Zum Femmverbuet an de Bistroen

Déi Diskussioun, déi endlech nees gefouert get, riskéiert jo leider nees op eng Polemik eraus ze lafen, wou jiddereen sech als Hex an säin jeweilege Géigeniwwer als Hexe-Verfolger betruecht. Ech well aus deem Grond hei emol eng kuerz a sachlech Argumentatioun ganz ouni Polemik fir e Femmverbuet a Bistroen formuléieren. Déi riskéiert elo, net komplett ze sinn, mee et ass fir mech dat entscheedend Argument.

Ausgangspunkt ass jo elo d’Tatsaach, datt a Bistroen (effentlech, vum Staat lizenséiert Plazen) gefemmt dierf ginn an och konsequent gefemmt get. Leit, déi net femmen, sougenannte Net-Femmerten (also Leit, déi net ofhängeg sinn vun dir Drog) fannen dat net gutt, well Zigrettendamp onangenehm richt, a virun allem well Passivfemmen ongesond ass. Wien als Net-Femmert an e Bistro goe well, muss also a Kaf huelen, datt e sech fräiwelleg (!) enger laangfristeger Kierperverletzung aussetzt, Passivfemmen ass nämlech genee sou déidlech wéi Femmen – dem Damp ass et relativ egal, wiem d’Zigrett gehéiert.

Mee, wann de Net-Femmert elo an de Bistro geet, dann hellt en déi Kierperverletzung wéigesot fräiwelleg a Kaaf. De Femmert erkläert him dann: “Wann den Damp dech stéiert, dann bleiw doheem, et zwéngt jo keen dech, an de Bistro setzen ze goen!” De Net-Femmert well awer gären an de Bistro goen, well e säin Pättchen drénke well oder sozial well sinn (pour info: et get keen Passiv-Drenken, dat get et just op der Strooss an do ass et schon verbueden). Wat seet de Net-Femmert also zum Femmert? “Wanns du femme wells, da géi virun Dier oder bleiw doheem, et zwengt jo keen dech an de Bistro setzen ze goen!” Mee och de Femmert, well säin Pättchen drénken.

Dee Moment, wou déi zwee sech et géigensäiteg noleeen, doheem ze bleiwen, befanne mer eis an engem argumentativen Onentscheeden, dat e Kompromess kategoresch ausschléisst. Et stinn sech hei zwou Fräiheeten géigeniwwer, déi sech prinzipiell widerspriechen. Et ass also net méiglech se allebéid ze respektéieren. Wann e Kompromess net méiglech ass, da ginn et zwou Méiglechkeeten: entweder den dezisionistesche Wee, dat heescht mer stemmen einfach of, an d’Majoritéit setzt sech duerch. Oder mer probéieren de Widersträit ze verfeineren, dat heescht mer ginn an den Detail vun deene Fräiheet kucken, op déi eng vläit méi fundamental ass ewéi déi aner.

Wann mer eis fir déi zweet Méiglechkeet entscheeden, da stinn mer virun folgender Front:

Op dir enger Säit steet d’Fräiheet, op enger bestemmter Plaz (Bistro) e Genossmettel konsuméieren ze kennen. Op dir aner Säit steet d’Fräiheet, op enger bestemmter Plaz (Bistro) keen gesondheetsschiedlechen Damp mussen anzeotmen. Et ass dee Moment fir mech glaskloer, datt d’Gesondheet dat méi fundamentalt Bedierfness ass ewéi de Konsum vu Genossmettel, an dofir ass et fir mech genee sou kloer, datt d’Fräiheet vum Net-Femmert (op propper Loft) an deser Fro Virrang virun der Fräiheet vum Femmert (op Genoss) muss hunn.

Feedback?

20 Antworten

  1. Ech fannen, Lëtzebuerg weist alt erem seng Klengbierglechkeet an där Diskussioun. D’Cafésbesëtzer reegen sech elo genausou op, dann géingen hinnen d’Clienten ewech bleiwen, ewéi d’Restaurantsbesëtzer dat virun e puer Joër gemaach hunn? An wat ass geschidd: d’Restauranten sinn genausou voll ewéi virdrunner.

