Le Gouvernement soutient la mise en place d’un réseau national de Maisons de la laïcité. Ces maisons sont le point de contact de la communauté laïque dans la cité. Elles constituent des lieux de rencontres, d’échanges, d’informations et de services. L’État participe jusqu’à concurrence de 75% aux frais d’infrastructures des centres régionaux. Les associations gestionnaires bénéficient d’une subvention forfaitaire annuelle pour frais de fonctionnement de la part de l’État.
Le Gouvernement confirme son attachement au système constitutionnel de la conclusion de conventions entre l’État et les communautés religieuses. Il entend l’étendre à d’autres communautés pour autant que celles-ci aient des activités substantielles et un nombre important d’adhérents au Luxembourg et qu’elles s’engagent à respecter la Constitution, les lois et l’ordre public du pays.
Dat ass am „programme gouvernemental“ ënnert der Rubrik „dialogue interculturelle“ ze liesen. Engersäits halen ech dat fir eng duerchaus iwwerfälleg a begréissenswäert Initiativ, zum aneren huet se awer och e fade Bäigeschmaach.
Positiv
Dofir schwätzt a mengen Aen, dat mer zu Lëtzebuerg sécherlech eng Institutioun oder eng Instanz gebrauche kennen, déi sech ganz konkret fir d’Interessien vun Atheisten, Agnostiker, Humanisten an sou weider asetzt, an där hier Fuerderungen iwwert déi no der Trennung vu Kierch a Stat erausgin. Dëst konnt een an de leschte Méint a Joeren bei Themen ewéi der Stierfhëllef, Avortement, Homoehen asw. ëmmer erëm feststellen. Op dir enger Säit huet een d’Kierch stoen, déi Mëttelalter priedegt, an op dir aner Säit e Kuddelmuddel aus kritesche Stemmen, déi méi mat sech selwer ze kämpfen hunn, ewéi dat se e staarke Géigepol zur Kierch duerstelle kéinten.
Esou eng Interessevertriedung sollt menger Meenung no verschidden Aufgabe hunn. Als éischt emol misst natierlech iwwert déi Weltanschauungen opgekläert ginn. Zum Beispill misst mat Märecher ewéi ënnert anerem deem, dat et ouni Relioun keng Moral get, opgeraumt ginn. En atheistescht, naturalistescht Weltbild ass nämlech en immens fruchtbaart Substrat fir eng fortschrëttlech Ethik. Se kéint och als Plattform dofir dengen, datt Atheismus & co net just en Attribut vun der perséinlecher Weltanschauung bleiwen, mee kulturell och ausgelieft a weiderentwéckelt kéinte ginn.
Eng weider wichteg – ech géif soen déi wichtegst iwwerhaapt – Aufgab géif dora bestoen, Infrastrukturen a Servicer unzebidden, déi e prakteschen Humanismus erméiglechen, oder an anere Wieder: net-reliéis Zeremonien, ewéi zum Beispill Hochzäitsfeieren oder Begriefnisser. Et ass jo hautdesdaags esou, dat vill jonk Leit, déi mat Relioun usech iwwerhaapt näischt um Hutt hunn, sech trotzdem an der Kierch bestueden, well se do ganz einfach deen méi attraktive Kader gebuede kréien. Ech denken, dat de Mënsch – vläit net jiddereen, awer vill – e gewëssent Bedierfnis no Zeremonien huet. Eng Demande fir esou net-reliéis Feierlechkeeten wier sécherlech do. Dobäi muss een awer och bedenken, dat d’Kierch haut nach ëmmer de Monopol an deem Beräich vum gesellschaftleche Liewen huet. Wann een géint d’gesellschaftlech Muechtstellung vun der Kierch virgoe well, da muss een Alternativen an deem Beräich ubidden. Hier Legitimitéit schaaft d’Kierch hautdesdaags nämlech net méi aus dem Glawen vun de Leit, mee eben duerch déi Monopol-Stellung. Dat gëllt natierlech net just fir Hochzäiten, mee och fir Begriefnisser an aner gesellschaftlech a kulturell Evenementer oder Riten.
