PRËNZENHOCHZÄIT

Léift Lëtzebuerg,

Et deet mer leed, mä ech halen et net méi an. Ech kommen direkt zum Punkt, well fir en Intro feele mer d’Wieder. Den 20. Oktober dëst Joer feiere mer eng Prënzenhochzäit. Ech sinn deen Dag glécklecherweis net am Land, well ech eng Wäinfoire besiche muss. Besiche muss, well ech genuch Stoff brauch, fir eis (politesch) Kultur laangfristeg erdroen ze kënnen, respektiv fir se net bei vollem Bewosstsinn matkréien ze mussen. Dës Wieder riskéieren elo e bëssen iwwerzunn ze klengen, anerer sti mer de Moment awer leider net zur Verfügung. Vläit geléngt mer zu engem spéideren Zäitpunkt eng méi staatsmännesch Approche.

Säit gefillt engem Joer leeft elo de Countdown bis zum Hochzäitsdag. Ech freeë mech fir de Guy an d’Steffi, éierlech. Wa Leit sech fannen a glécklech zesumme sinn, dann ass dat eng fäi Saach. A wann sech dann och nach grad e Prënz an eng Prinzessin verléiwen, gläichzäiteg hien an hatt an hatt an hien, dann ass dat – well e groussen Zoufall – extra schéin, … oder net? Egal. Doriwwer eraus géif mech déi Hochzäit awer elo net wierklech méi intresséieren ewéi  déi vum Laurent a vum Yvonne, well ech weder déi eng nach déi aner Koppel kennen… Wann dann net grad dee fuerchtbar aggressiven an opdrängleche Medienhype ëm déi Hochzäit stattfanne géif.

Eng normalerweis intelligent a fortschrëttlech denkend Persoun huet mer kierzlech gesot: “Manuel, vergiess dee Match, dee kanns de just verléieren. Nerv léiwer d’Pafe weider. D’Lëtzebuerger sinn sou domm, déi brauchen deen Theater.”  Ech géif mech jo wierklech ganz gären net domat beschäftegen an et vill léiwer ignoréieren, wat sécherlech déi sënnvollst Approche wier, mä et ass mëttlerweil physikalesch net méi méiglech, sech informéieren ze wëllen, ouni eppes vun där Hochzäit matzekréien. Mir sinn op engem Punkt ukomm, wou deen inszenéierte grenzdebile Monarchie-Firlefanz einfach net méi erträglech ass. Mä et seet einfach keen eppes!

Wou bleift dem Nico Graf säi bëssege Commentaire?! A wéi ass et méiglech, datt en (oder den) Spëtzepolitiker vun der Demokratescher Partei am “Staatsfernseh” zum Beschte gëtt, datt him e Monarch awer vill léiwer ass ewéi en demokratesch gewielte Präsident, ouni datt dat kommentéiert gëtt? Wéi ass et méiglech, datt d’Monarchie am Tageblatt-Leitartikel verharmlost gëtt, wou sech soss mat verbal geballter Fauscht géint d’Grousskapital an aner Ongerechtegkeete revoltéiert gëtt? Wou bleiwt iwwerhaapt emol e kriteschen Artikel iwwert d’Monarchie? Mär hu grad aner Problemer, ech weess: d’Cargolux, de Budget, den ESM etc. An als Trouscht kréie mer elo e Mäerche verzielt…

Mä elo mol zum eigentleche Punkt: Datt déi Madame Lannoy elo Lëtzebuergerin gëtt, dat ass mer usech pupegal. A bei deem Budget, deen den Här Frieden eis servéiert huet, kënnt et wierklech och net méi op déi puer Euroen un, déi eis déi Hochzäit kaschte wäert. Et geet usech ëm eppes ganz anescht. Et geet ëm mech! Ech sinn e Bierger vun engem Staat, e sougenannte Staatsbierger. Ech sinn ee vu villen, an zesumme bilde mer de Staat. Eise Staat huet e Chef, e sougenannte Staatschef. Deen huet bei eis zwar net vill ze soen, mä e representéiert awer eise Staat, also och mech als Staatsbierger, no bannen a no baussen. Ech gouf awer net gefrot, ob ech domat d’accord wier. Och soss ass kee gefrot ginn. Dach, viru gläich 100 Joer goufen déi deemoleg Staatsbierger gefrot, ob se mat hirem deemolege Staatschef averstan wieren. Mä weder den deemolege Staatschef nach déi deemoleg Staatsbierger liewen haut nach, sou datt dat konsequenterweis och haut kaum nach Gültegkeet kann hunn. Aus deem Gronn wier et aus Legitimatiounsgrënn eng fäi Saach, wann mer als Staatsbierger heiansdo iwwert eise Staatschef befannen dierften. Oder an anere Wieder:

Léif Politiker, et gëtt kee Gronn, wisou d’demokratesch Spillregele grad virun der symbolescher Vertriedung vun engem Land halt maache sollen. Kënne mer net einfach higoen an all 10 Joer ee Referendum iwwert d’Monarchie virgesin, sou datt déijéineg, déi léiwer en demokratesch legitiméierte Staatschef wëllen, wéinstens eng fair Méiglechkeet hätten, fir hire Standpunkt an engem unerkannten demokratesche Prozess ze manifestéieren? Ass dat am 21. Jhd. wierklech ze vill verlaang? Oder sinn eis “reng symbolesch” Prënzen tatsächlech därmoosse wichteg, fir an Arabien wirtschaftlech Dieren opzemaachen? – wéi et den Här Krecké eemol sot. A wann eis Prënzen effektiv ee Wirtschaftsfaktor sinn, kann een dann iwwerhaapt nach vun enger reng symbolescher Monarchie schwätzen? Ech denken net. An deem Fall wier d’Monarchie ee Wirtschaftsfaktor, dee Bezéiungen zu Länner fördert, wou Mënscherechter deels ganz kleng geschriwwe ginn, an de Begrëff Fraerechter mol net buschtawéiert ka ginn. Vu renger Symbolik a politescher Neutralitéit also keng Spuer! Mä dat ass alles schäissegal, well den 20. Oktober ass Prënzenhochzäit! PRËNZENHOCHZÄIT! Ech schreiwen et nach eng Kéier: PRËNZENHOCHZÄIT!

An de Medie fënnt ee keng Spuer vu Kritik. Iwwerall déi selwecht Artikelen, Interviewen a Grinsfotoen. Et kéint ee mengen, d’Press hätt e Maulkuerf verpasst kritt an d’Pressehëllef wier ofhängeg gemat ginn vun enger propagandistescher Berichterstattung. Et bleift eigentlech just nach eng Fro ze klären: wéie Pressehaus kritt d’Exklusivrechter fir de Liveticker zur Hochzäitsnuecht?

About these ads

33 Antworten zu PRËNZENHOCHZÄIT

  1. Manuel, wann et dech net intresséiert, da befaass dech net domat.

  2. fir waat esou vill wieder iwwert eppes wat én esou wie sou net énere kann

  3. Maximillion

    du hues esou recht! an et missten vill mei leit sech dogeint manifesteiaren! waat soll deen mettelalterleschen blödsinn iwwerhaapt nach!!??

  4. besser hätt een et net kennen soen, ech sin schon lang der Meenung dass et alles Quatsch ass, eng Demokratie duer geet an den Recht eis suwisu nemen suen kascht.

  5. Manuel, ech ginn der 100% Recht.

    Besonnesch schlëmm fannen ech d’Positioun vum Bettel: Hie fënnt et gudd, datt gewësse Persounen (den Groussherzog a seng Famill) Privilegien hun, déi aner net hunn! Wann dat säin allgemengt Demokratieverständnis ass, da kënne mer eis jo nach op Munches gefaasst man.

    Dat d’Press fatzeg ënner Drock steet, deen Androck hun ech och! Ech hu bei RTL dräimol dee selwechte kritische Kommentar gepost, deen eréischt bei däer drëtte Kéier durchgaang ass. Bei denen zwee éischten Artikelen waren nëmmen – ganz wéineg – positiv Kommentaren.

    Dee ganzen Hype kann awer och gewalteg no hannen lass goen. Ech gleewen einfach net dass d’Lëtzebuerger esou iwwerzeegt Monarchisten sinn. An si loossen sech scho guer net gäre soen, wéini dass se dann elo begeeschtert ze sinn hunn an wéini net. Dofir géing et mech guer net wonneren, wa kaum e Mënsch sech bei all deene Feierlechkeete weise géif.

  6. Salut du hues recht mee firwat gin ma net op stross an man mol sou wei dei.anner länner lo mussen mir spueren ok keen problem mee wat ass mam tram mam.velodrom.asw. sie hallen jo drun fest dass ma dei saachen brauchen MEE mir mussen jo spueren !!!!