    Et ass an genuch aneren Länner schon längst Realitéit. Hei a Wales ass et zanter iwwer 2,5 Joëren verbueden, an an deenen aneren briteschen Länner mëttlerweil och (ech mengen, an England ass et zanter knapp 2 Joër verbueden). An: d’Caféen an d’Discoen platzen nemmen esou vun Leit. Ech géing esouguer behapten, d’Caféen an d’Diskoen machen vill méi Geld ewéi virdrunner, well d’Leit mëttlerweil einfach een Pint méi drénken amplaz sech erem asozial ze ginn an virun d’Dier eng Zigrett fëmmen ze goen (wat bei Diskoen hei d’ailleurs och net erlaabt ass, do gëtt iwwerhaapt gefëmmt, Punkt).

    Wat déi perséinlech Fräiheet ugeet: ech fannen et paradox, dass ausgerechent d’Märder no Fräiheet jäizen. Liewen mer net an enger Gesellschaft, ewou déi Onschëlleg mussen geschützt ginn? An wat ass dann mat den Serveuren? Déi sinn net fräiwelleg an deem Gestank. Déi perséinlech Fräiheet hällt bekannterweis do op, ewou deem aneren seng ufänkt. An domatter zerfalen sämtlech Argumenter vun den Drogenofhängegen.

  2. Waat géif dann géint eng reimlech Trennung als Kompromess schwätzen? Fir déi Wirtsléit, déi daat wellen anféiren? Den D:qliq huet jo zum Beispill just uwen Femmverbued (Well do Concerten, Liesungen, etc. sinn) an daat klappt relativ gudd (och wann et enner emmer ziemlech niweleg ass, mä do muss ech mech jo net ophaalen!)

    Generell géif ech et gudd fannen, froen mech awer ob een sech doduerch net tendenziell an den politeschen Aus manovréiert, waat aaner drogenpolitesch Fuerderungen ugeht. Mä daat ass vilaischt just main perséinleche Problem, well ech allgemeng fir méi Reflexioun vun Risikiositiounen an Rausch/Genoßmettel sinn, amplaatz Saachen kategoresch ofzelehnen. Ech femme nämlech, esou komesch daat vilaischt klengt, ganz seelen gären eng Zigarett. Genausou wéi ech eben heinsdo gären Fritten iessen oder eng méi spezielle Cocktail drenken.

  3. Als éischt emol sinn Bistroen fir mech keng öffentlech Platzen, genausou wéineg wéi Restauranten. Öffentlech dierft jhust sinn, wat aus Steiergelder oder anderen staatlechen Einnahmen bezuelt gett.

    Bistroen an Restaurants sinn ower Privateegentum an derfir sollt de Staat sech mMn hei gefaellegst eraushaalen. Een klassesch-liberalen Minimalstaat (vun deem mir leider Lichtjoren ewech sinn) giew guer net op d´Iddi kommen sech hei anzeschalten an iwwerhapt sech aus der Economie eraushaalen. Hien giew sech op de Schutz vun Individualrechter beschränken. Femmen ass ower net schlemm genuuch fir et als Kieperverletzung ze bezeechnen an justiféiert dermatter keen Staatsagreff zum Schutz vun der individueller Fraiheet.

    Et gett och keen Recht dropper an een Bistro goen an do femmfrai sain Béier kennen ze drénken. Et siew dann et wir den eegenen Bistro. Et gett keen gezwongen an een Bistro ze goen.

    Op an engem Gastronomiesbetribb daerf gefemmt ginn oder net, misst eng Fro vum Hausrecht sinn, wat sech aus dem Eegentumsrecht ergett. Déi betreffend Regelen kennen derbai vum Chef aleng opgestallt ginn oder och am Aklang mat sengen jeweilegen Ugestallten. Dat wir esouguer net jhust fir Zigaretten de Fall, mee och fir Joints asw.

