D’Lénk an d’Islamkritik

Mat Lénk mengen ech hei net just d’Lénksparteien (also déi Parteien, déi sech selwer als dei eenzeg richteg Lénk betruechten, an déi vun deenen anere lénke Parteien extreem lénk genannt ginn), mee och d’Sozialdemokratie an déi Gréng.

An der Lénk wor de Feminismus emmer eng ganz bedäitend politesch Stréimung , haut huet sech dat e besse berouegt, e gewesse Fortschrett, wat d’Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft betrefft, huet dozou gefouert, dat Feminismus haut “Gender-Politik” genannt get. Et geet an deem Beräich dann em Froen ewéi d’Loungläichheet tescht Mann a Fra. Wann et awer em Problemer geet, déi d’Loungläichheetsproblematik als Luxusproblem erschénge loossen, ewéi d’Situatioun vu ville Fraen am Islam, dann ass d’Lénk oft gaaanz roueg. Den Islam ass schließlech eng vum Westen enerdréckte Kultur, déi ee schützen a respektéiere muss, anscheinend esouguer dann, wann Männer opgrond vun hire reliéise Wahnvirstellungen hir Fraen zwéngen, a Prisongen aus Stoff d’Haus ze verloossen, wann se da mussen. Do treppelt dann och keng Fra, mee do treppelt eng Burka, vun der Fra gesäit ee jo näischt. D’Ayaan Hirsi Ali, eng Ex-Muslimin a mettlerweil Atheistin, huet dee Wahnsinn, deen haut den Alldag vu ville Fraen an der Welt ausmecht, um eegene Leiw gespuert, konnt sech aus Somalia an Holland retten, wou et probéiert huet, sech fir d’Rechter vu muslimesche Fraen an Holland an an der ganzer Welt anzesetzen. Et wollt dat an der sozialdemokratescher Partei man, enger Partei mat grousser feministescher Traditioun. D’Positioun vun der Sozialdemokratie war awer leider déi, dat déi Fraen an hirer eegener Kultur glécklech wieren. Dem Ayaan Hirsi Ali gouf iwwelen Ethnozentrismus virgeworf. Dobäi hat hatt sech mat sengem Uleies un d’Gauche gerit, well et d’Sozialdemokratie als dat erkannt hat, wat se eigentlech misst sinn, eng Partei, déi Ongerechtegkeet bekämpft. Nodeems et do eraus geeckelt ginn ass, ass et bei der rietsliberaler VVP ennerkomm, wou séng Politik wellkomm war. Der Lénk wäerft hat Kulturrelativismus ennert dem Deckmantel vum Multikulti fir:

Aber die Linken haben im Westen eine merkwürdige Neigung, sich selbst die Schuld zu geben und den Rest der Welt als Opfer zu betrachten, beispielsweise die Muslime. Und Opfer sind bedauernswert, und alle bedauernswerten und unterdrückten Menschen sind per Definition gute Menschen, die wir an unser Herz drücken müssen. Die linke Kritik beschränkt sich auf den Westen. Sie kritisiert die Vereinigten Staaten und nicht die islamische Welt, wie sie früher auch die Gulags nicht kritisiert hat. [...] Kritik an der islamischen Welt, den Palästinensern und den islamischen Minderheiten wird als islamfeindlich und fremdenfeindlich gsehen. Diese Kulturrelativisten sehen jedoch nicht, daß sie, indem sie nichtwestliche Kulturen skrupulös voni hrer Kritik ausnehmen, die Träger dieser Kulturen in ihrer Rückständigkeit einzementieren. Dies geschieht mit den besten Absichten, aber wie bekannt ist der Weg zur Hölle mit guten Absichten gepflastert. Es handelt sich um Rassismus in Reinform. (Ayaan Hirsi Ali – Ich klage an)

