Et gi Saachen, déi verstin ech einfach net: Wéi kenne Menschen sou béisarteg sinn? A wisou gin sou Verhältnisser vun der Gesellschaft toleréiert? Wann d’Waffen-Industrie Krischer an aner gewaltgeluede Konflikter ufeiert an/oder ennerhält, ouni datt et am priviligéierten Deel vun der Welt rumouert a schäimt, da verstin ech dat jo nach. Net, datt ech et gutt fannen, mee et ass erklärbar: d’Konsequenzen fannen wäit ewech statt, op engem anere Planéit quasi, a mer gesin se just am Fernseh, wourops hin mer dann eng Kéier ‘ooh…’ denken, an domat huet de Protest sech dann. Dat ass net z’excüséieren, mee et ass erklärbar. Manner erklären kann ech mer et awer, datt mer eppes ganz Ähnleches mat eis selwer dulden, nämlech datt d’Pharma-Industrie op déi selwecht Art a Weis mat eiser Krankheet Geld mecht, ewéi et d’Waffenindustrie mam Konflikt a ferne Länner mecht. Hei geet et net méi em Fernsehbiller, hei geet et em eis Gesondheet an eis Krankekeesen. D’Pharmaindustrie produzéiert a verkeeft Medikamenter, déi d’Symptomer vu Krankheeten behandelen, amplaz datt se d’Ursachen vun de Krankheeten oder zumindest d’Krankheete selwer bekämpft. Wisou se dat mecht, ass genau sou simpel wéi brutal: mat enger Krankheet, déi net ausgebrach ass oder déi geheelt ass, loosse sech keng Medikamenter verkafen, léist sech kee Geld verdingen. D’Schwéngsgripp ass e gutt Beispill dofir, wéi déi Mafia d’ganz Gesellschaft samt Politik fest am Greff huet. Dat ass awer allefalls d’Spetz vum Äisbierg. En anert Beispill krut ee geschter owend op ARD illustréiert. Eng Reportage huet gewisen, wéi d’Pharma-Industrie konsequent d’Produktioun vun enger Crème verweigert, där hir Formule säit 20 Joer bekannt ass, an déi ville Leit, déi u Neurodermitis leiden, d’Liewen vill méi liicht maache kéint. De Problem: et geet hei em e ganzt banalt Mettelchen, dat d’Krankheet ganz ouni Niewewierkungen an de Greff kréie kéint; huet een d’Krankheet bis am Greff, ass ee net méi un déi deier an onwierksam Produiten aus de Pharmahäiser ugewisen, déi eis krank loossen, hir Täsche fellen, an déi vun de Krankekeesen auspressen. Kapitalismus vu sénger schéinster Säit. Wien d’Reportage verpasst huet, oder se nach eng Kéier kucke well, hei ass de Link: Heilung unerwünscht. Et ass wierklech dowäert ze kucken. Hei nach eng weider, méi allgemeng, Reportage: Das Pharmakartell
Lo get jo emmer gesot, d’Leit géife just u sech selwer denken; ma ech mengen, mol dat brénge se net fäerdeg.
Abgelegt unter : Gesellschaft, Politik



Geif et nom Kapitalismus goen geif do eng Firma (dei dei d’Patent um wirksamen Medikament huet) steen reich gin!
Dat do ass net den Problem fum Kapitalismus mee en Problem fun Lobbyen (Pharma, Dokteren, Krankekeesen) a Politiker.
Jo ok, et ass en Aspekt vum „real existéierndem Kapitalismus“
Am Fall vun der Schwéngsgripp mengen ech, dass een dogéint schonn eppes maache kann, wann och just mat klenge Schrëtter: Andeems een sech bewosst dozou bekennt, dass een sech net wäert dogéint impfe loossen an dat och begrënnt mat sachlechen Argumenter, déi jo awer och scho mëttlerweil hei an do an der Press ze héiere sinn. Op déi Manéier géif een da vläicht mam gudde Beispill virgoen an aner Leit déi méi onsécher sinn zum Nodenke bewege kéint.