    Op engem fraien Marché giew esou een Concours teschent Fumeurs an No-Fumeurs-Gastronomiebetribber ginn, esouwuel em Clienten wéi em Ugestallten an jhiddereen geet derhinner schaffen an/oder saufen wou hien hinwell.

    Datt et bis elo trotz zig 2/3 Non-Fumeuren hei am Land kaum esou Bistroen gett, beweist datt Non-Fumeuren entweder méi tolerant sinn oder et hinnen einfach egal ass, wat dann ower och een Gesetz iwwerflesseg mécht. (Soss giew een Non-Fumeurs-Bistro direkt eng Marktnisch eroberen an de Patrong stainraich ginn.)

    Een Betribb mat méi Raimlechkeeten giew sws baides ubidden, wéi et bei villen Restaurants och de Fall wuar virum dem faméisen Gesetz, wat erem een Meeschterwirk un onnéideger Bürokratie wuar.

    Ech selwer sinn iwwregens Non-Fumeur (meeschtens jhiddferfalls, grins) an ech hun/haett vun esou engem Anti-Fumeurs-Gesetz durchaus genuuch Virdeeler, mee ech sinn als Liberalen fir de bedingungslosen Schutz vum Privateegentum an een Staat, deen elo schons bestemmt wou gefemmt daerf ginn an wou net, well jo anscheinend privat Raimlechkeeten ower als öffentlech fir hien gellen, ennerstetzen ech aus Prinzip net, egal ob ech selwer dervunner giew beneficieieren oder net.

  4. Perfekt! Besser hätt ech et net formuléieren kënnen! Endlech een, deen et sachlech op den Punkt bréngt! Merci! :)

  5. Femmen ass ower net schlemm genuuch fir et als Kieperverletzung ze bezeechnen

    Du hues nach ni een geléiwte Mënsch gesinn elendeg un Kriibs duerch Passivraachen krepéieren, oder?! (Jo, krepéieren! Well esou eppes ass definitiv keen schmerzlosen Doud!) Fëmmen ASS Kierperverletzung. Um eegenen Kierper an nach vill méi schlëmm: um Kierper vun aneren Leit.

    Dovunner ofgesinn sinn Restauranten an Caféen öffentlech Plazen, déi vun öffentlecher Hand lizenséiert an reguléiert sinn. Du dierfs net einfach esou een Café opmaachen. Du muss den Wiirtsexamen maachen, du dierfs net egal wéi een Alkohol ausschenken, du muss bestëmmte Präisser respektéieren an du muss bestëmmeten Steieren op eenzelne Getränker bezuelen. Et ass och eng Arbëchstplaz, an am Gesetz steet dass en Patron seng Arbëschter muss virun Zigarettendamp schützen. Denger Argumentatioun misst een d’Fëmmen erem iwwerall erlaben. Domatter kriiss de dann zum Beispill och am Zuch oder am Fliger den Damp vum Noper an d’Gesicht geblosen. Well du kéinns jo och mam Auto fueren oder der ee Boot kafen.
    Dem Staat seng héchsten Aufgab ass et, d’Individuum ze schützen. Eenzeg an d’Privatliewen dierf en net agräiwen. An ee Café/Disko/Restaurant ass keen Privatliewen, mä öffentlecht Liewen.

  6. @Thierry: “Dovunner ofgesinn sinn Restauranten an Caféen öffentlech Plazen, déi vun öffentlecher Hand lizenséiert an reguléiert sinn.”

    An der heiteger “mixed economy” jo. Net op engem wirklech fraien Marché bzw. am laissez-faire-Kapitalismus. Do sinn Restaurant an Caféen selbstverstänndlech privat Platzen. Dat heescht natirlech net, datt et do guer keng Regelen gett (ofgesinn vun den hauseegenen natirlech) mee datt sech déi Regelen vum Staat op den absolut noutwendegen Minimum beschränken. Femmverbueder gehéieren do mMn net derzou, se kinnten ower- mee ech wiederhuelen mech- an der Rumm vum Hausrecht entstoen.