Hat ass awer net déi eenzeg Islamkritikerin, déi vun de Lénken ewech geekelt ginn ass. Dat ass eng Tendenz mat System. Erstaunlech ass et dann awer, wann beim Minarett-Verbuet an der Schwäiz virun allem vill Fraen dofir gestemmt hunn, déi gläichzäiteg Sozialdemokratinnen oder Grénginnen sinn, zumindest allgemeng éischter dem lénke Sprektrum ugehéieren. Déi hunn – geméiss eegenen Aussoen – net géint de Bau vu Minaretter gestemmt, mee wollte protestéiere géint d’Fraefeindlechkeet, déi den Islam mat sech bréngt, an déi an der Politik konsequent doudgeschwiege get. Et schéngt es also, wéi wann dat ur-Lénkt un der Basis nach emmer existéiere géif, uewen an de Parteispetzten awer – aus welche Grenn och emmer – ennerdreckt an als Xenophobie duergestallt géif ginn. Zu Letzebuerg get et – net am Kontext vum Islam, mee hei wat eis liicht komplizéiert Sproochesituatioun betrefft – eng ganz ähnlech, wann och vill méi harmlos  Tendenz: soubal e Letzebuerger sech traut, säin Onbehagen auszedrécken, wat d’Sproochsituation betrefft, get e vun der Lénk als Xenophobe a Nationalist duergestalt. Et ass eng Tendenz, déi ufänkt zimmlech bei mär unzeecken, géif d’Lénk nämlech d’Problematik vun der islamescher Fraefeindlechkeet ewéi zu Letzebuerg d’Problematik vun der Sproochesituatioun eescht huelen a net ennert dem Deckmäntelchen vum Multikulti (wouvun ech trotzallem e grousse Fan sin) ennert den Teppech kieren, dann hätte Rietspopulistesch Parteien vill manner Zoulaaf. Datt Leit ewéi d’Ayaan Hirsi Ali op rietsliberal Parteien ugewise sinn, fir sech fir Fraenrechter anzesetzen, weist op alle Fall kloer an däitlech, datt mat der Lénker eppes ganz gewalteg net stemmt.

17 Antworten

  1. Interessant Gedanken. Dat sech riets Parteie fir Fraereschter asetzen an net nëmme virun allëm hier eekleg rassistesch an xenophob Propaganda duerchdrécke wëlle (an dobäi esouguer d’Argumenter vun deene Lénke benotzen), gleefs du jo awer hoffentlech net?

    Esou wéi et net “de Feminismus” gëtt, gëtt et och net “déi lénk Linn” (am Géigendeel: eppes ka nëmmen da lénks sinn, wann et op mannst eng Slittergrupp gëtt! ;-) ) an et gi sécherlech och genuch Leit aus lénke Parteien, déi “den Islam” (alt erëm eppes, wat zimlech heterogen ass, vun dir awer als een Ganzt betruecht ged) dach wuel éischter kritesch betruechten.

    Bleift d’Fro, wat d’Konsequenz ass. Wat wieren dann lénk Moossnamen, déi besser sinn, wéi dat, wat souwisou virgeschloen (Educatioun, Gläichberechtegung, Sozialtransferen) gëtt?

    Ah, an wouranner besteet w.e.g. d’Sproocheproblematik zu Lëtzebuerg? OK, ech war lo e puer Méint net am Land, villäicht huet sech iergendeppes dramatesch verännert, mä … wtf?

    Ahjo, menger Meenung heescht et haut Genderpolitik, wëll et eben net nëmmen ëm Frae gëtt.

