De 17. Oktober am Affekt vun de kommunalwielereche Nowéihen huet d’Käerjenger LSAP ëm den Yves Cruchten eis Demokratie feierlech begruewen, dat nodeems anscheinend weder déi gréng nach d’BIGK an d’CSV mat him koaléiere wollten, obwuel seng Partei de lokale Wahlgewënner ass. De Wielerwëllen, sou heescht et, wier net respektéiert ginn. Dofir kéint een eis Demokratie dann och direkt begruewen. Och an anere Gemengen, zu Beetebuerg, zu Iechternach, zu Réiser asw gouf de Wielerwëllen anscheinend mat Féiss getrëppelt.
Wielers hire Wëllen
Mä wien ass dee Wielerwëllen iwwerhaapt a wat well e vun de Politiker? Bei deenen engen heescht et, de Wieler wéilt, datt déi stäerkst Partei regéiere misst. Bei deenen aneren heescht et, de Wieler wéilt, datt de relative Wahlgewënner onbedéngt am Regierungsboot sëtze misst. Fir béides gëtt et Argumenter, déi dofir schwätzen. Am Endeffekt ass dat awer näischt anescht ewéi Geschwätz, well sou eppes wéi ee Wielerwëllen mat Bléck op eng bestëmmte politesch Koalitioun gesäit eise politesche System zu Lëtzebuerg guer net fir. Wuel géif de Wieler och an dir Fro e Wëllen formuléieren, mä de System freet net dono. Eise Wahlsystem léist de Wieler Parteien a Binette wëllen, awer keng Koalitiounen. Nodeems de Wielerwëllen iwwert d’Präsenz vun de Parteien an de Binetten an den zukünftege Gemengeréit geuerteelt huet, ass et dann um Parteien- a Binettewëllen ze bestëmme, wien mat wiem koaléiert an iwwert d’Gemeng regéiere wäert. Den eenzege Kritäre, deen dobäi erfëllt muss ginn, ass eng Koalitioun vu mindestens 50%. vun de Sëtz.
Wien déi stäerkst Partei ass a wien de relative Wahlgewënner ass, dat spillt an eisem demokratesche Wahlsystem also keng entscheedend Roll. Et ass just ee vu ville Facteuren, déi d’Zesummesetzung vun enger Regierungskoalitioun bestëmme kënnen: nieft der Mathematik ass dat och d’politesch Programmatik an d’Fro, wéi eng Binetten mateneen kënnen a wëllen.
Dat alles kann een elo gutt oder schlecht fannen, mä eise System gesäit da nu mol sou fir. Amplaz eis Demokratie ze begruewen an iwwert e vermeintlech net erfëllte Wielerwëllen ze soueren, wier et also éischter ubruet, iwwert eise Wahlsystem nozedenken.
Mä emol dovun ofgesinn: wien zu Käerjeng beim Begriefnes genee hi gekuckt huet, dee konnt feststellen, datt de Sarg eidel wor. Eis Demokratie – an dat schéngt leider kaum een ze intresséieren – gouf nämlech net réischt de 17. Oktober, mä scho virum 9. Oktober, an och net feierlech begruewe, mä bei liewegem Leiw hannerhälteg ënnert engem grousse Stouss Zeitungspabeier verscharrt.
Trennung vu Partei an Zeitung
Datt eis Dageszeitungen parteipolitesch gebonne sinn, dat ass näischt neits. Nei ass awer vläit d‘Tatsaach, datt dës Medien dowéinst eng Gefor fir eis Demokratie duerstellen. Zumindest behaapten ech dat am Folgenden.
Et kéint ee jo mengen, datt de Medien speziell a Wahlkampfzäiten d’Verantwortung géigeniwwer der Gesellschaft an der Demokratie zoukënnt, de Wieler sou objektiv a neutral ewéi méiglech iwwert d’Parteien opzeklären, déi zur Wahl stinn. Wäit gefeelt! Gewëssen Dageszeitungen hu sech am Virfeld vun der Wahl lues awer sécher zu parteipolitesche Propagandainstrumenter entartet. Mat Informatioun an Opklärung hat dat guer näischt méi ze dinn, ëm sou méi dofir awer mat bewosster a systematescher Verzerrung vum politesche Wettbewerb.
Un dëser Stell sollt vläit gesot ginn, datt Journalisten duerchaus eng eege Meenung sollen formuléieren a publizéieren dierfen. Et ass och schwéier, fir keng ze hunn. Mä et besteet awer ee fundamentalen Ënnerscheed doran, ob een als Journalist eng politesch Positioun verdeedegt, déi dir vun enger bestëmmter Partei ähnlech ass, oder ob een eng bestëmmte Partei als solch strukturell privilegéiert, wéi et zu Lëtzebuerg a gewëssen Dageszeitunge Usus ass.
