Wa mer an den Himmel kommen, wéi laang si mer dann do? Fir emmer? Wa net fir emmer, wat kennt dono? Wann mer (respektiv d’Chreschten) onendlech laang am Himmel solle verweilen, da bréngt dat e logesche Problem mat sech: Wann den Chrescht A virun 1000 Joer gebuer an virun 900 Joer gestuerwen ass, an de Chrescht B haut gebuer gouf an an 100 jo stierft, a se dono allenzwee onendlech laang am Himmel hocken, dann ass dem Chrescht A säin onendlechen Openthalt 1000 Joer méi laang ewéi dem Chrescht B säin, wat awer net geet, well Onendlechkeet net méi laang daueren kann ewéi d’Onendlechkeet. Leit deen Probleem an der Welt oder an eisem Denken? Huet d’Chreschtentum dofir eng Léisung oder get einfach dem Härgott vertraut, datt deen dat iegendwéi am Greff huet?
Just sou e Kollateralgedanken vu menger Seminaraarbescht…
Abgelegt unter : Philosophie



Eng interessant Fro hues de do … ech soen just wann et den vun dir beschriwwen Himmel geng ginn – wéil ech net do „Liewen“ – waat mecht een dann déi onendlechlaang Zäit??? Do misst eeen dann onendlech Wahnsinneg ginn oder net?
Waat hues de dann fir eng Seminaraarbecht, dass de op esou Gedanken kënns??
1. D’Chrëschten hoffen op eng nei ‘Äerd’ an en neien ‘Himmel’, déi die aktuell Äerd an den aktuellen Himmel ersetzen. D’Chrëschten hoffen op éiwegt Liewen op DESER NEIER Äerd, net op en éiwegt Liewen am Himmel. Opmanst selon Bibel. Dat mat der Séil an éiweg am Himmel sinn spéider, platonesch Aflëss.
Wéi souvilles bei den chrëschtlechen Virstellungen, sou ass awer och dat do extrem vague, widdersprëchlech, onverständlech, etc. Mee et ass op alle Fall net esou, dass d’Ziel ass fir als ‘Séil’ éiweg an engem ‘Himmel’ ze weilen, contrairement zu wat déi meescht Chrëschten mengen. Mee déi hu jo och seelen d’Bibel gelies.
2. D’Onendlechkeet ass an deenen 2 Fäll vun dengem Beispill d’selwecht ‘laang’, falls dat woer Längt am Zesummenhang mat Onendlechkeet iwwerhaapt Sënn mëcht. Der Persoun A hier Onendlechkeet fängt halt einfach bei X un an der Persoun B hier bei X+100. Dat ass e bëssen, wéi wann d’Persoun A giff zu Beetebuerg an den Zuch klammen an d’Persoun B an der Stad an sie giffen dann zesummen Richtung Dikkrech fueren.
3. Wat seet de fräien Wëllen?
@Nathalie, jo dat mam Wahnsenn kennt wuel nach dobäi.
Ech hu nach keen Titel, mee et geet em dem David Hume seng Positioun zum Thema Fräiheet an Determinismus an inwiefern déi mat den Erkenntnisser vun der moderner Naturwessenschaft (Gehierfuerschung, Quantentheorie, Chaostheorie) kompatibel ass. Et ass e löschtegt Thema
@Grommel,
Hm ok, wat d’Chreschten wellen an dovun halen, dat klameren ech dann einfach mol aus, wann se et selwer net sou genee wessen
De Probleem, deen ech gesinn, ass deen, datt wanns de vun der potentieller Onendlechkeet zeréck kucks, da stéiss de iegendwann op déi 2 Ufäng. [ennert der Bedingung, datt ee méi schnell zréckkucke kann, ewéi sech d'Onendlechkeet weider entwéckelt - mee mer befannen eis hei jo an der Theorie] Mer stoussen dann éischter op deen een Ufank ewéi op deen aneren. Ech mengen, datt dee Problem doduerch entsteet, well déi Affär ganz einfach een Ufank huet, anstatt keen. Mer schwätzen hei vun eppes Onendlechem, dat awer trotzdem op dir enger Säit en Enn bzw. en Ufank huet. Ech géif dofir soen, datt Onendlechkeet just widersprochslos denkbar ass, wann se a béid Richtungen gelteg ass. Wourop ech eigentlech erauswollt: déi Konzeptioun vum onendleche Liewen géif just dann Senn man, wann een och schon onendlech laang gelieft huet, ier ee gebuer ginn ass.