  2. Déi sougenannten “Islamkritik” as awer oft zimlech onvollstänneg an verkennt, dat solch Tendenzen an ausnahmslos _allen_ abrahamiteschen Reliounen existéiren: ob een sech ultraorthodox Judden, konservativ Katholiken an grouss Deeler vun der chreschtlechen Orthodoxie oder den fundamentalisteschen Islam, sou as denen allen gemeinsam dat se d’Fra enger enormen Ennerdréckung ennerstellen. De gréissten Ennerscheed as nach, dat just muslimesch Fundamentalisten soueppes wéi eng Burka kennen (d’Kappduch dergéint kennt och soss recht heefeg fir).
    Ech mengen, dat dénger Analys dozou nach e puer Messverständnisser zugronn leien: tatsächlech nemlech as déi sougenannten “Islamkritik” oft méi en Firwand, fir Fraen an Homosexueller op der enger Säit an Migranten, speziell mat muslimeschem Hannergrond, géintenaner auszespillen fir am Endeffekt kenger vun dese Gruppen hier legitim Rechter zouzegestoen (typescht Merkmal vum modernen Rietspopulismus an Europa, déi amfong och homophob an sexistesch sen, mee sech trotzdem als “Retter” vun sexueller Fräiheet opspille wellen).
    Nach en aneren Punkt denste hei ennerschléis as den gréissten Problem vun der Islamkritik: wéi bei souvillen Reliounen as den Islam – am Géigesaatz zum Katholizismus – net zentralistesch organiséiert; an sou variéiren d’Glaawensfirstellungen net nemmen tescht den groussen Stréimungen, mee – ähnlech wéi beim Juddentum an bei protestanteschen Stréimungen vum Chreschtentum – vun Geeschtlechem zu Geeschtlechem, bzw. vu Glaawensgemeng zu Glaawensgemeng.
    Dovun oofgesin as Islamophobie an der europäeschen Gesellschaft tatsächlech en zimlech groussen Problem, den och sougenannten “Islamkritikern” ze “verdanken” as: anstatt antiemanzipatoresch Tendenzen insgesamt ze kritiséiren, gett sech op den Islam fixéiert, an als “barbaresch an fanatesch Relioun” dem “opgeklärten an fräiheetlechen Chreschtentum” entgéintgestallt – wouduerch eng flott Querfront vun Rietsliberalen, chreschtlechen Fundamentalisten an aneren Eurozentristen geschmiedet gett. Doduerch kennen dann och Lounongläichheet, homophob Ressentimenter, Xenophobie einfach ennert den Teppech vum “Fortschrett” an vun der “Opklärung” gekiert gin.

  3. Hm okay, merci fir de Feedback. Ech erkläre mol méng eege Positioun méi genau. Ech hu mech elo relativ intensiv mam Thema Islamkritik beschäftegt, well et och een zentralen Aspekt a menger Magisteraarbecht ass.

    Den zentrale Problem ass deen, datt et usech esou wéi et och net einfach “den Islam” get, et eben och net “d’Islamkritik” als solch get, mee et gin 2 zentral Stréimungen, déi ganz ennerschiddlech Begrennungen hunn.

    Et get natierlech op dir enger Säit déi rietspopulistesch Islamophobie, déi eigentlech näischt mam Islam ze dinn huet, mee déi den Islam als eppes Friemes betruecht, an en dofir ofleent. T’ass eigentlech eng gewéinlech Xenophobie.

    Op dir aner Säit get et awer eng Islamkritik, déi sech net géint den Islam als eppes Friemes ausschwätzt, mee déi aus fraen- a menscherechtlecher Perspektiv gewessen Bräich a Normen am Islam kritiséiert. Dozou gehéiert eben och ennert anerem d’Ayaan Hirsi Ali, well als schwaarzafrikanesch Ex-Muslimin kann een him wuel kaum Xenophobie ennersteller, och wann et seng Politik aus enger rietsliberaler Partei eraus bedriwen huet.

    De Grond wisou sech déi fraerechtlech bedingten Islamkritik just géint den Islam a net géint déi aner Relioun riit, leit ganz einfach doran, datt den Islam am Géigesaz zu deenen aneren 2 Reliounen hei an Europa nach net zurechtgestutzt gouf. Natierlech get et och chreschtlechen a jiddeche Fundamentalismus hei, mee net usazweis an deenen Ausmoossen wéi am Fall vum Islam.