Leit losse sech nun emol liicht beaflossen, zumools wann et ëm d’Gesondheet geet. Goufen Impfkritiker bis elo am beschte Fall belächelt, am schlëmmste Fall als Gefor fir d’Allgemengheet gebrandmarkt, sou ass de positiven Nieweneffekt vun der neier Impfkampagne, dass een onofhängeg vun enger Ideologie, mä mat gesondem Mënscheverstand sech kritesch zu deem Thema äussere kann ouni direkt als allgemengen Impfkritiker ofgestempelt ze ginn. A sou kënnen dann och vläicht méi Leit fir d’Thematik am Allgemengen sensibiliséiert ginn.
Ech hat iwweregens scho mol d’Fro vun der Verhältnisméissegkeet opgeworf am Kader vun enger anerer vun eiser Santé gefouerter Impfkampagne, an hei stellt sech och erëm déiselwecht Fro. Just dass et elo vill méi evident ass, an et freet mech, ze gesinn, dass sech doduerch méi kritesch Stëmmen zu Wuert mellen. Dat ass nämlech dann en Zeechen, dass net jiddereen dat doten einfach toleréiere wëllt an déi Leit bei der Santé sollte mol sou lues hier Oueren fir déi Stëmmen opmaachen. Anscheinend ass jo Krisis a mir musse spueren.
D’Impfkampagne am Kader vun der Schwéngsgripp weist méi däitlech wéi jee, ëm wat et der Pharma-Industrie a Wierklechkeet geet, dat hues du ganz treffend ausgedréckt: „D’Pharmaindustrie produzéiert a verkeeft Medikamenter, déi d’Symptomer vu Krankheeten behandelen, amplaz datt se d’Ursachen vun de Krankheeten oder zumindest d’Krankheete selwer bekämpft.“
Dee Reportage ass wierklech krass! Sou en Skandal! Souvill Läit, deenen kéint gehollef ginn … Traureg, traureg.
Wat die rosa Crème ugeet: kéint den Tipp die genau Rezeptur net einfach publique man, à la Open Source? Resp. esou komplizéiert ass déi jo anscheinend net? Da kéint een déi nomaachen, kopéieren an sou d’Produktioun forcéieren? E bëssen sou wéi Piraten dat giffe maachen … ?
Oder wou ass do de Problem? Dass hie selwer, opmanst um Ufank, kee Geld domadder giff machen?
Regividerm B12 Salbe, PZN 5523487
ass ab Mett November an all deitscher Apdikt ze kreien.
Soll et wirklech Zoufall sinn dat dei Reportage an den Lancement fum Medikament an dem Journalist sein neit Buch iwert Thema esou no bei eneen leien?
Oder ass dat Ganzt hannnen um Enn eng gudd gemachenen Marketingkampagne?
Tja dat do ass nawell intressant. Guck och hei: http://www.regividerm.de/
Wat „Open Source Creme“ betrefft, sou sinn ech am Fong der Iwwerzeegung, datt alles, wat primär Bedierfnisser betrefft, also och Gesondheet, open source misst sinn, mee bon…
Hm, en effet interessant.
Mee bon, wéi och ëmmer. Et wier dann awer eng gutt Nooriicht fir all déi, die un Neurodermitis leiden!
A weider: http://www.sueddeutsche.de/,tt7m1/wissen/414/491778/text/
Dat hei ass dann elo den dretten Artikel bannen zwee Deeg zum Thema an der SZ.
http://www.sueddeutsche.de/,tt7m1/wissen/479/491842/text/
a weider: http://www.spiegel.de/wissenschaft/medizin/0,1518,656562,00.html
An hei mellen sech d’Aptiker zu Wuerd: http://www.deutsche-apotheker-zeitung.de/pharmazie/news/2009/10/22/heilung-unerwuenscht-alles-zufall-oder-nur-profitgier.html
Ech ka mer jo kaum virstellen, dass die Sallef net ordentlech getest gouff an tatsächlech erfollegräich agesat gouff. D’ARD kéint sech sou eppes jo net erlaben …
Am Beschten sollt ee lo mol ofwaarden an dann kann jo jidereen de Produit testen. Mat Succès, wéi ech hoffen.