Negativ
Wéi wuel net anescht ze erwaarden, wann esou e Konzept aus dem Brutkasten vun der CSV kennt, huet déi „Maison de la Laïcité“ och en onverdaulechen Hoken.
Eppes, wat a mengen Aen zwar net entscheedend sollt sinn, awer trotzdem zu enger onnéideger Begrëffsverwirrung féiert, dat ass schon de Numm „Maison de la Laïcité“. Laizitéit heescht jo graff betruecht näischt anescht, ewéi dat de Stat sech a reliéisen a weltanschauleche Froen neutral verhält a keng Privilegien dir enger oder anerer Relioun/Weltanschauung erméiglecht. Wa mer awer elo higinn an d’Laizitéit, déi usech eng politesch Uerdnung a keng Weltanschauung ass, selwer als Weltanschauung an engem gewësse Sënn privilegéiere wëllen, dann féiere mer se an hirem Wiesen ad absurdum. Vun dohier géif ech deem Projet vu vir eran en anere Numm ginn. Eppes wat mat Atheismus oder Humanismus ze dinn huet, wourems et heibäi eigentlech goe sollt, a net mat Laizismus. Mee bon, um Numm sollt et menger Meenung no net scheiteren.
Méi wichteg ass dann awer d’Fro vun der Finanzéierung. Esou wéi ech dat verstan hunn, sollt de Stat dat zu engem Groussdeel finanzéieren, a gläichzäiteg well d’Regierung och um Konventiounssystem fir de Finanzement vun de Reliounen festhalen. Wann eis nei Regierung sech elo esou progressiv get an effektiv eppes fir déi net-reliéis Leit am Land maache well, dann misst se awer och esou konsequent sinn an déi ganz Finanzéierung vun de Reliounen a Weltanschauungen op eng gerecht Basis stellen. Ech ginn de Verdacht net lass – zumol mat Bléck op d’CSV – dat et heibäi och dorëms geet, dem laizistesche Widerstand géint d’Virmuechtstellung vun der Kierch e bëssen de Wand aus de Segelen ze huelen. Mir sollen eng kleng Grimmelchen vum Kuch ofkréien, fir datt d’kathoulesch Kierch de grousse Recht vum Kuch weiderhin fir sech reklamméiere kann. An eben do leit de Problem: wien decidéiert, wéi eng Relioun oder Weltanschauung wéivill vum Kuch ofkritt? Wisou kritt d’kathoulesch Kierch 99% (Konventioun + Kierchefabriken + sonsteg finanziell Privilegien) vum Kuch? Ass hire Gott méi geldsüchteg? Sinn hir Argumenter besser? Ass hir Moral besser? Neen, dat schéngt mir ganz einfach dorun ze leien, dat zu Lëtzebuerg als Katholik gëllt, wien als onmündege Baby an den Dafregester agedroen ginn ass, wat natierlech eng grouss Majoritéit (iwwer 80%) vun der Bevëlkerung ass. Geet dat duer fir als Katholik ze gëllen? Geet dat duer fir d’kathoulesch Kierch därmoossen ze privilegéieren? Kaum. Wann ee sech aner Zuelen ukuckt, zum Beispill déi vun de regelméissegen Kierchegänger, 3-15% je nodeems, wien ee freet, dann sinn déi 99% vun der finanzieller Hëllef sécherlech net méi gerechtfäerdegt. Wéivill Katholiken hu mer dann elo? 3% oder 80%? Ech kann déi Fro net beäntweren an den Här Juncker kann se och net beäntweren, wat ganz einfach dorun leit, datt just den eenzelne Mënsch selwer bestëmme kann, vu wéienger Weltanschauung e sech ugezu fillt. Duerfir, wann eis nei Regierung gesellschaftspolitesch Fortschrëtter maache well, dann kann den éischte Schratt just doran bestoen, gerecht Verhältnisser an dir Fro ze schafen, an dat geet just andeems se e Finanzéierungssystem aféiert, deen d’Gelder representativ zu de realen Iwwerzeegungen an der Bevëlkerung verdeelt. Dir Ufuerderung gerecht ginn déi verschiddenst Modeller vun Memberskaarten bis zur Kierchesteier. Am Kader vun engem gerechten Finanzéierungsmodell wier och eng „Maison de la Laïcité“ oder ähnlech e grousse Fortschrëtt, am aktuelle Kader riskéiert se zur Farce ze ginn.