    De Problem ass elo deen, datt déi 2 Stréimungen, déi sech aus ennerschiddleche Grenn géint den Islam riiten, an der effentlecher Diskussioun, awer virun allem am lénke Politikspektrum konsequent an een Deppe geheit ginn, woubäi déi fraerechtlech-reliounskritesch Variant och als islamophobe ofgestemmelt get. An dat obwuel do eigentlech genee dee selwechte Kampf gefouert get, deen déi lénk Feministinen an der Zäit géint déi kathoulesch Kierch gefouert hunn!

    De Grond fir déi Haltung ass eben déi lénk Grondhaltung, datt Auslänner oder “dat Friemt” bedingungslos géint d’Xenophobie an nationalistesch Tendenzen beschützt muss ginn. Wat se awer dobäi net mierken, ass datt de “béise” Westen och gutt Saachen ewéi zB d’Opklärung, Meenungsfräiheet, d’Emanzipatioun vun der Fra an sou weider erfirbruet huet, déi awer am Konflikt mam “Friemen” an desem Fall mat groussen Deeler vun der islamescher Gemeinschaft stin. An dee Moment opfere se da leiwer eis Errungenschaften, ewéi datt se dat “Friemt” kritiséieren. De Multikulturalismus get dee Moment zu engem geféierlechen Dogma.

    Wann ee sech zB d’Aussoen vu verschiddenen däitsche Gréngen (Ströbele, Kuhn, Roth…) zum Thema Islamkritik unhéiert, dat ass fir fortzelaafen.

    Ech ennerstellen déi Haltung natierlech net all de Lénken, mee et ass eng eeschtzehuelend Tendenz, déi mär iwwerhaapt net gefällt.

  4. Mee, Manuel, do géif ech dech awer froen, wouste konkret soueng Hysterie bzgl. des Islam feststelle wells? D’Hirsi fannen ech perséinlech éischter onglaawwürdeg, grad well se aus engem éischter konservativen Eck kennt (oder wéis du et sou schéin nenns: “rietsliberal” … ), vun dohier fannen ech Kritik un hiere Positiounen duerchaus berechtegt.
    Mee fann mol wierklech eng progressiv Islamkritik, déi den Islam och an séngem monotheisteschen Kontext gesäit an déi de Fundamentalismus doranner als Symptom vun enger insgesamt diskriminatoreschen Gesellschaft gesäit an net als “daat Friemt”, daat fort muss. A wannste dann déi dezidéiert progressiv Islamkritik fonnt hues, da fann mer Lénker, egal wéienger Couleur, déi sech dergéint wieren an als islamophob kritiséiren. Ménger Meenung no verdeedegen Lénker d’Muslime f.a. géint eng regressiv, pro-westlech Islamkritik, déi amfong nemmen drop aus as, berechtegt Reliounskritik ze verdréinen an zur Berechtegung vun “humanitären” Kricher ze messbrauchen.
    Ech gin jidderengem d’Recht, den Islam ze kritiséiren, wéi all aner Relioun och – mee dann och nemmen als progressiv Kritik an net als Ausdrock vun eurozentristeschem Chauvinismus.

  5. Hm also ech liesen am Moment eent vum Hirsi senge Bischer, an dat gefällt mer usech ganz gutt. Do ass näischt konservatives oder rietspopulistesches drun. Et geet just em d’Schicksal vun ville muslimesche Fraen, em d’Verankerng vun deene fraefeindleche Bräich am Islam, an d’Wechkucken vun der Politik an Europa. Ech fannen grat hat eigentlech immens glafwieredeg (am Géigesaz zu engem Geert Wilders zB). D’Hirsi war jo och am Ufank bei de Sozialdemokraten, mee et ass do erausgeeckelt ginn, well et ze kritesch wor.