    “Du dierfs net einfach esou een Café opmaachen. Du muss den Wiirtsexamen maachen, du dierfs net egal wéi een Alkohol ausschenken, du muss bestëmmte Präisser respektéieren an du muss bestëmmeten Steieren op eenzelne Getränker bezuelen.”

    Ech sinn selbstverständlech derfir, datt all Mensch daerf een Café opmaan (esoufern en d´Suen derfir opbréngt, anerwaits stellt sech déi Fro sws jo net), den Wirtsexamen haalen ech fir iwwerflesseg Bürokratie (ween Erfolleg huet, huet Erfolleg, ween keen Erfolleg huet, verschwennt eben vum Marché), ausgeschenkt soll ginn, wat Clienten wellen drénken (och hei huet de Staat glatt a guer naischt verluer), d´Praiser soll den Eegentümer daerfen opstellen an d´Steieren geheien op een grad nach noutwendegen Minimum beschränkt. Mee leschteres mecht dorausser och nach keen öffentlech-rechtlechen Raum amfong.

    Et ass och eng Arbëchstplaz, an am Gesetz steet dass en Patron seng Arbëschter muss virun Zigarettendamp schützen.

    Dat misst teschent dem Patrong an den Arbechter ausgemécht ginn. Et freet een sech alt erem wat hei den Gesetzesgeber dran verluer huet.

    “Denger Argumentatioun misst een d’Fëmmen erem iwwerall erlaben. Domatter kriiss de dann zum Beispill och am Zuch oder am Fliger den Damp vum Noper an d’Gesicht geblosen.”

    NEE! Menger Argumentatioun no bestemmt den Eegentümer wou Femmen erlaabt ass a wou net bzw. et gett an Verdreeg mat den Salariés festgeluet. Dat heescht net onbedéngt datt Femmen iwwerall erem erlaabt ass. Jhust well de Staat eppes NET verbidd, ass et nach laang net onbedéngt erlaabt.

    CFL an Luxair sinn nach emmer öffentlech financéiert an dermatter ass dain Verglaich hei schief. Mee effektiv, ech sinn der Meenung datt CFL an Luxair privatiséiert missten ginn. Dat bedeit ower SECHER NET, datt dann do dierft gefemmt ginn. Am Zuuch giew et wuel- wéi freier och!!!- Fumeur- an Non-Fumeurs-Waggoen ginn, an am Fliger giew mat Secherheet Femmen net erlaabt ginn. Dorobber giew ech vill Suen wetten, mee am Endeffekt giewen d´Airlines dat selwer daerfen bestemmen.

    Dem Staat seng héchsten Aufgab ass et, d’Individuum ze schützen. Eenzeg an d’Privatliewen dierf en net agräiwen. An ee Café/Disko/Restaurant ass keen Privatliewen, mä öffentlecht Liewen.

    Dem Staat séng EENZEG Aufgab ass et, d´Individuum ze schützen, ower net virun sech selwer, mee jhust virun Aneren. Du verwiessels “positiv Fraiheet” mat “negativer Fraiheet”. Mee am sozialdemokrateschen Europa ass daat net verwonnerlech, du bass do an beschter Gesellschaft. Et gett fir mech ower jhust negativ Fraiheeten, jhiddferfalls wat Erwuessener betrefft.

  7. CK:

    Sollt et denger Meenung no och dem Besetzer vum Café iwwerlooss sinn, op hien Jugendlechen (soe mer 14+) Alkohol ausschenkt? Oder sollt sou eppes gesetzlech verbueden sinn? Wann jo, firwat?

  8. @Grommel: Kanner an Jugendlecher sinn oft nach net responsabel genuuch fir mat Drogen emzegoen. Natirlech gett et och Jugendlecher, déi fréi Verantwortung kennen iwwerhuelen an aner Leit léieren et nie, lol, mee denken, am Durchschnett ass 18 een gudden Alter fir d´Groussjähregkeet.