„Wat „Open Source Creme“ betrefft, sou sinn ech am Fong der Iwwerzeegung, datt alles, wat primär Bedierfnisser betrefft, also och Gesondheet, open source misst sinn, mee bon…“
Eben… een vun den villen Green firwaat ech refuseieren je an der industrieller Recherche waerten ze schaffen. Um akademesche Wee bass de alt secher datt deng Recherche wirklech publique gett.
Alain:
Mee ech huelen un Recherche ass awe och deier? Kann die akademesch Recherche dann do mat der industrieller mathalen? Resp. muss se dat?
Pardon, mä irgendwéi hunn ech d’Gefill, wéi wann mir et héi mat besserer Homoöphatie ze dinn hätten:
http://www.principien.de/2009/10/21/die-supersalbe-regividerm/
An och mat ganz ville Links dozou: http://gesundheit.blogger.de/stories/1511299/
En plus gesait et esou aus, wéi wann den Auteur vun dem Bericht net graad onbefaange wier. Epic. Fail.
En epic fail ass et réischt, wann kloer ass, dass dei Sallef en effet NET hëlleft. An dat ass nach net kloer. Duerfir lo mol oofwaarden. Geschwënn ass se um Maart an dann gesäit een jo konkret, wéi se wierkt.
D’Bengelen lo mol net sou wéier bei d’Tromm geheien.
Grommel, bei gesundheit.blogger.de sinn och Dosende Links op Studien. Natirlech helleft déi Creme. Awer „heilen“ mescht se net.
Wann se hëlleft, dann ass et schon mol dat!
Heelen an deem Sënn vun, dass d’Neurodermitis giff op eemol einfach verschwannen an och net zeréck kommen, mécht se jo wuel en effet net? Ech wees awer och net op dat je behaapt ginn ass?
Den Titel ‘Heilung unerwünscht’ ass dann semantesch en effet net richteg an éischter irreführend.
Grommel, Recherche ass deier, daat stemmt. Allerdengs sin ob mannst d’hallschend vun deenen Kaeschten iwwerdriwwen well d’Industrie dei ons Maschinerie an Chemikalien zoubrengt, d’Praisser onnetz an d’Luucht dreiwt.
Mir gesin daat an villen Faell hei an Groussbrittannien wa mer dest oder daat uerderen. £60 for a puer Rullen Pabeier fir an e Printer, £4000-8000 fir e Geraet waat u sech naischt mei wei en sophistikeierten Uewen as; dest sin keng Rariteiten. Recherche misst guer net sou deier sin; vill Suen kennten gespuert sin wann dei Praisser dei mir gezwongen sin ze bezuelen mol kontrolleiert geifen ginn. Secher gin et Apparater an Substanzen wou schweier sin ze produzeieren an wou d’Kaeschten gerechtfaerdecht sin, mee nach bei waitem net alles.
Kann d’akademesch Welt mat der industrieller finanziell mathaalen? Bis lo jo, well mer einfach mei Geld vun den Fondatiounen verlaangen kennen an daat meescht mat gudder Begrennung accordeiert gett. Konsequenz as allerdengs datt manner Projeten kenne finanzeiert gin. Musse mer mathaalen kennen? En bref denken ech jo, mee fir dei komplizeiert Meenung z’erklaeren braicht ech en hallwen Essay.
—
Menger Meenung no bas de an der industrieller Recherche och ferm limiteiert waats de iwwerhaapt studeieren kanns: den Haaptkritere as net Informatioun an Erweiterung vum Verstaendis vun engem Sujet, mee Profit. Du sichs no eppes waat deng Firma verkaafen kann. An domadder gleewen ech datt des oefteren d’Wessenschaft dru leid: D’Industrie mecht vlait eng interesssant Decouverte, mee vervollecht se net well et hinnen keen Geld an d’ Keese brengt.