An deem Kontext stellt sech och d’Fro nom Verhältnis tëscht der Pressehëllef an der Parteiefinanzéierung: misst eng Zeitung, déi mat Steiergelder finanzéiert gëtt, net och un eng gewësse Fairness a parteipolitesch Neutralitéit gebonne sinn? Mir reegen eis zu Recht doriwwer op, datt mer mat eise Steiergelder beispillsweis eng kathoulesch Kierch finanzéieren mussen, déi Fraen an Homosexueller diskriminéiert. Mä misste mer eis dann net och emol doriwwer beschwéieren, datt mer mat eise Steiergelder Medienhaiser finanzéieren, déi de fairen demokratesche Wettbewerb torpedéieren?
Wann an engem Land, dat sech um Wee zur Demokratiséierung befënnt, esou Verhältnisser vu Wahlbeobachter oder auslännesche Medien registréiert ginn, dann ass vu politescher Korruptioun riets. Zu Lëtzebuerg awer schéngen déi Verhältnisser selbstverständlech. Wahlbeobachter hu mär hei jo keng, déi auslännesch Medien intresséieren sech net fir eis, an eis Politiker traue sech net, d’Journalisten ze kritiséieren, dëst an der (berechtegter?) Angscht, zukünfteg boykottéiert ze ginn.
Wëll de Wieler därmoosse vun der Press manipuléiert ginn?
Zréck zum Wielerwëllen: Soulaang wei mer kee faire politesche Wettbewerb hunn, ass et zimlech irrelevant, op de Wielerwëllen richteg oder falsch interpretéiert gëtt. Wann elo an der Chamber iwwert eise Wahlsystem debattéiert gëtt, da muss dofir och dréngend iwwert de Rôle vun de Medien an eiser Gesellschaft diskutéiert ginn, virun allem a Wahlkampfzäiten. Et gëtt héich Zäit fir d’Trennung vu Partei an Zeitung!
Abgelegt unter: Gesellschaft, Politik




Fairerweis muss een jo präziséieren, dass de Bistum (Saint-Paul) net d’CSV ass an den OGBL (Editpress) net d’LSAP ass. Ech sinn awer d’accord, dass et een Problem gëtt.
Eng Fro, déi ech mer nach stellen ass, wéi e Journalist seng Aarbecht well anstänneg maachen, wann en gläichzäiteg Kandidat an de Wahlen ass. De Laurent Zeimet oder de Gusty Graas sinn do Beispiller, et gëtt awer nach vill méi.
Eng Méiglechkeet fir de Problem an de Greff ze kréien, wier der Zeitung ze verbidden hierer Partei besonnesch Konditiounen fir Annoncen an Bäilagen ze offréieren.
Klengen Witz zum Schluss (passt op dës Säit): Et misst eigentlech Trennung vun Partei, Kierch an Zeitung heeschen …
Zalü Manuel,
et ass Schued datts du de 17. Oktober net op Käerjeng komm bass a gelauschtert hues ëm wat et do wierklech gaangen ass. Do ass et nämlech manner ëm de soug. “Wielerwëlle” gaang, mee vill méi goufe sech Froe gestallt iwwert eise Wahlsystem a méi genee iwwert eist Wahlgesetz.
Ech hat gehofft DU giffs alt wéinstens esou Saache méi objektiv analyséieren… schued…
Salut Yves,
Ech hu mech a menger Analyse op dat bezunn, wat d’Initiatore vum “Begriefness” ugekennegt hunn:
“Die Trauerfeier, anlässlich der Allianz von CSV-BIGK & Déi Gréng entgegen den Wählerwillen in der Gemeinde Käerjeng findet am Montag, den 17. Oktober 2011 statt. Die Zeremonie beginnt um 19.00 Uhr bei der Hall 75 in Bascharage.”
Näischt anescht hunn ech behaapt. Ech hu Käerjeng och just als Beispill erfirgehuewen, well d’Empörung do méi fervent wor ewéi an aneren Uertschaften. Ech denken och, datt awer kloer erauszeliesen ass, datt et mer net em Käerjeng geet, mä em déi Diskussiounen am Allgemengen, an datt ech eben déi net emol als den zentrale Probleem gesinn, och wann e Nodenken iwwert eise Wahlsystem secher net falsch ass.
Salut Laurent,
Jo, datt et keng reng Parteizeitunge sinn, dat ass jo kloer (vläit mat der Ausnahm vun der ZLV), mä fir mech gouf an desem Wahlkampf eng gewesse Schmäerzgrenz iwwerschratt.
Et sinn och net just d’Annoncen, mä och ganz subtil Berichterstattungen, wou negativ Aspekt vun der eegener Partei dezent ignoréiert ginn, an dei vun anre Parteien künstlech opgebauscht – an emgedréit fir déi positiv Aspekter…
Datt ee gläichzäiteg Journalist a Kandidat ass, dat as natierlech och problematesch. Usech misst dat eng Incompatibilitéit sinn.