mëcht mer Angscht…
Hoppla, kleng Verbesserung:
D’Beispill vun Réimech bezitt sech op déi läscht Kummunalwahlen.
Mike:
> Dat as saukrass wann een eeler Madame gesäit, déi grad en CSV-Bic oder e Gréngen-Radéiergummi an de Grapp gedréckt krut, an se dann seet: “Wéi flott, deen do as awer fein….” Ee Kräiz as demjéingen sëcher!
A wee seet, dass dat Kräiz deene net schon virdrun sécher woer … ?
Anerersäits schwätze mer jo hei wuel da vum Panachéieren, ok, do kann dat schon sinn, dass een dann e puer vun sengen Eenzelstëmmen sou verdeelt. Ass jo net, wéi wann een just eng hätt.
Mäi Punkt woer awer, dass ech net wierklech gleewen, dass irgendeen JUST wéinst engem Wahlgadget giff op eemol eng aner LËSCHT ukräizen.
@Grommel, ech wees ganz secher net, op et eppes geännert hätt (opwuel ech en Unhänger vum Determinismus sinn
Mee et geet mär einfach em d’Virbedingungen vun der Demokratie, ech hätt gären e fairen Ideenwettbewerb, a keen deen duerch strukturell Privilegien ewéi staatlech subventionéiert Propaganda duerch Pressehellef fir déi grouss Parteien verzerrt get. Wat dat mat d’Bléck op d’Resultat ännere géif, dat wees ech net, ma dorop kennt et och net un, et kennt drop un, dass de Prozess fair a „sportlech“ ofgelaf ass.
Wéi een Afloss d’Gadgeten hunn, ass och schwéier ze soen. Leit, déi ongeféier eng Ahnung hunn wat se wielen, loossen sech doduerch wuel kaum beaflossen, anerseits hues de awer emmer erem Leit, an et sinn der net ze man, déi wierklech guer näischt mat Politik um Hutt hunn, an déi loosse sech duerch allméiglech Saache beaflossen, just ebe kaum duerch politesch Ideen. Dat ass dann awer problematesch, virun allem wann déi Leit musse wiele goen.
>anerseits hues de awer emmer erem Leit, an et sinn der net ze man, déi wierklech guer näischt mat Politik um Hutt hunn, an déi loosse sech duerch allméiglech Saache beaflossen, just ebe kaum duerch politesch Ideen. Dat ass dann awer problematesch, virun allem wann déi Leit musse wiele goen.
stëmmt, gutt Argument.
salut Manuel:
Du schréiws:“ Ma ech mengen awer, dass déi Materialschluecht d’Reaktioun vun der Politik op eng Bevelkerung ass, déi u politescher Informatioun tendenziell wéineg intresséiert ass.“ Do mess der et ze einfach well d’Politikverdrossenheet – dei sech och zu Letzebuerg weisen géif wann mer keng Wahlpflicht hätten – as jo dat direkt Resultat fun der Gerengschätzung déi d’etabléiert parteien vis a vis fun der Bevölkerung hun. Konkret Beispill: 44% fun der Bevölkerung seet NEE zur EU-Constitution awer bal 100% fun der Chamber – och déi Gréng – soen JO.An wat as dann d’Konklusioun fun den bauschen, Meischen an wei se all heeschen: D’Vollek – an speziell d’Jugend – war net richteg informéiert, et hätt un der Kommunikatioun gefehlt an iwwerhat sollt een d’Léit emol réeducéieren.Aus Angscht eng wiirklech Defaite z’erléiden hun sech d’chambersparteien guer net méi getraut den Lissabonner Vertrag zur Ofstemmung ze bréngen!Oder déi absolut Riisensauerei déi elo an Irland -erem mat der Ennerstetzung fun den Gréngen – virbereed gett een ganz Vollek wat sech majoritär an an engem demokrateschen Prozess geint den wirtschaftsliberalen an militaristeschen Lissaboner Vertrag an engem Referendum ausgeschwat gett genötegt nach eng Kéier ze wielen bis et dann endlech Jo seet. As dat demokratesch??? Baut een sou d’Vertrauen fun den Léit an d’Politik ob?
Wat as dann fun direkter Demokratie nom Referendum iwwert d’EU-Constitutioun iwwregbliwwen?
Den EU-Vertrag ass net de Grond wisou sech ganz vill Leit guer net fir Politik intresséieren.
Den EU-Vertrag gouf an Irland virun allem aus nationalisteschen a konservativen Motiver ofgeleent, net wéinst dem Militär…
An wéi esou oft sin innenpolitesch Themen bei EU-Wahlen den Haaptgrond fir d’Entscheedung dofir oder dogéint. D’Thema as un sech zweetrangeg. Leider (bon, Gott sei Dank) gin déi Wahlen och vum Wieler „mëssbraucht“, fir sengem Protest Loft ze maachen, well en eben *nët oft* esou eng direkt Méiglechkeet huet. Do as den Dilemma vun EU-Wahlen. Se kënnen anscheinend nix dofir, kréien der awer op d’Panz fir en Sarkozy & Co. Um Enn sin déi awer verantwortlech, doheem an an der EU.
Referenden wärten och an Zukunft esou Problemer hun, ët fehlt eben un enger gewëssener Entwécklung an der politescher Kultur, an dat iwwert d’ganz EU verdeelt. D’Astellung zum System as mat aaneren Erwaardungen verbonnen, d’Leit wëllen vläicht eng EU, mee eng aaner wéi se elo do as. Esou laang d’Menschen d’Gefill hun datt alles ouni sii an laanscht sii leeft an entscheed gët, wielen se och dementspriechend. An dat as op eng Art an Weis och erëm als positiv unzegesin. Mir sin eben nët déi Deppen an Toperten wéi ët am Fong erwaard gët. Schlucken oder spucken…
Alles Klassiker an der Argumentatioun, mee ët kënnt menger Meenung no ëmmer erëm un d’Realitéit erun.
„an iwwerhat sollt een d’Léit emol réeducéieren“ >>> dat fannen ech e bëssen de Wieler mat der Hand geholl an ronderëm gefouert…ët soll nach ëmmer déi fräi Entscheedung gin, ob een matmaachen wëll oder nët…dofir och eis Iddi (kuck uewen) vum Biergerforum, do mussen mer eis um Ufank bestëmmt op wéineg bis guer keen Echo astellen….an trotzdem weider maachen
Bah…Démocratie ? Quand une personne résidente sur 2 ne vote pas ?? Quand les 2/3 des salariés du pays ne votent pas parce que frontaliers ou étrangers ??? Les médias ne parlent de toute façon que de la moitié de la population. Regarde RTL ou lis le Wort on ne voit que des luxembourgeois.
Alors moi je ne m’embête plus à utiliser les médias locaux qui ne s’intéressent à rien d’autre que les petits problèmes des riches oisifs luxembourgeois qui n’ont même pas encore réussi à normaliser leur relation avec l’église ou leurs voisins. Je vis ici dans un autre pays que le vôtre sui fonctionne parallèlement au vôtre et sans vous. La devise du pays est bien que vous voulez rester ce que vous êtes, conservatisme absolu qui crée des fossiles. Continuez à fermer les yeux et à vous regarder le nombril, le réveil sera dur…