    Virdrunner sinn fir si wéi fir aner Onmündeger d´Erziehungsberechtegten zoustaenneg an dat huet d´Gesetz ze schutzen, well Schutz vun der Famill ass een verfassungsrechtlecht Grondrecht. D´Fro ass allerdéngs wéi wait déi derbai goen daerfen.

    Interessanterweis erlaabt Letzebuerg jo bspw. sexuell Selbstbestemmung ab 14 an ass dermatter quasi radikalliberal. Nu kann een sech froen weisou een keen Béier drénken daerf, ower schons Sex daerf hunn. Am Endeffekt muss een wuel all Fall eenzel kucken. Esou kinnt een Béier vlait ab 14, 15 erlaaben, huarden Alkohol eréischt ab 18. Dat wir effektiv an der Chamber ze klaeren.

    Mee maan mer eis naischt fir, wéi och emmer d´Gesetzer waerten sinn, Jugendlecher kommen sws un alles erun wat si wellen konsuméieren. Derfir ass hei eng gutt Erziehung zum mündegen Birger (Strofen noutfalls inklusiv, ech haalen naischt vun anti-autoritärem 68er-Kuschelkurs!) méi wichteg wéi een Gesetz.

  9. “”"”Esou kinnt een Béier vlait ab 14, 15 erlaaben, huarden Alkohol eréischt ab 18. “”"”"
    dat ass super konsequent…

    Komm ma sin eierlech: Et setzt dach keen fraiwelleg am Damp, suguer mech als aalen Fëmmert huet et gesteiert wann am Café nierwendmir gefemmt gouff, an nach schlemmer an Disko’en, dat ass dach net agréabel sorry!

    -Wann ma eierlech sin: den Horesca Secteur leid guer net ennert dem Femmverbued, am absoluten geigendeel en profiteiert dovunner well mei lait net femmen an vill lait vum damp oofgeschreckt gin…

    dat beweisen wei den Thierry seet jo och d Erfahrungsberichter aus Groussbritannien: Main Hausdoktor huet ma nach lescht keier vun enger Studie erzielt dass a Schottland wu et elo och strikt verbueden gouff, d Zuel vun den Herzattacken spierbar zereckgaangen ass, besonneg ennert deenen Leit di sech als regulär Pub-Client’en bezeechend hun(also hallef schottland;) )dat no 2 Joer just Fëmmverbued.

  10. @Philipp: Et besteet schons een Ennerscheed teschent huardem Alkohol an jhust Béier oder Alkopops. Och wann ech mer bewosst sinn, datt een sech och mat Leschterem brutal ofschéissen kann.

    Kanner- an Jugendrecht ass eng héich komplex Geschicht, wou een virun allem muss kucken, logesch konsistent ze sinn an do fannen ech et einfach komesch, datt een zwar mat 14 guer keen Alk drénken, mee poppen daerf :D (woubai ech vun baidem perséinlech éischter wéineg haalen, mee du kanns Kanner haut net asperren, si waerten emmer hir Erfahrungen maan.)

    Punkto Agreabel asw. sinn mer eis eenz. Och huet den Thierry natirlech recht, datt wéinst dem Femmverbued d´Leit secher elo net doheem bleiwen.

    am absoluten geigendeel en profiteiert dovunner well mei lait net femmen an vill lait vum damp oofgeschreckt gin…

    Wanns Du recht hues, da wir et jo nawell eng Goldgruew een femmfraien Café opzemaan. Freet een sech dann wéisou dat net schons geschitt ass.

  11. “Main Hausdoktor huet ma nach lescht keier vun enger Studie erzielt dass a Schottland wu et elo och strikt verbueden gouff, d Zuel vun den Herzattacken spierbar zereckgaangen ass, besonneg ennert deenen Leit di sech als regulär Pub-Client’en bezeechend hun(also hallef schottland;) )dat no 2 Joer just Fëmmverbued.”