Abgelegt unter : Gesellschaft, Politik, Reliounskritik



Ech verstin net richteg, firwat mir soueppes brauchen.
Also, Face zur Kierch schon, mee mir brauchen soueppes dach just duerweinst.
Ass et net Paradox, dat Atheisten sech vereenegen, weinst eppes, wat se net hun, dem Glaawen?
Ech well dat net. Sollen se d’Kierch oofschaafen. Mee soss fannen ech et awer gudd.
Also ech gesinn dat usech net just als Géigepol zur Kierch, ech gesinn et virun allem als eppes eegestänneges, wat och onofhängeg vun der Kierch existéiere kann a sollt.
Beim Atheismus handelt et sech jo effektiv em e negative Begreff, deen net méi auseet ewéi d’Leugnung vun engem héigere Gott-Wiesen, mee e naturalistescht Weltbild oder en evolutionären Humanismus ass awer eng komplett Weltanschauung, déi a mengen Aen vu ville Leit (oft onbewosst) geliewt get an déi duerchaus eng Intressevertriedung verdéngt huet.
Firwat?
Den eenzegen Interessi dien ech hun, ass d’Kierch an de Staat ze trennen. Ech brauch jo awer keen, dee sech dofir asetzt, dat ech net u Gott gleewen.
Eng Kierch brauch eng Plaz wou een kann gemeinsam Ritualer (Massen) oofhalen, wou een kann hei an do man.
Ech hun awer keng Ritualer. A keng Interessien ausser dat ech meng Fräiheet duerch d’Kierch beschränkt gesin. Ech brauch keng Suen fir un näischt ze Gleewen, ech gin net verfollegt an net gefoltert.
Außerdem kann
dCSVd’Kierch elo jo soen: mir kennen Kierch a Staat net trennen, mir ennerstëtzen Iech jo och.Majo et sollt jo net dorems goen, datt all Atheist sech deem enneruerdne misst. Wanns du déi Servicer net brauchs, dann ass dat jo ok. Dat gellt awer net onbedengt fir jiddereen.
ee Beispill: wanns du ee net-reliéist Begriefniss wells, dann bass de entweder dovun ofhängeg, datts de ee Gemengeverantwortlechen hues, deen dat professionell maache kann (wat net emmer de Fall ass), oder du bass op déng eege Kreativitéit ugewisen. Ech denken, datt et duerchaus Leit ginn, déi an där Fro gären op sou e Service zréckgräife géifen.
eng ganz anerer Saach: et kéint och eng Art Wessenszentrum duerstellen, wous de Informatiounen hierkréie kéins oder dech austausche kéins zu Themen ewéi d’Geschicht vum Atheismus oder naturwessenschaftlech Aspekter vum Atheismus etc
Ech gesin do am Fong eng ganz Parti Virdeeler dran. Et dierft awer natierlech keen totalitärt Organ sinn ewéi eng Kierch.
„Außerdem kann dCSV d’Kierch elo jo soen: mir kennen Kierch a Staat net trennen, mir ennerstëtzen Iech jo och.“
Majo genee dowéinst maan ech d’Trennung vu Kierch a Stat jo zu enger Bedingung fir esou eng Institutioun.