  7. Manuel, du hues mir aus dem Härz geschwaat an ech bejoen all Wuert. Wann mei’ Leit gei’fen ophaalen ze schwätzen wei’ “blaschette” giefen mer vleit eppes durchsetzen.

  8. Et geet guer net em d’Hochzäit, gell? Et geet em d’Ofschafe vun der Monarchie, gell? Gudden Trick… :-D

  9. Andy Doffing

    Lièw Leit.
    Vergreift ärch nètt un der “Famille” well soss kann ètt ärch ergoen wie dem Albert Wingert, aawer daat wèssen die mäscht nètt, an d’Geschicht verschweigt ètt:
    Deen Mann woar aktiven Résinstenzler ( ALWERAJE ) haat den Pech vun den Preisen erwèscht ze ginn, an ann d’Kazett ze kommen. Aawer d’Glèck Daat ze iewerlièwen. An doh ? Jo Richteg hien wollt d’Monarchie, an nach aaner Leit zur Rechenschaft zièhen, well sie d’Land 1940-1944 am Stach geloos hunn. An den Mann koum dann doh erèm an den Prisong, mais hei zu Letzebuerg.
    Den Herr Wingert woar Schoulmäschter, an huett, ausser eben der Deitschstonn, nèmmen mieh nach just opp Fransièch seng Klassen gehaalen, esou d’letzebuerger Sprooch woar him een Daar am Aah.
    Nach Froen ?
    PS. ALWERAJE woar d’Oofkierzung vun der Viernimm, vun deenen offiziellen Aktiven vum Grupp, den JE woar mein Monny.
    Aender

  10. Yannick Schumacher

    Ass een ganzen gudden Ufank! Mee lo Aktion!! Well an 11 Deeg ass et well sou weit!! Wei wier et mat enger klenger Aktioun virun der Staater Gemeng oder der Kathedral??

  11. wann alt net mol den MH de Käer vun der Geschicht matkritt, nämlech datt dee ganzen Tamtam iwwert Hochzait-Deier-AAAH-Nationalitéit-Drama dozou déngt datt jidfereen agelullt as vun ooh wi schéin as et dach wa Leit bestued gin bezéihungsweis beschäftegt as mat ooh nee daat geet lo net datt d’Steffi direkt di Letzebuerger Nationalitéit kritt etc etc, an doriwwer di richteg krass Saachen net matkritt di hei an der Politik laafen, dann as och kengem ze hellefen. Weist just datt de Manuel, enttäuschenderweis, genausou een Scheiklappenträger as wi di grouss Majoritéit am Land och. Fennt heen d’Monarchie ondemokratesch? Ma da sollt hee vlaicht de rezente Projet de loi 6475 liesen. Do geet et em Schweigepflicht Ophiewungen (deemno Agräifen an d’Privatsphär) a Krisesituatiounen. Krisesituatioun as an all Antiterror/Staatsschutz Legislatioun natierlech net definéiert a kann je no Bedarf sou wait ausgeluegt gin wi et da grad passt. An aanere Wieder, houscht dem Junker op den Teller an dann däerf och däin Dokter gezwonge hin fir déng medizinesch Daten weiderzegin. Mee hey, daat liest jo keen, an iwwerhaapt d’as jo géint den Terrorismus, da muss et jo gudd sin.

  12. dupong chsnatal

    ech sinn vollkommen denger mehnung.merci.

  13. Ween d’Medielandschaft ännere wëll, sollt eppes dofir maachen. Et ginn genuch Medien zu Lëtzebuerg, déi wichteg Diskuren ustoussen, zum Beispill de Forum iwwert Verfassung. Wien sech domadder zefridde gëtt, e bëssen iwwert rtl, st.paul an editpress ze maulen, ass selwer Schold, wann sech näischt ännert. An aner, “alternativ” Medien an esou engem Artikel net emol ze ernimmen ass jo och immens.
    Wann déi 13 Leit déi hei kommentéiert hunn géifen Medien wéi d’Woxx, de Forum, den ARA, etc. ënnerstëtzen an hiert Emfeld dorobber opmierksam géife maache, géif sech eppes änneren, well déi grouss Medien sécher séier nozéien. Also: Wéi wier et mol domadder, den Tageblatt-Abo ze kënnegen an eng aner Zeitung ze abonnéieren?