    Jo wat d’Lénk mecht, ass effektiv der Islamophobie entgéint wierken, mee domat verharmloosst se gläichzäiteg d’Frafeindlechkeet vum Islam, well se eben net déi Differenzéierung mecht. Wat d’Lénk menger Meenung no misst man, dat ass engersäits d’Islamophobie als Xenophobie entlarven an ofleenen, an gläichzäiteg eng fraerechtlech Islamkritik vertrieden, oder an anere Wieder: d’Islamkritik an eng progressiv Schinn féieren. Dee Kampf deen d’Hirsi a co féieren ass wéi ech schon sot genee dee selwechten, ewéi deen, deen eis Feministinnen géint eis reliéis Machoen gekämpft hunn. Mee dee Moment waren et eben eis Machoen, elo sinn et Multikulti-Machoen, an déi dierf een da schäinbar net kritiséieren.

  6. Claude, dat do ass genau déi Haltung déi d’Hirsi kritiséiert. Wann d’Autorin vun deem Text elo vun Iesskultur oder Konscht schwätze géif, dann géif ech – a wahrscheinlech och d’Hirsi – hir vollkommen Recht ginn. Hei geet et awer net em deen Aspekt vu Kultur, et geet villméi em Menschrechter a Biergerfräiheeten, déi – an dat ass eng Tatsaach – vu gewessen Deeler vun der islamescher Gemeinschaft net gedeelt an och net respektéiert ginn. Et get hei gefuerdert Intoleranz am Numm vun enger offener Gesellschaft ze toleréieren. Dat ass dee schlemmst méigleche Kulturrelativismus, mee bei Ethnologen schéngt dat ganz normal ze sinn.

    Komm mer reesen emol 20 Joer an d’Vergaangenheet a fuerderen vun eise Feministinnen, si missten d’Ongläichheet tescht Mann a Fra awer respektéieren, schließlech wier dat en Aspekt vun eiser Kultur, an all Kultur misst geschützt ginn. Déi géifen dech zerfetzen.

    De Comble fannen ech awer, datt esou eng Haltung vun enger Persoun kennt, déi sech atheistesch a marxistesch nennt. Wann ech dee Relativismus emol op de Beräich vun der Wirschaft extrapoléieren, da géif dat bedäiten, datt een den ausbeuterechechen Kapitalismus als Kultur schütze misst.

    Et ass letztendlech eng feig “anything goes” Mentalitéit, déi d’Ennerdréckung vun der Fra aus Konfliktangscht hinhellt a schéinried, déi léiwer déi eegen Errungenschaften vun der Opklärung an der Emanzipatioun iwwer Bord geheit, ewéi engem aner helleft, sech selwer z’emanzipéieren. An t’ass eben dat, wat d’Hirsi maache well, et well keng Migranten diskriminéieren, t’ass jo selwer eng – egal op an Holland, an den USA, oder wou och emmer – et well deenen vum Islam ennerdreckte Fraen hellefen, sech ze befreien.

  7. Ech denken datt emol gerad d’radikal Lénk versicht solidaresch mat illegaliseierten MigrantInnen ze sin an och am Fall fun der öffentlecher Rufmordkampagn géint d’Hirsi winnst sengen “Asylbetrug” stoung d’authetesch Lénk ob hirer Sait. An et gin duerchaus lénk Zesummenhäng déi sech géint islamistesch motivéiert Gewalt zur Wiir setzen an den Opfer hellefen.

    Et geet aus menger Siicht net drem islamistesch motivéiert Gewal an reaktionär Denkmusteren an “Traditiounen” wellen iergendwei ze verharmlosen mais just emol ze kucken datt d’Islamophobie net nach zousätzlech ugeheizt gett andems een alles akzeptéiert wat Riitsliberaler esou zum Beschten gin.