De fräie Wellen kämpft, mee e wäert déi Aarbecht net iwwerliewen
Ech hoffen an de nächsten Deeg mam Deel iwwert dem Hume seng Argumentatioun fäerdeg ze ginn, an dann kennt deen méi spannenden Deel… da posten ech och mol nees e klengen Update.
Gëtt ët am „Himmel“ iwwerhaat Zäit?
mengen de Problem Leit wei soudachs bai schlechten Matheskenntnisser
kloer ass deen een emmer schon 1000Joer mei laang do wei deen aneren, dorunner waerd sech nii eppes änneren.
Mee den Realtiven ennerscheed ass jo 1000/x wann se dann onendlech laang do senn, ass deen dann lim x->oo 1000/x also 0.
Well schlussendlech sen se allen zwee onendlech laang do, weini daat ugefaang huet ass mathematesch gesin egal, well et trotzdem emmer onendlech laag ass…
@Nestor, gutt Fro. Ech géif soen, wann et am „Himmel“ eng Liewensweis (Liewen nom Doud) get, dat erkennend a selbsterkennend ass, da muss et och eppes ewéi Zäit ginn, soss kéint et am erkennen, denken, oder wat och emmer dat Liewe maache géif, keng Bewegung ginn an domat usech och keen Prozess a kee Liewen. Mee dat ass elo wuel zimmlech spekulativ. De Problem vun der Onendlechkeet stellt sech awer och onofhängeg vum Himmel. Et kann een de Prolem och opgräifen andeems een 2 Saliten an den Onendleche Weltraum schéisst, deen een mat 1000 km Virsprong.
@Pol, méng Mathe Kompetenzen sinn effektiv net brilliant, ma ech mengen awer, datt dat, wats de do sees, de Problem net léist, e just verdäitlecht. Wann déi béid Wäerter effektif onendlech sinn also gläich laang, an tortzdem en ennerschidlechen Ufank hunn, da leit grat doran de Widersproch. Wann dat an der Mathe kee Problem ass, dann bedeit net, datt et kee Probleem get.
Mee dovun ofgesinn ass sech d’Mathe jo selwer net eens, wat onendlech bedeit, siehe de Sträit tescht aktualer an potentieller Onendlechkeet.
onendlechkeet fänkt jo iergendswann eng keier un. et geet jo nemmen an eng richtung. deemno wier et jo logesch daat deen een mei laang an der onendlechkeet ass wi deen aaneren. mais vue daat een onendlechkeet jo net moossen kann….ass et jo net relevant ob deen een lo eischter ‘dran’ ass wi deen aaneren, vue daat se jo onendlech ‘dran’ sin.
Ech denken net, daat Onendlechkeet = Eiwegkeet ass. Well menger Meenung no, kann Onendlechkeet entstoen, Eiwegkeet awer net. Iergendswann kennt den Punkt, wou een an d’Onendlechkeet kennt (jo daat klengt bessen komesch). D’Eiwegkeet ass awer emmer do, dei huet net iergendswann ugefaang, dei huet zwou Richtungen (bon, ok, daat wuert Richtungen ass net gudd gewielt.) Deemno wier et absurd, ze behaapten, e Mensch kinnt en eiwegt Liewen hun, well dann wier en jo net gebuer mais schon emmer do gewiescht. Daat en Mensch en onendlecht Liewen kinnt hun, ass fir mech duerchaus méi plausibel. En hällt dann halt net op mat Liewen. Mais en huet awer iergendswann ugefaangen mat liewen. Soit.
haha, lo hun ech grad gemierkt, daats du mier widersprach hues am Kommentar zum Grommel sengem Kommentar. Nja….ech beharren awer dodrop daat onendlechkeet en Ufank huet (awer halt keen Enn) an datt daat den Ennerscheed zur Eiwegkeet ass.