Sin relativ mam Thorben averstaanen. Och wann verschidde Leit aus menger Partei dei Maison de la Laicité als eng victoire feieren… Ok, iergendwei as et schon eng, well d’CSV fir dat doten ze akkzepteieren awer besseli waaser an hiere wein huet misse schedden. Mee den doten Model (aus der Belsch importeiert, wou de Laizismus unerkannt gett wei eng Relioun an demenspriechend och Subsiden), brengt et menger meenung no awer net… De Risiko as dass dono dei Maisons de la Laicité dann do stin, mee keen dohi geet, an dann kennen se soen: „ma kuckt, et gin zwar bal keng leit mei an d’kierch, mee bei iecht kennt jo och keen, also wirwat solle mir um system vun de konventiounen an dem staatsfinanzement fir d’Kierchen eppes aenneren? oder wellt dir och aer subsiden verleieren“. Dat ganzt geseit besseli no engem Cadeau empoisonné aus… Faerten och dass dat de konflikt teschent deenen dei fir eng trennung vu Kierch a Staat sin an deenen dei dat net wellen na verstaerkt, amplaatz dass en dee problem endlech aus der Welt geng schaafen… Naja, mol kucken wei dat sech entweckelt, vleit gett et awer na eppes
Régis, jo ech gesinn dat ganz ähnlech. D’CSV hält eis e geftege Fanger dohin. Du hues an där Situatioun 2 Méiglechkeeten. Entweder du schécks de Fanger dohin zréck, wou en hiem komm ass, oder du zitts drun an hells déi ganz Hand.
Ech sinn éischter fir déi 2. Optioun. Ech fannen et falsch – wat der leider vill man – vu vir eran ofzeblocken. Ech denken, et sollt ee mol Verbesserungsvirschléi proposéieren, dat ganzt u Bedingungen knäppen a kucke wat se dann dozou soen. Neen soen kann een och dono nach emmer.
d’liberté de conscience huet kloer gesot datt dat doten eng fal as!esou zementéieren mer den aktuellen finanzeierungsmodus fun den kiirchen.also dowinnst een kloert NEE fun mir zu desem projet.
Claude, ech fannen déi Approche net immens konstruktiv. Wéi ech schons sot, géif ech et wesentlech méi produktiv fannen, als éischt emol Verbesserungsvirschléi ze man a Bedingungen ze stellen, fir op dir Grondlag vläit e Kompromess ze fannen, a wann dat dann net klappt, da kann ee nach emmer nee soen.
Natierlech géif dee Regierungsprojet an dir Form den aktuelle Finanzéierungssystem zementéieren, mee deen bleiwt genau esou bestoen, wann een hei elo einfach op stur schallt. Vun dohier géif ech dee Projet un e méi gerechte Finanzéierungssystem bannen.
Just well eng Associatioun „nee“ seet, mussen mer dat also ofleenen? Rühmen mir Atheisten an Humanisten eis dann net emmer domatter, dass mer eng individuell Meenung hunn? Wisou sollten mer eis dann elo einfach där Liberté de Conscience enneruerdnen, ouni eis selwer eng Kéier mat der Problematik auserneenzesetzen (ech soen net, dass mer si sollen ignoréieren, mee hier Meenung als verité absolue unzehuelen ass awer definitiv falsch).
Ech ginn der Recht, Manuel. Wann ech mer ukucken, wéi gudd dat an Groussbritannien funktionéieren, wënschen ech mer, dass et dat hei am Land och gëtt. Do kanns de dech zivil an engem enorm schéinen Kader bestueden loossen (do ginn et eng ganz Rei u Plazen, déi sinn ee gudd Stéck méi impressionant ewéi eng Duerfkierch). An ech géing et och begréissen, wann een sech kéinnt zivil begruewen loossen (ech wëll nämlech keen Gebieds an Geschwafels iwwert Gott, soss klammen ech neess aus dem Sarg eraus
).
Déi „Ongleeweg“ si jo keng homogen Grupp wéi zB. Katholiken, sprech mir hu keng gemeinsam Dogmen etc. An waat soll daat? Soll lo den Antiklerikalismus gebändegt gin andem en och klerikaliséiert gett? Sorry, mee ech gesin NÄISCHT Positives dorun – ganz am Géigendeel! Déi komplett Idee vun der Laicitéit gett verworf zugonschten vun engem pseudo-atheisteschen Paafentum, daat vun genee dem nemlechten Staat finanzéiert, den och den Reliounen Privilegien gewährt. De Laizismus gett zur Relioun erhuewen – domat gin eis Zieler net erreecht, domat gin se emgepolt an pervertéiert! Déi „positiv“ Aspekter sen, sou Leed et mer deet, irrelevant well antiemanzipatoresch.