    Perséinlech mengen ech dat een gerad muss kucken d’Opfer fun patriarchaler an reléis-motivéierter Gewalt ze schützen. An do froen ech mech eben ob et eis wiirklech dorems goen soll duerch Verboter am Endeffekt just z’errechen datt Fraen fun Integristen just nemmen nach méi doheem agespart an ausgebeut gin.

    Ech mengen datt am Kampf géint Klerikalfaschismus em deen et sech jo am Endeffekt dréint ganz am Virdergrond stoen muss eis Grond-an Biirgerrechter net ze opferen an eben fir eng laizistesch an oppen Gesellschaft ze kämpfen. An dat heescht gleichzeiteg och alles ze maan fir Fraen déi ennerdréckt gin d’Méiglechkeet ze gin effektiv firun Gewalt geschützt ze gin. An dat fänkt schon domadder un eist Asylgesetz ze reforméieren an Fraen déi wnnst sexueller Gewalt fortlafen eng Perspketiv ze gin. Iwweregens as all 3. “Illegal” Fra aus Afrika schon ob hirer Flucht – gerad och fun Uniforméierten – vergewaltegt gin.

    Amplaz emmer méi am Sozialnetz ze spueren braichten gerad esou Fraen psycho-edukativ Ennerstetzung an effektiven perséinlechen Schutz.

  8. 100% d’accord, mee dat schéngt mer awer keng lénk mainstream Positioun ze sinn.

  9. Mee Manuel, dann nenn mer mol _lénk_ Islamkritiker, déi uschléissend vun der “Mainstream-Lénken” dofir kritiséiert gi sen? Daat gett do einfa néirens kloer, wellste do net konkret genug gess an d’Islamkritik nemmen an engem abstrakten Senn behandels, awer nie op lénk Islamkritik an hiert Verhältnis zur “Mainstream-Lénken” am Speziellen agehs.
    Dat eng Lénk sech awer net op d’Säit vum Hirsi ze stelle brauch, déi, trotz all dénger Begeeschterung fir hiert Buch, nun eemol eng rietsliberal Positioun vertrett, sollt awer kloer sen.

  10. Also d’Hirsi vertrettt menger Meenung no an deser Fro keng rietsliberal Positioun. Et vertrett éischter eng marxistesch emanzipatoresch Positioun – dat onofhängeg dovun, datt et déi Politik aus enger rietsiberaler Partei eraus bedriwen huet.

    Als Beispill hunn ech jo uewe schon déi däitsch Gréng genannt, An engem außepolitesche Kontext kann een lénk Positiounen zum Noostkonflikt nennen, déi oft un Eesäitegkeet kaum ze toppe sinn. Weider ennerschätzt d’Gauche mat hirer Nato-kritescher Haltung (déi ech zwar zum Deel deelen) oft d’Gefor, déi vun fundamentalisteschen Islamisten ausget. Zum Beispill am Fall vun den Taliban. Do ginn dann un dei geopolitesch Hannergrenn vum Weste geduert, et get awer net un d’geopolitesch Implikatioune geduert, déi en Truppenofzuch mat sech brenge géif, nämlech en Iwwerschwappen vum Talibanismus an de Pakistan bei déi grouss Bomm.
    Wat d’Integratiounspolitik a Fraerechter betrefft, do ass dem Claude säin Artikel eigentlech de beschte Beweis fir e e lénken Werterelativismus an dir Fro. En anert Beispill ass do an Däitschland d’Kontrovers em d’Necla Kelek gewiecht: http://www.zeit.de/2006/06/Petition an: http://www.zeit.de/online/2006/06/kelek_replik

    Am Endeffekt ass de Problem deen, datt d’Lenk dozou tendéiert net ze differenzéieren an deser Fro. Se ass därmoossen op Multikulti an d’Integratioun fokusséiert, datt se d’Risiken komplett ausblend.