  14. Merci alleguer fir d’Kommentéieren an d’Verbreeden! Den Artikel gouf a 24 Stonnen 2.828 mol geklickt. T’ass flott ze wëssen, datt ech net alleng do sti ma menger Meenung! :-)

  15. Andy Doffing

    @Manuel. Leider ännert daat neisch, well fier d’Feier sinn se all um Dill, matt Roud-Wais-Bloh Fuendelen, an ètt gètt hart, ganz hart VIVE geruff. D’Geschicht wiederhèllt sèch. D’Fuessvollek ass eben nètt ze änneren.
    @Joel Ett ass nètt d’Medienlandschaft die Schold um Misère ass. Do kann jo Jiddereen och tèschend den Zeilen lièsen.
    Aender

  16. Nodems Lëtzebuerg op politeschem (dozou zielen ech de Fakt dass et bei eis nach eng funktionéirend Monarchie gëtt) net méi fir denkend Mënschen ze bidden huet, wäert d’Land selwer eemol dorunner ze Gronn goen, dass vill (jonk) Mënschen déi sech op méi aloosse wëllen wéi Stammdëschgeschwätz zwousch aanescht e sënnvollt Liewe wäerte sichen. Ech kéint soen dass mer dat leed deet, mais dat mécht et net. Sëcherlech stëmmen ech dir zou bei dem wats de sees, mais ech denke mer oft dass et esou vill un dësem Land ze ännere gëtt, an dozou gehéiert eng schappeg Presselandschaft mat ganz, ganz wéineg eescht-zehuelenden Ausnahmen. Et mécht ee leider a Lëtzebuerg net zu engem ‘bessere’ Bierger d’Woxx am Plaz vum Wort ze liesen. Just ë bësse manner domm. An dorobber brauch een net stolz ze sinn an dat geet och net duer.

  17. Et gouf virun 20 Joer just een eenzegen Radiossender zu Lëtzebuerg. Vläit sinn ech ze optimistesch, vläit hues du Recht, Céline. Ech géif et Schued fannen. (Net, well ech dir ongär géif Recht ginn, mä well ech dat ongär géif gesinn.) Ech denken dat een méi un Géigenëffentlechkeet eppes “guddes” kéint bewierken, net nëmmen fir den Eenzelnen.

  18. Rosa Luxemburg

    Wat ech virun allem net verstinn, dat ass firwat ni ernimmt gëtt, datt eise Prënz schwul an d’Hochzäit fake ass.

  19. Salut, Manuel, ech kommen elo mat enger vlaït ze spontaner an onrealistescher Idee op. Mee wéi waer et wann mer géifen vun dem Medienrummel profitéieren andeems mer hinnen e bessen méi opdränglech and Bild sprangen an eis als getarnten Monarchie Unhänger ausgin déi awer eng ganz onnerwaarten Meenung vertrieden. Ech denken un sou eng aart flashmop mat engem sit-in virun der Kathedral… keng Ahnung wéi dat do mat den Secherheetsmoosnahmen ass, mee ech huelen un dat verschidden Plaazen dem Vollék fräigehaalen gin fir ze aafen an mam Fändel ze wénken… Wéi waer et dann wann genuch Leit op denen Plaazen mat aaneren Saachen wénken, Plakaten an sou weider wou eis Meenung drop vertrueden ass.
    sorry ech kann ken lëtzebuergesch méi an ech konnt et och na ni schreiwen, mee bon. Ech sin nie oft an nie laang am Land, muss rem zréck op d’Uni, mee sin prett den 20.10 eremzekommen fir e beesen Bordell ze maachen….

    Bescht Gréiss

    Line WIES

  20. Knouterkett

    Wat en Zirkus géint eng Prënzenhochzäit! Virwat déi Leit, denen dat gefällt, beleidegen? Ech freeë méch och drop a ginn dofir “domm” genannt. Wat ass dorun demokratesch??
    Wéi viru Joeren den Tour de France zu Lëtzebuerg fortgefuer ass, konnt méng Kusinn net schaffe goen, well dee Bus fir op séng Aarbecht annulléiert war. Et huet keen Auto an huet missen en Dag Congé huelen, deen et net bezuelt an och net ërëm krut. All déi Demokraten hunn dat selbstverständléch fonnt…….!?

  21. Merci Manuel, hat schon gemengt eis ganz Press wier komplett debil gin. Merci fier dee Liichtbleck!

  22. Richteg Knouterkett!
    Manuel, Line, Mia…: wann et iech net interesseiert, dann losst dei aner Leit dei sech dofier interesseieren feieren.
    Et ass net well dier dogeint sidd dass jiddereen dergeint ass.