Dat een en Humanisteschen Club grennt, d’accord. Mee eng „maison de laicité“ as Schwachsenn. Mir duerfen eis op kee Fall op soueppes aloossen – keng Kompromesser mam Klerus! Maach eng Asbl op, déi sech mat net-reliéisen Feieren beschäftegt, mee niemols op „Konventiounen“ aloossen. Alles anescht géif mech schwéier enttäuschen, zemols wann de Support dofir vun soss sou konsequenten Antiklerikalen wéi dir komme géif.
Also: looss eis bei der laizisteschen Aktivitéit, bei der rengen Negatioun vun der Relioun bleiwen an eis net op „atheistesch“-esotereschen Klerikalismus aloossen.
Sveinn wrote: Déi “Ongleeweg” si jo keng homogen Grupp wéi zB. Katholiken, sprech mir hu keng gemeinsam Dogmen etc.
Moment, do muss ech allerdéngs widderspriechen. D’Katholike sinn alles anescht wéi eng homogen Grupp. Dat ze behaapten, zeugt vun enger gehéiereger Portioun Ignoranz.
Fir de Rescht sinn ech mam Manuel a ville Punkten averstanen. Virun allem schengt mer d’Erkenntnis wichteg, datt d’Laizitéit, grëndend op Humanismus an Naturalismus, eng Weltanschauung ass. A wann ee verschidden extrem Forme vun Atheismus kuckt, da kann e ejo duerchaus Parallelen zum reliéise Missionarismus, oder souguer Fundamentalismus erkennen (deen net all Katholik auszeechent).
D’Katholiken an déi di toleréiren statistesch als solch geféiert ze sin, si wuel keng homogen Grupp, awer hir komesch Toleranz (oder eigentlech Lethargie) léisst zou dat se hir gudd coordinéiert Spriecher hun:Bistum, CSV a Wort. De Gros vun hinnen sinn Schof di an hirem klengen Trapp hanner dem eefaltegen Trio hannendrun lafen.
Grad dofir sin se nun mol keng Konkurrenz mat der mer et sou einfach ophuelen: hic eidel Kirchen, hic eidel Maisons de la Laïcité. Dat ass wirklech eng schlecht Basis fir dat wat mir Atheisten an Humanisten wellen erreechen.
Bei allem Verständnis a Respekt virum Manuel senger Argumentatioun wëll och ech dass mir eis net zu engem “pseudo-atheisteschen Paafentum” (Sveinn 8.8.09 hei) degradéiren lossen.
Et widersprecht der Perséinlechkeet vum Atheist a vum Freidenker, sech an e Corpus ze zwengen, an och do gefällt mer dem Sveinn seng Iwerléung, dass e pur verschidden Initiativen sech z.B. em e gediegenen Zeremoniell bei Bestied- a Begriefnisser kemmeren, em Verbreedung an Opklärung vun eisen iddien, em endlech eng wirklech Trennung vun Kirch a Staat asw.
All di vill Atheisten, Humanisten a Laïzisten, déi vun dem ganzen Geschwofels iwer héiger Wiesen neischt wesse wëllen, sollen endlech weder vu Kirchen nach vun aneren Gotti- an Anti-Gotti-Haiser belästegt gin.
Dat alles schleisst de Moment eng konstruktiv Diskussioun net aus, wi se de Manuel furdert.
Losst mer eIs vun dem klitzeklengen Schrëtt net beandrocken. An dat grad well en an dem schwarzen Eck konzipéiert an ausgeklügelt gin ass!! Mat eise Steiersuen gönnen si sech grousszügig hir full-time Strategen an Propagandisten. A wann déi sech scho mol bewegen, können a mussen mir d’Aen ophalen a vill discutéiren. Et ass schon encourageant ze gesinn wi ärdeg déi Diskussioun leeft!
