Jugendparlament

Op Initiativ vun der CGJL get zu Letzebuerg ee Jugendparlament ageriit, dat mam Ziel, d’Jugend fir d’Politik z’intresséieren an hir eng politesch Stemm ze ginn. Usech kléngt dat zimmlech sennvoll, ech denken trotzdem, datt dee Schoss am Endeffekt no hanne lassgoe wäert.

D’Konzept vun deem Jugendparlament ass gutt ausgeschafft an orientéiert sech graff betruecht un der Struktur a Funktiounsweis vun der Chamber. Leider, a wéi net anescht z’erwaarden, huet dat Organ allenfalls berodenden Charakter. D’Chamber muss mindestens ee mol am Joer e Rapport vum Jugendparlament acceptéieren an et muss e regelméissegen Austausch tescht de jeweilege Kommissioune ginn. Weider soll och dMéiglechkeet bestoen, datt d’Jugendparlament d’Ministeren kontaktéiere kennen. Teschefazit: zwar kenn ech mer virstellen, datt dat Konzept deem engen oder anere Jugendleche Loscht op „richteg Politik“ mecht, mee doriwer eraus ass dat ganzt dach zimmlech harmlos. Déi Aal laachen a nicke frendlech, an de Medien erzielen se dann ee mol am Joer, datt déi Jonk awer ganz intresséiert wieren an och gutt Iddien hätten. Voila. Déi politesch Energie, déi do ass, verpufft souzesoen um reng consultative Charakter vun dem Parlament an un der Arroganz vun deenen Aalen.

Parallel zu dem Parlament existéiert awer nach eng aner Plattform fir Jugendpolitik, nämlech d’Jugendparteien (a weider Studentenorganisatiounen a Jugendsectiounen vun ONGen). Hei hunn déi jonk d’Méiglechkeet sech z’engagéieren, an zwar esou, datt hannen och tatsächlech eppes dobäi erauskennt. Entgéint dem Virurdeel, datt et sech bei de Jugendparteien em besser Jugendclibb handelt, déi vun der jeweileger Mammepartei initiéiert a kontrolléiert ginn, sinn dat gréisstendeels (!) Organisatiounen, déi e relativt grousst Gewiicht hunn. Eng Mammepartei ass virun allem aus zwee Grenn drop ugewisen, sech gutt ze halen mat der eegener Jugendsectioun: éischtens ginn do déi zukünfteg Nofolger vun der Mammepartei rekrutéiert – mat Quereinsteiger kritt een d’Reihe net gefellt – an zweetens traut keng Partei sech, hir Jugendsectioun effentlech eraus ze fuerderen, wann et Meenungsverschiddenheete ginn. Et get dowéinst eng Garantie, datt Politik, déi am Kader vun enger Jugendpartei entsteet, et zumindest deelweis bis op Plaze schafft, wou wierklech Entscheedungen getraff ginn.

Lo ass et esou, datt Memberen vu Jugendparteien zwar an deem neie Jugendparlament net prinzipiell ausgeschloss ginn, mee Parteien awer onerwenscht sinn. Wat ass e Parlament ouni Parteien wäert? Inetwa esouvill ewéi en Hafen ouni Scheffer. A wann een elo nach bedenkt, datt d’Jugendparteien ebe wéint der Politik- a Parteieverdrossenheet Problemer hunn jonk Leit ze fannen, déi sech wierklech engagéiere wellen a net just Karteiläiche sinn, wisou dann elo nach eng Konkurrenzplattform schafen? Eng kleng Hoffnung bidd d’Geschicht vum Europaparlament. Do waren am Ufank och keng politesch Fraktioune virgesin, ‘Deputéiert waren no Nationalitéit organiséiert. Do huet sech awer ganz schnell eng politesch Egendynamik entwéckelt, déi zu politesche Fraktiounen gefouert huet. Ech sin zwar skeptesch, mee vläit passéiert dat hei jo och…

Fazit: Et mag eng béis Ennerstellung sinn, mee den eenzege Senn, deen ech an dem Konzept vum Jugendparlament gesinn, ass deen, jonk politesch Energie absichtlech verpuffen ze loossen. Dofir meng Empfeelung un déi Jonk: Wann der Loscht hutt, Politik ze man, dann gidd bei eng Jugendpartei. Hei sinn d’Links (der gréisst vun der Mammepartei no):

CSJ

JSL

JDL

déi jonk gréng

ADRenalin

jonk lénk

JCL

3 Antworten

  1. Ech deelen deng Argumentatioun och, daat ‘Jugendparlament’ ass naischt anereschtes wei een warmen Fuerz den an d’ fresch Loft geblosen gett, an riskéiert éischter ze schueden andems se hieren Jugendparteien hier aktiv Memberen ewech ze huelen.

    Daat ganzt huet och nemmen konsultativen Senn – hächstens interessant fir denjenegen den well gesin wei Chamber fonktionnéiert, mee do gin et och aaner Meiglechkeeten sech daat unzekucken.

    Wa ma schons een Jugendparlament aféiren, dann kéint een grad sou gudd och een Fraenparlament, een Renterparlament, een Homosexuellenparlament, een Invalidenparlament kréeiren – bref dann sin mer matten dran an der Klassengesellschaft.

    Mir schengt et, wei wann daat alles just geduecht wier, fir denen Alteingessenen schéin relax Stonnen ze gin, dann gett Jugend an engem Briefing bravschwätzen gelooss, mee net gehandelt an hierem Interessen.
    An firwaat mussen Deputéirten sech daat iwerhaapt unhéiren. Dei meeschten Deputéirten hun selwer Kanner an Famill, missten also beschtens Bescheed wessen wei dei Jonk Matmenschen an hierem Entourage denken.

    Wann dann een Jonken een Minister treffen kann, ass daat ok. Mee hei am klengen Letzebuerg kann een och op schreftlech demande een Minister an sengem Büro treffen wann een sech bessen gescheckt uleet. D’Erfahrung mescht een dann awer ganz séier dass dem Minister d’Suergen vum ‘klengen Mann’ recht weineg scherrt, sou ass et mir mol ergangen.

  2. Wei wor et dann lo am Jugendparlament?

  3. Ech hu kee Plang, ech sinn jo ze al :)
    mee et ass eng affaire a suivre

Eine Antwort schreiben