Staunen & Demokratieverständnis bei der CSJ

Ech si jo e grousse Fan vun der CSJ. Mat groussem Erstaunen hunn ech awer misse feststellen, datt d’CSJ mat genau sou groussem Erstaunen huet misse festellen, datt eng Demo géint den Iwwerwaachungsstaat stattfonnt huet, a si net invitéiert war. Datt d’CSJ net gefrot ginn ass, ass awer usech guer net esou erstaunlech, handelt et sech bei der CSJ dach em d’Nowuessektioun vun enger Partei, déi politesch Instrumenter ewéi z.B. en Iwwerwaachungsminister Frieden bedreiwt. Vill méi erstaunlech ass et dann awer schon, datt d’CSJ sech beschwéiert, datt se net invitéiert gouf. Waren hei etwa Virurdeeler um Wierk? Ass d’CSJ entgéint der allgemenger Aschätzung och géint iwwerdriwwen Iwwerwaachungsmesuren? Trefft dat zou, sou ass den Organisatoren vun der Demo e grousst Messgeschéck ennerlaf. D’nächste Kéier sollt d’CSJ dann och mat an d’Boot geholl ginn!

Besonneg spannend fannen ech an deem Kontext dann och den CSJ’schen Appell un ‘Demokratieverständnis vun den Organisatoren: „Bedenkt man, dass sich vornehmlich links gerichtete Jugendorganisationen am Protestmarsch beteiligten, darf die Frage nach deren Demokratieverständnis erlaubt sein, handelt es sich hierbei doch um jene Gruppierungen die regelmäßig am lautesten nach gleicher Behandlung und Mitspracherecht für Alle schreien! Leider scheinen jene Rechte in den Augen der linken Kräfte nicht für die CSJ zu gelten“ Do stéisst mäin Demokratieverständnis tatsächlech u séng Grenzen; dat virun allem mat Bléck op d’Fro, wat dat mat Demokratie ze di soll hunn. Zur Erennerung: de Begreff Demokratie heescht a senger gröbster Bedäitung d’Herrschaft vum Vollek. Wéi e chreschtlech-sozial-konformt Demokratieverständnis beschafen ass, dat kenne mer iwwregens z.B. un der aktueller Zesummesetzung vum Statsrot bewonneren. Oder an de Wieder vum CSJ-Nationalvorstand: „Soviel zur großen Kluft die immer Öfters zwischen Anspruch und Wirklichkeit zu herrschen scheint.“

3 Antworten

  1. Verbesser mech, wann ech dat elo falsch verstanen hunn: d’Spuntien vun der CSJ sinn ugepisst, well si ze wéineg un der Politik intresséiert sinn fir matzekréien, dass eng Demonstratioun ass? Ech sëtzen bal 1000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, an souguer ech krut mat, dass géint den Iwwerwaachungsstaat géing demonstréiert ginn. Ouni d’Wort ze liesen oder RTL ze kucken.

    Hat dann iergendeen gesot, si dierften net kommen? Et steet dach jiddferengem fräi, un enger Demonstratioun deel ze huelen. Watfir een Impakt hätten d’CSJler dann kéinnten maachen, wann si do opmarschéiert wieren? Doriwwer hätten dach sämtlech Medien geschriwwen.

  2. Ech sin da Meenung dass keng organisatioun ausgeschloss
    gin ass mee dass eventuell firurteeler geint iwwer enger csj sin ass fir mech mol net verwonnernswert!

    ech mengen dass dei nexten keier irgenteen sech muss frai maen fir semtlech politesch jugenorganisatiounen ze kontakteiern!

    dann kennt esou eppes secherlech nemei fir ech war och positiv iwwerrascht dass jdl dobei war. (soen dat als membre vun jeunesse communiste)
    an hun dat och gudd fonnt well dat thema weder mat rietser oder lenker politik ze din mee en thema ass waat eis all eppes u geet

    mee kann mer net firstellen dass keen vun da csj oder weinst menger och vum adrenalin bescheet wosst
    mengen do ass eichter och en manque um politeschen interesse

    da csj hier fro ass berechtecht mee si sollen dei situation elo net instrumentaliseirn fir dobaussen ze behaapten si weren bei esou aktionen ausgeschloss a keen vun eis wellt eppes mat hinnen ze din
    fals hinnen dat htema wirklech esou wichteg ass! froen ech mech wiesou si dann freier keng esou aktionen gema hun zumols well mamme partei den haaptverantwortlech a saachen iwwerwaachung ass!
    si heten meiglechkeet gehat an dem senn e besser zeechen ze setzen an deem se sech geitn iwwerwaachung ausgeschwaat hetten!

    bon next joer fennt dat jo hoffentlech erem statt dann sollen se sech dess keier den datum mirken
    fannen et insgesammt e bessen traureg wann si sech elo als onwessent dohin stellen¨¨!

    mengen csj ass jo bestemmt keng spillschoul wou een kennecher drop obmirksam maen muss dass dobaussen eppes geschiitt

  3. Jo ech denken och, datt een se invitéiere sollt, och wann ech mer kaum virstelle kann, datt een en inhaltlech Kompromess hätt fanne kennen. Wann se dann dobäi gewiercht wieren, dann wier dat secherlech en intressanten Spagat tescht hirer Partizipatioun an der „Friedens-Politik“ ginn.

Eine Antwort schreiben