Am Moment wir et scho gudd wa jiddereen vun eis, senge Bekannten an der LSAP helleft, och d’Aen opzehalen a vigilant ze sinn. An der Verblennung vu Koalitiounsgespréicher, Kris a wuel Schwengsgripp ass bei eise roude Frenn e geféierlecht “Gott-Vertrauen” opkomm.
agnosti: daat wor plakativ gemengt an vun dohier net „en Zeechen vun Ignoranz“. De Katholizismus as an dem Senn homogen dat et gewessen Dogmen gett déi quasi „bindend“ sen fir déi „Gleeweg. An déi existéiren am Atheismus net. Vläit bei gewessen Atheisten, mee net am Atheismus als solchen. Desen as nemlech näischt weider wéi d’Negatioun oder d’Erkenntnis vun der Irrelevanz vun der Gottesfro. Et kann also och antihumanistesch Atheismen gin, et kann nihilistesch, ethesch, etc. Atheismen gin. Wéi wellste dann doraus en Kultus maachen?
Also: wann en „humanisteschen Kult“ etabléiert gett, dann sen ech mäin eegenen Kult an fuerderen eng Konventioun mam Staat fir mech.
Sorry, mee ech kann déi pseudolaizistesch Positioun vun den klerikalisteschen Kompromesser nemmen als lächerlech empfannen. Relioun as Privatsaach – an dann as et d’Oofwiesenheet vun Relioun och. Waat geht daat de Staat un waat ech gleewen?
Ech muss soen, ech fannen et herrlech amüsant wéis sech hei een nom aneren als Huminist, Fraidenker, an Opgeklärten (Illuminat
? ) ernennt, oder iwwert dKierch an dKatholiken philosopheiert, ouni ee Spoun Ahnung dovun ze hun…
PS: Duerch iwwermoossegt benotzen vu Friemwieder (Xenologismen) get aus vill blabla leider och naischt gescheites…
Naja, et get eng Rei Chrëschten, déi d’Dogmen net onbedéngt als verbindlech unhuelen, mee se als historesch Evenementer consideréieren, wou op ee bestëmmtene Sachverhalt sollt higewise ginn, nee? Zum Beispill dee leschten Dogma, dee proklaméiert ginn ass, nämlech 1950 d’leibliche Aufnahme Mariens in den Himmel. Do kann een eigentlech vill dermatt ufänken, zum Beispill an déi Richtung, datt de Kierper just e lästegt Gefäss ass, mee eppes Wäertvolles, Positives. Nee? Liest e bësse, wat modern Theologen doriwwer schreiwen (ouni dowéint exkommunizéiert ze ginn). D’Théologie an d’Histoire des dogmes ass schonn intressant iergendwéi…
agnosti: ech wollt just soen dat den KatholizISMUS Dogmen kennt, déi laut dem Popst och bindend solle sen. Ob den eenzelnen Katholik sech dorun hält as emmer na eng aner Fro. An waat fir Dogmen daat inhaltlech genee sen, dorop sen ech o nie agaangen.
Ech freen mech awer da schon op den éischten „atheisteschen“ Popst, Setz Letzebuerg … Jippie …
Andem een en Haus vun der „Laizitéit“ akzeptéiert kämpft een net fir Laizismus, mee et bestärkt een bestoend Strukturen nach méi. Et as also niemols en Fortschrett, mee nemmen eng Befestegung vum Status Quo.
Als éischt emol merci fir déi vill Comments. D’Awänn géint e staatlecht finanzéiert a kontrolléiert „Atheiste-Sammelbecken“ kann ech usech gutt novollzéihen, et ass och op kee Fall dat, wat ech well. Ech géif sou eng Struktur just akzeptéiere, wa se onofhängeg funktionéiere géif, an dat och just dann, wann de Konventiounssystem ofgschaf get, an duerch privat Finanzéierung oder fräiwelleg Kierchesteier ersat get.
Net novollzéihen kann ech awer, wisou esou eng Interessevertriedung automatesch eng „atheistesch Kierch“ sollt sinn. Deen Moment misst ee sech am Fong géint all Form vun Interessevertriedung wenden. Dann géif all Partei, all ONG an all Fräizäit-Veräin zu enger Kierch ginn.