    Mee kann een daat dann iwwerhaapt wiekelch mateneen an relatioun setzen? Also ech mengen 2Joer Femmverbued an dei konkret Zuel fun Herzattacken? Also ech hun hei wiekelch keng Ahnung, dofir froen ech no…

  12. @ Thierry: E Cafetier kéint jo Serveusen astellen, déi selwer fëmmen!

    „Déi perséinlech Fräiheet hällt bekannterweis do op, ewou deem aneren seng ufänkt.“ Da misst awer och d’Klackelauden direkt verbueden ginn! Wunns de net zoufälleg bei enger Kierch?

    @ and at all: Déi kruzial Fro ass dëss: Ass Fëmmen geféierlech fir de Kierper, am Sënn, dat den Tubak bewisen an objektiv, deen schiedegt? Ass dee Schued sou schlëmm, dat en zu engem Handikap (am weiteste Sënn vum Wuert) féiert? Wann een also déi Niewewierkung(en) ka beweisen, misst den Tubak dann net radikal verbueden ginn, wéi aner Drogen och? Huet e Gesondheetsminister do iwwerhaapt eng (aner) Wiel, fir glawwierdeg ze bleiwen? Dat huet néischt mat engem „Ofspriechen“ an enger Koalitioun ze dinn. Entweder ass et Gëft oder net!

  13. Ma d’Leisung as ganz einfach:
    D’Zigaretten verbuden, punkt, schluss aus!
    (an daat seet en femmert!!)

    Ech kann dei ganz Diskussioun nemei heiren, as totalen Brach.

    Entweder de Staat, wann en schon agraift, mecht et richteg, an zwar d’Glimmstengelen komplett vum Marché huelen, weinst duerch sellegen Studien bewisen, negativen Auswierkungen op den menschlechen Kierper.
    Mee, daat mecht et net well:
    - rem gekrasch gett dass Arbechtsplaatzen verluer gin
    - d’Steiren op den Ziggs’n nemei rakommen

    Sou bleiwt jhust een Wee, an daat as fir mech desen:
    - an den Restaurant verbueden, kann een jo vrun d’Dier goen.
    - Disco’n, sou wei an den Restaurant’n (a wann se grouss genuch as en Fumoir maachen, an Japan hun se do ganz potent Saachen um Marché, mat Loftfilterung an Oofsauganlaagen)
    - fir Café’n an Bistro’n den Propriétairen den Choix loosen. Well och wann een duerch den Staat reischt autoriseiert gett, as et nach emmer den Wiert deen den economeschen Risk dreit(oder gin et well och Bail-out’s fir Café’n??) an net den Staat!
    De Wiert as och deen deen seng Clientel am beschten aschätzen kann!

    Sou as den Problem geleist, jiddfereen geet an sain ‘Café’ , an wann en an aneren(femmert, oder net-femmert) Café geet, wees een u waat een sech ze haalen huet.

  14. E Cafetier kéint jo Serveusen astellen, déi selwer fëmmen!

    Oder Serveusen, deenen et egal ass. Daat gett teschent Patronat an Salariat ausgehandelt.

    Da misst awer och d’Klackelauden direkt verbueden ginn! Wunns de net zoufälleg bei enger Kierch?

    Deen Verglach hinkt. De Kaméidi kennt an deng eegen Wunneng eran, den Damp am Café net. Wann dach, dann wir daat effektiv een Grond ze kloen. Genausou wéi een durchaus Klackelauden oder Blärren vum Minarett erof zu gewessenen Zaiten aus Lärmschutzgrënn kinnt verbidden.

    Ass Fëmmen geféierlech fir de Kierper, am Sënn, dat den Tubak bewisen an objektiv, deen schiedegt?

    Jo. An net jhust den Tubak, virun allem daat Nervengeft Nikotin.

    Ass dee Schued sou schlëmm, dat en zu engem Handikap (am weiteste Sënn vum Wuert) féiert?