  23. Hud dir all keng aaner Problemer wei iech vun riets a vu lenks, vun uewen a vun ennen a vun allen soss nach Saiten mat der Hochzait do ze beschäftegen ?????

  24. et geet net nemmen em déi Hochzaït, et gett em den Prinzip dat maer hei an Lëtzebuerg eng representativ Monarchie sin, déi Monarchie di maer deelweis duerch eis Steieren ennerhaalen an fir déi mer nie gefrot gesin(ausser virun 100 Joer) op mer se iwwerhaapt wellen.
    Et ass eng symbolesch Saach. Waat ass d’Legitimitéit vun enger Monarchie? Se existéiert anschéinend “par la grâce de dieu” mee sorry un dat gleewen ech leider net. Mat wat hänkt also d’Monarchie zesummen? mat der Kierch! an zwar fest. Mengetwegen kann jiddfereen gleewen un wat en well, mee an enger Demokratie zielen rational Reegelen. An ech als Fraa, fillen mech an dem letzebuergeschen System ewéi am Mëttelalter, wéi steet mam Ofdreiwungsgesetz? Dat een e Recht op Kanner huet ass jo an der Rei, mee ech wéilt awer och en Recht hun keng Kanner ze wellen, wann den Moment net passt. Wou béi ech muss soen dat an aaneren Laenner di sougenannten demokratesch Republiken sin, grad esou groussen Medienfirlefanz herrscht wann do en Präsident(IN) sech bestied, mee mengen awer nach dat den Präsident dem Vollek méi belleg ze stoen kennt ewéi eist Kinnegshaus. Wann se wellen Hochzaït feieren keen Problem wann se wellen d’Vollék matfeieren loossenn, keen Problem. Just se sollen et selwer bezuelen an et kann net sin dat Geméng Lëtzebuerg do baïleet. Wann se wëllen dem Vollék eng Freed man dann op hier Käschten w.e.g! An ennert deser Conditioun hun ech och Loscht matzefeieren…

    Line

  25. Gusty Gufler

    Dann kommt mer wielen dach all 5 Joer en Staatspresident. Dann hun mer weinstens regelmässeg Onkäschten dei iwerflësseg sin. An net nemmen all 30 Joer wann en Ierwgrossherzog bestued get!
    Vive d’Monarchie.

  26. Eng gutt Iddi, Gusty, awer dat ass och keng Léisung, well da musse mer all méi grouss Bréifkëschten uschaafe fir de Kandidaten hieren Egotrip ze bewältegen.

  27. Mir brauche weder e Groussherzog nach e Präsident. Déi Funktioun as e Relikt aus monarcheschen Zäiten a wéi d’Situatioun de Moment beweist absolut iwwerflësseg. D’repräsentativ Aufgaben kënne vum Staatsminister oder eenzelne Ministeren iwwerholl ginn, déi si jo esouwéisou ëmmer dobäi. D’Gesetzer ënnerschreiwe kéint z.B. de Chamberpräsident. Esou géifen da wierklech Sue gespuert ginn.

  28. Dat Interessant ass wuel dass vill Lamentéiert gëtt awer deen eenzege “Action”-post ignoréiert gëtt.

    Jo et ass naass, jo et ass kal, mä fir Fräiheeten soll een eraus goen, op d’Strooss, zäitgläich mam Zinglabumm.

    A wann eng KriteschMass erreecht ass, dann a nëmmen dann, huet d’Press keng aner wiel wéi och déi puer komesch do am Reen ze Interviewen.

    Dëse Problem huet näischt mat Lëtzebuerg ze dinn. Mä am Wuelstand wou jiddereen deen hei ge-post huet, lieft. De Mënsch ass eben esou.

    Maja, ëm wéi vill Auer treffen mer eis de Samschden bei der Kathedral?

    D’Wieder ass och Gutt: http://news.rtl.lu/themen/guillaume_stephanie/330297.html

    Shopping in Luxembourg… Good Idea #Fricmaschinn

  29. Ech fannen, déi beschten Aktioun ass guer keng Aktioun! Fräi nom Motto: “Stell dir vor, es ist Hochzeit, und keiner geht hin.”

  30. Et wier jo och e Witz, Suën auszeginn (Benzin, Parking….) fir dogéint protestéieren ze goën, datt de Staat Suën ausgëtt…

  31. Pingback: PRËNZENHOCHZÄIT – D’Evakuéierung « Mol Sonn, mol Reen

  32. Pingback: D’Salle-à-manger | Franz Fayot

  33. Pingback: D’Salle-à-manger » Franz Fayot

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s