Ech stelle mer éischter eng Organisatioun fir, ähnlech ewéi eng ONG, déi einfach eng Parti Servicer ubidd fir Leit, déi fräiwelleg dorop zréckgräife wellen. Dat kann d’Organisatioun vu Feierlechkeeten, Zeremonien sinn, dat kenne Virträg an Diskussiounsronne sinn, etc. An wann et sech als néideg erausstelle sollt, da kéint déi Organisatioun awer och d’politesch Interessen vun allen net-reliéise Leit vertriede, nämlech dann, wann d’Kierch mengt, hiren Härgott misst jidderengem séng Moral opdrängen.
Mee wéigesot, dat ganzt just ennert de Bedingungen, datt et onofhängeg funktionnéiert a net ennert dem Konventiounssystem, mee ennert engem gerechte Finanzéierungssystem. An deem Kader géif ech et dann awer sennvoll halen.
Doriwer eraus denken ech, datt sou eng Struktur och iwwert Atheismus & co opklären a mat Virurdeeler opraumen kéint, an de Leit weisen, datt et och ganz gutt ouni Kierch geet. Wann ee sech nämlech ukuckt, wéi vill Leit op d’Austretts-Campagne reagéiert hunn. Do si Comments komm vun „Ech fannen Moral awer wichteg.“ bis „Et muss ee jo awer dran sinn, soss geet zu Letzebuerg näischt“…. An deem Senn denken ech, datt mer duerchaus esou eppes gutt gebrauche kennen.
D’Idee vun enger atheisteschen/humanistesch-säkularen Organisatioun as och eppes anescht. Mee wa mer den „Deal“ vun der CSV-LSAP-Eenheetspartei agin, dann riskéire mer en „atheistescht“ Paafentum ze kreéiren.
De Firschlaag vun enger Interessevertriedung etc. as an dem Senn vill besser, eng asbl. as och ok, mee sou quasi-reliéis Konventiounen mam Staat, déi am Endeffekt den Atheismus just zähmen géifen sen strikt (!) oofzelehnen. An d’“Maison de Laicité“ déi vun der Regierung firgeschlo gouf as nun eemol näischt anescht.
Dovun sollt all laizistesch Bewegung sech grendlech distanzéiren. Wéi gesoot, soueng Aart Sammelbecken géif ech och ok fannen, mee dann eben ouni Konventiounen, Privilegien, Sonderrechter etc.
Lo kommen sech de Manu an de Sveinn scho vill mi no. Mer kréien su lues Konklusiounen, mat denen eppes unzefenke wir an déi och mir absolut gefalen.
Ma ech beobachte scho lang dass et an desen – natirlech – net strukturéierten Kreesser op intellektuellem Niveau Ganz héich flit , ma dass all di gudd Iwerléungen sech ze oft am Grass verlafen, wann een sech bis eens ass. Dat ass net su effizient wi et kënnt sin!!
Loss mer derfir surgen dass op d’manst all déi di sech zusou Themen äusseren können a bereet sin dat ze machen, och iwer des Iwerléungen besser informéiert ginn, a se matdroen! Ech denken un Députéiert, Journalisten, Aktivisten bei den Organisatiounen.
Ech fannen mer sollen a mussen e Schratt weiderkommen wi zu enger vaguer Usammlung vun Think Tanks.
De Pafen hir Stärkt leit am Marieland genee do wu eis Schwächt leit!
Si hu Suen an si agéiren.
Mir si super an eisen Iwerléungen, an herrlech konsequent an eisem Irger iwer déi di ons stänneg iwer de Mond furen an eis an d’Tesch furen!
Ech hu lo méi Zeit a well mol ufenken iwer konstruktiv Aktivitéit „nozedenken“!
—
Op jidde Fall merci dem Manu – mer vergiessen mat Momenter wuel, dass mer schliesslech op sengem Blog sin !
Soulaang dei aal asbl’en wei d’Liberté de conscience net genotzt gin brauche mer och keng nei asbl’en.
Dat ass meng Conclusioun.
@G
Leit wi mir sin nu mol keng Vereinsmeieren!