    Denken, en ass net schlemm genuuch fir eng Staatsinterventioun. Zumols eréischt regelméissegen Konsum den Kriebsrisiko erhéicht.

    Wann een also déi Niewewierkung(en) ka beweisen, misst den Tubak dann net radikal verbueden ginn, wéi aner Drogen och?

    D’Fro ass hei, wéi eng Mesuren sollen getraff ginn fir Net-Fumeuren virun Fumeuren ze schützen. Net wéi een Femmerten virun sech selwer schützt. Dat wir Paternalismus an daat ass keng Staatsaufgab. All Erwuessenen ass fir séng eegen Gesondheet zoustaenneg. Ech weess, et gett do dat Argument Krankenkeess, mee dat schwetzt eben jhust fir een Gesondheetssystem, wat op Eegenverantwortung an eng Art Punktesystem (wéi bei Auto-Assurancen bspw.) setzt, net fir een generellt Femmverbuet.

    Den War on Drugs ass iwwregens eng eenzeg Topegkeet, genausou wéi d’Prohibition vum Alkohol an den USA. Et schafft jhust Kriminalitéit an Gewalt.

    Main Kierper gehéiert zudem net dem Staat, ech sinn keen Sklav. Wat ech mengem Kierper zoufügen, ass eenzeg an aleng meng Saach an geet keen Aneren eppes un. All Drogen gehéieren an méngen Aen fir Erwuessener legaliséiert. An jo, dat mengen ech durchaus eescht ;-)

  15. Ma, ganz einfach, ween bezillt den staat mei, den femmert oder den net-femmert. Op loft ass jio schliesslech nach keng steier. Do as ganz einfach weent entscheedung kritt, femmerten. oder den wirt soll entscheeden.

  16. Ech hunn den Text ganz gelies, u sech as de läschten Abschnitt daat wourems et geet a net dass Femmerten sech beléidegt an ageschränkt fillen, well daat sinn se jo eh mat der Zigarett !

    öffentlech as wu sech JIDDEREEN derf ophaalen. wee mengt e café waer net Öffentlech mee Privat deen iert sech well den Terrain wu de Buttek dropsteet as schliesslech Staatseigentum an deene meeschte Faell.

    Ween also mengt seng Freiheet geng geholl gin soen ech just : Dir hudd vleicht e groussen Handikap, mee en as iech net ugebuer mee dir wollt deen Handicap freiwelleg hunn also liert och mat de Konsequenzen !!

  17. Wat dee Virschlag betrefft, et sollt een de Wirt einfach entscheede loosssen:

    Ech denken, datt dat aus deem selwechte Grond näischt géif ginn, wisou et haut nach keng Net-Femmer Bistroen get: well de Wiert fäert Verloschter ze man. Geld iwwert Gesondheet.

    Déi Saach, datt e Bistro e Privatraum wier, an et vun dohier um Wirt ze bestemmt wier, gouf jo hei och schons ugeschwat. Déi Argumentatioun géif dann klappen, wann de Wirt/Patron a sénge private Räimlechkeete maachen a loosse kéint, wat e well. Deem ass awer net esou. De Staat erlaabt dem Besetzer vun engem Tabaksgeschäft och net, Cannabis ze verkaafen. Et ass och net erlaabt, Alkohol u Bébéen ze verkaafen. Et sinn immens vill Saachen aus gréissendeels gudde Grenn net erlaabt, wou et ebe ganz oft em d’Gesondheet geet. Wann de Staat et elo dem Wirt verbidd, Femmen a sénge Räimlechkeeten zouzeloossen, dann ass dat usech dat normalst vun der Welt. D’Libertéit vum Commerce, oder wéi een dat nennt, ennerläit emmer gewesse Regelen, déi vum Staat diktéiert sinn.