    Eng sennvoll Positioun ass fir mech zB déi vunn der “kritischer Islamkonferenz” (do sinn och Lénker mat um Wierk): “Gegen Fremdenfeindlichkeit und reaktionäre Islamverteidigung” http://www.kritische-islamkonferenz.de

  11. Hei eng aktuell Ennerschrëftensammlung (aus fortschrettlech-lénken Kreeser) zum nämlechten Thema:
    http://www.kritiknetz.de/neo-faschismusundrassismus/648-gegenaufruf-gegen-das-pamphlet-rassisten-sind-eine-gefahr-nicht-muslime

  12. tiptip merci. Ech hunn an deem Kader elo souguer een Artikel fonnt, deen ech fir meng Aarbecht gebrauche kann :)

  13. Mat der Lénker stemmt sait langem schons villes net méi. Siehe Islam (virun allem punkto Fraen- an och Homorechter), mee och punkto Nahostkonflikt an Israel, wou een Claude Turmes sech bekanntlech op antizionisteschen/antisemiteschen Demonstratiounen niewt Hamasfändelen wichteg mécht (Ausnahm: déi soi-disant “Antidaitsch”.)

    Et ass schéin ze gesinn, datt och bei de Gréngen esoulues d´Leit wakreg ginn (well an daer Partei grasséiert bei munchen wirklech de schlemmsten Kulturrelativismus.)

    Als Teenager wuar ech stuarken Sympathisant vun den Gréngen, mee mat der Zait hunn ech einfach gemierkt wat do alles net stemmt (inklusive hirer erzkonservativer Ökorelioun, mee daat ass elo een ganz anert Thema). Wann elo een Emdenken zumindest bzgl. Islam asw. stattfennt, kann ech dat perséinlech nemmen begréissen.
    Derfir: Chapeau fir deen Text!

  14. merci

    zur Demonstratioun: ech fannen, datt een den eesäitegen Israel-Basher net sollt den Terrain iwwerloossen. (ech war och op dir Demo, an hu misste fortlaafen, well ech soss wahrscheinlech amok gelaf wier)

    zum Kulturrelativismus bei de Gréngen: an Däitschland ass dat effektiv ganz schlemm. Virun allem Leit wei Volker Beck, Claudia Roth a Ströbele vertrieden do Positiounen, déi wierklech op keng Kouhaut ginn. Mee ech mengen dat leit einfach dorun, datt si gewessen Argumentatiounsmuster, déi bei aneren Debatte richteg waren, elo blann iwwerhuelen. Dobäi kennt natierlech de Faktor Däitschland. Si géifen sech doud relativiéieren, ier se ee “Friemen” kritisiéiere géifen.

    Mee bon ennert deene Bedingungen ass et relativ schwiereg, eng kloer Positioun tescht Rassismus an Kulturrelativismus däitlech ze maan. An der Effentlechkeet get een emmer dem engen oder dem anere Lager zougedeelt.

    Bon ech hu mech elo relativ vill domat beschäftegt, an déi Ausféierungen, déi mir am beschte gefall hunn, sinn déi vum Mina Ahadi (Ich habe abgeschworen.) Et d’bréngt d’Saach vill besser op de Punkt ewéi zum Beispill Hirsi a Broder, et ass méi glafwierdeg, well et gläichzäiteg och emmer un d’Elend vum Chreschtentum erennert, a well et sech ganz kloer vu rassistesche Positiounen (zB Pro Köln) distanzéiert.

    Wann ech Zäit hunn, schreiwen ech deemnächst nach eng Kéier ppes méi ausféierleches zum Thema. (d’Burka-Debatt ass jo och nees amgaang)

  15. [...] hunn och serieux Reliounskritiker scho mol de Besoin formuléiert, eng progressiv speziell op “den Islam” gemënztem Kritik z’äusseren. An och wann dat secher net aus dem Näischt eraus kennt an och sou munch Kritik [...]

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Log Out / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Log Out / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Log Out / Ändern )

Verbinde mit %s

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.