Haut ass nees e groussartegen Dag fir de letzebuergeschen Journalismus. Wéi net anescht z’erwaarden, huet emol zumindest d’Wort-Online de Communiqué vum Bündnis fir d’Trennung vu Kierch a Staat net mat enger Zeil ernimmt, esou wéi dat usech nach bei all Communiqué de Fall wor, an deem d’Kierch oder Relioun kritiséiert get, an esou wéi d’Wort och während der Stierfhellef-Debatt keen een Artikel, Standpunkt oder Lieserbréif dofir publizéiert huet, während d’Hetz dogéint sech quasi all Dag iwwert e puer Säiten erstreckt huet. Statt eisem Communiqué ass op Wort.lu dofir awer ze liesen gewiercht, datt dem Popst säin Chreschtbeemchen desst Joer aus der Wallonie kennt. Groussartege Journalismus!
Abgelegt unter : Gesellschaft, Politik, Reliounskritik