  18. Ech sin générell vir en Fémmverbuet an der Caféen an der Diskoen, wéll waat an Italien oder Grousbritannien schons Wierkléchkeet ass, sollt och héi zu Létzebuerg Réalitéit gin, égal op d’Intressien vun deenen zwou Partéien (daat ass déi kaal Front vir eis Fémmerten). Duefir fannen ech dem Mars Di Bartoloméo sain Anti-Tubak Gesetz esou gudd, doduerch hunn éch maer virun knapp 4 Joer daat bloed Fémmen ofgewinnt, sait deem maachen ech vill Sport an spieren méch méga bésser an méngem Kierper an virun allem vill méi gesond! Egal wéi den Deabt zum Fémmverbued ausfaalen géif, éch soen jo! zu der Entscheedung vum aktuellen Gesondheetsminister, an erhoffen daat d’Létzebuerger Régierung och ménger Meenung ass am Kampf géint den bloen Damp! Wann éch d’Fémmerten sou gesin, se respektéieren iwwerhaapt naischt, béim Staat owes an der Gebéilechkeeten no 18:00 h, wann baal keen méi dorbannen ass, dann fänken se séch heemléch eng Zigarett um Palier un, an wann’s du hinne dann éppes sees vun der Loi Anti-Tabac, dann trieden se déch baal mam Fouss, pardon, mais déi blöd Fémmerten kénnen némmen hieren Plaiséier, an respektéieren den Nét-Fémmert an d’Loi Anti-Tabac iwwerhaapt nét, mais soi, wou bléiwt do d’Logik, wann keen dorémmer, maachen éch waat éch wéll, och wann ét séch ém éen sozialen Délikt handelt! Do muss een carément d’Kritéren verschaerfen! An waat sin schons honnert Chomeuren méi, van deen dommen Landewyck séng Dirren och zoumaachen muss, dann haett éch léiwer en aanert vill méi schéint Gebéi an der Hollerecher Stroos do stoén, wéi daat aalt verfault vum Landewyck/HVL Group oder wéi deen Gickeverein séch nénnt!

    Lass die Kippe stecken, und die Tabakindustrie an ihren Glimmstängel verrecken, und die Raucher sollen uns Nichtraucher am Arsche lecken,
    und sich den aktuellen Anti-Raucher Gesetze strecken, wir werden sowieso den Krieg um den blauen Dunst gewinnen, denn Rauchen verursacht tödlichen Lungenkrebs und viele andere asoziale Krankheiten, und muss mit allen öffentlichen Mitteln bekämpft werden” – kein Argument für mehr Arbeitslose von der Firma Landewyck, fragen wir die einmal wieviel werte Bürger in Luxemburg an den Folgen ihrer krebserregenden Produkten jährlich sterben? 100 Arbeitsplätze, sind weniger als 500-600 werte Bürger und Bürgerinnen! – weiter so mit rauchfreien Gesetzen, Herr Minister: Dazu haben sich viele Parteien gegen ein Rauchverbot in Luxemburg entschieden zum Besipill: die CSV (der Staatsminister Juncker ist selber Raucher!) oder auch die DP, die kein Bedarf sieht beim aktuellen Nichtraucher-Gesetz in Luxemburg, Maßnahmen zu ergréifen” – Déi Gréng, d’Sozialisten, begründen sich jedenfalls in der Deabtte klar für ein akutes respektables Nichtrauchergesetz,.

  19. [...] d’Menschheet higeriit. Wisou? Ma ganz einfach, well Femmen neierdings e Menscherecht ass, a Passivfemmen domat eng sozial Verpflichtung am Interet vum [...]

  20. Ech verstinn dain Unleihes, mee denken dass d argument “losst ons kucken weieen recht mei fundamental as” zimlech weineg an desem kontext brengt. dei äntfert hun sech d leit schon gin an setzten doweinst io och an deenen zwee opposeierten laageren fest. Also, keng äntfert op dei fro dei dei eng wei dei aaner zefridden stellen geng. ech mengen et missten einfach meiglechkeeten geschaffen gin fir dass dei zwou parteien hiert kreien kennen…

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Log Out / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Log Out / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Log Out / Ändern )

Verbinde mit %s

Follow

Bekomme jeden neuen Artikel in deinen Posteingang.